Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
2005 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

2005

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert

2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010


Dës Säit befaasst sech mam Joer 2005.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Evenementer

  • D'Joer 2005 ass vun der Generalversammlung vun der UNO zum Weltjoer vun der Physik erklärt ginn.

[Änneren] Europa

  • 23. Januar: De Wiktor Juschtschenko gëtt drëtte President vun der Ukraine.
  • 8. Februar: An Dänemark gëtt bei Parlamentswahlen d'Mëtt-Riets-Regierungskoalition vum Anders Fogh Rasmussen confirméiert.
  • 20. Februar: Parlamentswahlen a Portugal.
  • 12. Mäerz: De José Sócrates gëtt Premierminister a Portugal.
  • 19. Abrëll: Ufank vum Pontifikat vum Joseph Ratzinger als Benoît XVI.
  • 25. Abrëll: Rumänien a Bulgarien ënnerschreiwen de Bäitrëttstraité zu der Europäescher Unioun.
  • 25. Abrëll: De Jiří Paroubek gëtt neien tschechesche Ministerpresident.
  • 5. Mee: De Premierminister Tony Blair gewënnt mat senger Labour Party d'Parlamentswahlen a Groussbritannien.
  • 29. Mee: D'Fransouse soen an engem Referendum zu 54,86% "non" zum Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa.
  • 31. Mee: Den Dominique de Villepin gëtt neie franséische Premierminister.
  • 1. Juni: Och an Holland gëtt an engem Referendum géint den Traité iwwert eng europäesch Constitutioun gestëmmt.
  • 7. Juli: Iwwer 50 Doudeger bei Bommenattentater op 3 Metroszich an e Bus zu London.
  • 12. Juli: Den Albert II. gëtt neie Prënz vu Monaco.
  • 12. September: Parlamentswalen an Norwegen; d'Gauche gewënnt d'Majoritéit.
  • 18. September: Parlamentswalen an Däitschland: D'CDU/CSU kréie 35,2% vun de Stëmmen, d'SPD kritt der 34,3%, d'FDP 9,8%, die Linke-PDS 8,7%, die Grünen 8,1%.
  • 25. September: Parlamentswalen a Polen. Stäerkst Partei ass Recht a Gerechtegkeet, zweetstäerkst d' Forum vun de Bierger, drëttstäerkst d'Bauerepartei Selbsverdeedegung.
  • 3. Oktober: D'Ausseministere vun der Europäescher Unioun décidéieren, Bäitrëttsverhandlunge mat Kroatien an der Tierkei offiziell unzefänken.
  • 23. Oktober: De Lech Kaczynski gëtt zum neie polnesche President gewielt.
  • 27. Oktober: 2 jonk Leit stierwen zu Clichy-sous-Bois duerch e Stroumschlag, wéi se sech virun der Police an engem Trafoshaische verstoppe wollten; doropshi kënnt et zu deeglaange Krawallen an enger Rëtsch franséische Stied, bei deenen sech jonk Leit mat der Police e Kaz-a-Maus-Spill liwweren; bal 10.000 Autoen an eng Rei Gebaier ginn a Brand gestach; 2 Leit kommen em d'Liewen.
  • 22. November: D'Angela Merkel gëtt zur Bundeskanzlerin an Däitschland gewielt.

[Änneren] Lëtzebuerg

[Änneren] Afrika

[Änneren] Amerika

[Änneren] USA

  • 20. Januar: Den George W. Bush gëtt fir d'zweete Kéier als President vun den USA ageschwuer.
  • 29./30. August: An de Staate Mississippi, Louisiana an Alabama riicht den Hurrikan "Katrina" op engem Gebitt esou grouss ewéi Groussbritannien Schied un, déi an d'Honnerte vu Milliarden Euro geschat ginn. D'Stad New Orleans, déi bal eng hallef Millioun Awunner hat, gëtt wéinst enger gebrachener Digue bal ganz iwwerschwemmt; et gëtt iwwer 2.000 vun Doudesaffer.
  • 18./26. September: Den Hurrikan "Rita", dee bïs ewell am stäerkste je gemoossenen Hurrikan iwwert dem Atlantik, riicht, obwuel net méi ganz esou staark iwwer Land, grousse Schued an de Südstaten un; et ginn 119 Doudesaffer vum Stuerm (déi meescht dovunner indirekt).

[Änneren] Mëttel- a Südamerika

  • 15./25. Oktober: Den Hurrikan "Wilma", deen 3. vun der Kategorie 5 fir dëst Joer, riicht grousse Schued virun allem a Mexiko an op Kuba un; et gi bal 50 Doudeger.

[Änneren] Asien

  • 7. Mee: Fraen demonstréieren an der Tierkei géint brutal Mësshandlung. Wéinst "Verletzung vun der Familljenéier" (als bestuete Fra op d'Strooss goen) ass an der Tierkei e 15-järegt Meedche vun dräi Familljemembere vergewaltegt an duerno d'Nues erofgeschnidde ginn (ZDF).
  • 13. Mee: Zu Andijan, an Usbekistan schéisst d'Arméi op eng friddlech Manifestatioun, et ginn honnerte vun Doudesaffer.
  • 8. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Kaschmir kommen an Afghanistan, Pakistan an Indien iwwer 40.000 Mënschen ëm d'Liewen.

[Änneren] Ozeanien & Pazifik

[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt

[Änneren] Konscht & Kultur

  • 12. Februar: The Gates vum Christo a Jeanne Claude ginn am Central Park zu New York installéiert.

[Änneren] Molerei

[Änneren] Literatur

[Änneren] Musek

[Änneren] Kino

  • L'Esquive vum Abdellatif Kechiche kritt den César fir de beschte Film.
  • Million Dollar Baby vum Clint Eastwood gëtt mam Oscar fir de beschte Film ausgezeechent.
  • L'enfant vum Jean-Pierre a Luc Dardenne gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.

[Änneren] Lëtzebuerg

[Änneren] Wëssenschaft & Technik

  • Einsteinjoer: däitsche Bäitrag zum internationale Weltjoer vun der Physik.
  • 14. Januar: D'Weltraumsond Huygens landt um Saturn-Mound Titan.
  • 27. Abrëll: Den Airbus A380 flitt eng éischte Kéier zu Toulouse.
  • 28. Dezember: Deen éischten Testsatellit vum europäesche Satellitennavigatiounssystem Galileo gëtt op Orbit geschoss.

[Änneren] Economie

  • Procter & Gamble Co. keeft Gillette Co. fir ongeféier 57 Milliarden $ op a gëtt déi weltgréisst Enterpris fir Gebrauchsgidder.
  • 16. Februar: De Kyoto-Protokoll iwwert d'Reductioun vun Zäre-Gasen trëtt a Kraaft.
  • 12. September: D'Online-Stee-Enterprise Ebay iwwerhëllt déi Lëtzebuerger Internet-Telefongesellschaft Skype Technologies. Den Deal huet e Gesamtvolume vu méi wéi 4 Milliarden Us-Dollar.

[Änneren] Sport


[Änneren] Gebuer

[Änneren] Gestuerwen

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com