Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Tierkei - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Tierkei

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Türkiye Cumhuriyeti

Tierkesche Fändel

Tierkescht Emblem

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Tierkesch
Haaptstad: Ankara
Staatsform: Republik
 • President: Abdullah Gül
 • Premierminister: Recep Tayyip Erdoğan
Fläch: 783 562 [1] km²
 • Dovu Waasser: 1,3 %
Bevëlkerung: 71 152 000 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 90,8/km²
Onofhängegkeet: vum Osmanesche Räich
29. Oktober 1923 (Deklaratioun vun der Republik)
Nationalfeierdag: 29. Oktober
Nationalhymn: İstiklâl Marşı
Lauschteren
Währung: Yeni Türk Lirası
Internet TLD: .tr
International Virwahl: +90

D' Republik Tierkei (tierkesch: Türkiye Cumhuriyeti) ass e Staat an Eurasien. D'Land läit fir de gréissten Deel um asiatesche Kontinent, nëmmen eng 3% vum Staatsgebitt gehéiere geographesch zu Europa. Déi modern Tierkei ass den Nofolgerstaat vum Osmanesche Räich a goung nom Éischte Weltkrich aus dësem ervir. D'Tierkei ass eng laizistesch Republik. De Laizismus geet op de Staatsgrënner Mustafa Kemal Atatürk zeréck. Den Atatürk hat Wëlles d'Tierkei gesellschaftlech a politesch dem europäesche Virbild no ze reforméieren an ze moderniséieren.

Den 3. Oktober 2005 hunn déi offiziell Négociatiounen tëscht der Tierkei an der EU fir de Bäitrëtt zu der Unioun ugefaangen.

Ankara, no Istanbul déi zweetgréisst tierkesch Stad, ass d'Haaptstad vun der Republik.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Anatolien (Asia Minor), d'Landmass vun der haiteger Tierkei, war de Spillball vu villen Zivilisatiounen a Kinnekräicher an der Antikitéit. D'Seljuk-Tierke waren déi éischt tierkesch Forcen déi am 11. Joerhonnert als Eruewerer koumen, an déi sech no an no d'Byzantinescht Räich mat senger griichescher Populatioun a Kultur averläift huet.

[Änneren] Fréi Besiidlung vun Anatolien

[Änneren] D'Zäit vum Osmanesche Räich

[Änneren] Opstig (13.-17. Joerhonnert)

[Änneren] Niddergank a Jongtierkentum

[Änneren] Éischte Weltkrich an de Genozid un den Armenier an Aramäer

[Änneren] Grënnung vun der tierkescher Republik duerch den Atatürk

[Änneren] Zäit no der Atatürk-Ära

[Änneren] Geographie

Bosporus Bréck zu Istanbul (mat drote Seeler vun der Arbed gebaut)
Bosporus Bréck zu Istanbul (mat drote Seeler vun der Arbed gebaut)

Dee gréissten Deel vum tierkesche Staatsgebitt läit mat ca. 97 % op dem asiatesche Kontinent. Nëmmen 3% vun der Gesamtfläch (23.623 km²) sinn op dem europäesche Kontinent. Den asiatesche Landesdeel gëtt als Anatolien bezeechent an den europäeschen Deel als Thrakien.

D'Tierkei huet aacht Nopeschlänner: Bulgarien am Nordwesten, Griicheland am Westen, Georgien am Nordosten, Armenien, Aserbaidschan an den Iran am Osten, den Irak a Syrien am Südosten. D'Land huet am Süde Küsten zum Mëttelmier an am Norden zu dem Schwaarze Mier.

[Änneren] Klima

D'Klima an der Tierkei kann als temperéiert bezeechent ginn, mat waarmen, dréchene Summeren a mat mëllen, naasse Wanteren. Bannen am Land sinn déi klimatesch Bedingungen awer dacks vill méi rau.

[Änneren] Politik

D'Tierkei ass eng parlamentaresch Republik. De President gëtt vun der Nationalversammlung fir e Mandat vu 7 Joer gewielt. De President ernennt de Premierminister.

De legislative Pouvoir läit an den Hänn vu 550 Deputéierten, déi all 5 Joer frësch gewielt ginn. Zënter 1946 gëtt et e Méiparteiesystem. Am tierkesche Parteiesystem gouf a gëtt et vill Verännerungen, beispillsweis duerch Verbueter vu Parteien duerch d'Verfaassungsgeriicht, haaptsächlech vun islamistesche Parteien. Zër Zäit gëtt et an der Tierkei 9 Parteien: DYP (konservativ), FP (islamistesch), HADEP (kurdesch Vollekspartei), MHP (nationalistesch), ÖDP (sozialistesch), ANAP (rietsliberal), CHP (lénksnationalistesch), DSP (lénksnationalistesch), AKP (gemiessegt islamistesch-konservativ). Aus deene leschte Walen ass d'AKP als stäerkste Kraaft ervirgaangen, mat 34,4% vun de Stëmmen, wat hir awer no dem tierkesche Walsystem 3/4 vun alle Parlamentssëtz abruecht huet (fir Verfaassungsännerunge brauch een eng 3/4 Majoritéit).

D'Tierkei sicht als Memberstaat an d'Europäesch Unioun eranzekommen. Den 3. Oktober 2005 sinn d'Debate mat der Tierkei iwwert esou en EU-Bäitrëtt ugaangen, den 11. Dezember 2006 sinn awer 8 vu 35 Verhandlungsberäicher nees op Äis geluet ginn, well d'Tierkei hiert Versprieche gebrach huet fir seng Häfen a Fluchhäfe fir Zypern opzemaachen. Formell ass den Ausgank vun esou Verhandlungen nach op, well Viraussetzung fir en EU-Bäitrëtt sinn d'Fortsetzung vun de just ugefaangene Reformen, eng radikal Verbesserung vun der Mënscherechtssituation, d'Agestoe vum Vëlkermuerd un den Armernier an d'Ënnerschreiwe vun engem Ofkommen iwwert eng Zollunioun mat den 10 neien EU-Memberstaaten, dorënner och d'rout Duch Zypern.

[Änneren] Politesch Konflikter

[Änneren] Doudesstrof a Folterungen

[Änneren] Kurdekonflikt

[Änneren] Zypernkonflikt

[Änneren] Verwaltung

D'Regionalverwaltung ass an der Tierkei an 81 Provënzen ënnerdeelt, déi alleguerten duerch e Gouverneur (Vali) verwalt ginn. Déi eenzel Provënze si weider an eenzel Bezierker a Gemengen ënnerdeelt. D'Bezierker gi vun engem Kaymakam geleet, dee vum Innenminister ernannt gëtt. D'Buergermeeschter an Duerfcheffe gi vum Vollek gewielt. D'Autonomie op den ënneschten Niveaue gëtt ënner anerem duerch d'Feele vun eegene Geldquellen ageschränkt.

[Änneren] Economie

2002 huet d'Tierkei eng ganz grave economesch Kris matgemat. No enger Inflatioun vun ongeféier 50% huet ee méi wéi eng Millioun tierkesch Liras misse gi fir een eenzegen Euro. Den 1. Januar 2005 huet dofir déi nei tierkesch Lira (Yeni Türk Lirası) agefouert misse ginn. D'Inflatioun ass op 9,8% erofgaangen. D'Tierkei huet awer ëmmer nach Krämpes déi vill Schwaarzaarbecht an de Schwaarzhandel an de Grëff ze kréien. En anere Problem bleift den agraresch strukturéierten a manner entwéckelten Osten, wou ronn 40% vun den Aarbechtskräfte gebonne sinn.

  • BIP: 409,7 Milliarden USD (dat ass knapps d'Halschent vum BIP vu Mexiko)
  • BIP / Awunner: 6.094 USD (z. Verglach: Portugal läit bei 17.900 USD a Polen bei 12.000 USD)
  • Recherche an Développement, a Prozent vum BIP: 0,64 %

[Änneren] Demographie

Zënter der Republikgrënnung am Joer 1923 ass d'Bevëlkerung vun der Tierkei séier gewuess. 1927 hunn an der Tierkei knapps 14 Millioune Mënsche gelieft, 2003 waren et der scho 70 Milliounen.

[Änneren] Verkéier

D'Stroossen an der Tierkei hunn eng Längt vun insgesamt 413.724 km. Dovunner sinn 62.000 km Landstroossen, 350.000 km sougenannten Duerfstroossen an 1.800 km Autobunn.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Militär

D'Tierkei huet déi drëttgréissten Arméi vun der Welt. De Militärbudget loung 2003 bei 12,1 Mrd. USD, dozou kommen nach Opwendungen, déi net am Budget ugi ginn. Dat sinn domadder méi wéi 5% vum Bruttosozialprodukt.

2001 gouf et beim tierkeschen Militär 514.850 Zaldoten. Dovunner sinn 391.000 Zaldoten Wehrpflichteger. Dozou kommen nach 180.000 Mann vun der Gendarmerie. D'Zuel vun de Reservisten an den Land-, Loft- a Séisträitkräfte bedréit 378.700 Zaldoten.

D'Landsträitkräften hu 402.000 Mann ënnert Waffen a si mat 4206 Kampfpanzer, 4859 gepanzerte Gefierer, iwwert 2000 Artillerie-Geschützen, 40 Kampfhelikopter a 422 Helikopter ausstafféiert.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Source: UNO 2004
  2. Bevëlkerungszuel fir 2004, Source: UNO 2004
    Bei der leschter Vollekszielung, den 22. Oktober 2000 goufen 67 803 927 Leit gezielt. [1]

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Tierkei – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Um Spaweck


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com