See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jean-Paul II. (Poopst) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jean-Paul II. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jean-Paul II.
Jean-Paul II.

De Jean-Paul II. (lat.Ioannes Paulus PP. II), biergerlech Karol Józef Wojtyła , gebuer den 18. Mee 1920 zu Wadowice, Polen, a gestuerwen den 2. Abrëll 2005 am Vatikan, war den 264. Poopst an der Geschicht vun der Réimesch-kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet de 16. Oktober 1978 ugefaangen an huet nohalteg souwuel d'Endphas vum Kale Krich wéi och d'Zäit duerno geprägt. Hie war nom Pius IX. deen Nofolger vum Péitrus, deen am zweetlängsten an der Geschicht amtéiert huet.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Liewen

[Änneren] Kandheet a Jonktem

De Karol Wojtyla gouf zu Wadowice, enger klenger Stad bei Krakau, als Jong vun engem fréiere k.u.k. Offizéier gebuer, deen awer dee Moment als Schneider seng Sue verdéngt huet. Seng Mamm, d'Emilia Kaczorowska, ass gestuerwe wéi de Karol néng Joer al war. Am Alter vun 12 Joer huet hien dunn och nach säin eelere Brudder Edmund, deen de 5. Dezember 1932 als jonke Medeziner zu Bielitz (Bielsko-Biala) u Scharlach gestuerwen ass, verluer. De spéidere Poopst hat seng Schwëster ni kenne geléiert, si war scho viru senger Gebuert gestuerwen.

Vun 1930 u war hien am Lycée an huet och vun 1934 un Theater gespillt. De Karol war Massendénger an als éiergäizege Schüler bekannt. Hien huet seng Schoul mat Beschtnoten ofgeschloss. Am Summer 1938 ass hie mat sengem Papp op Krakau geplënnert an huet sech do fir e Philosophie- a Litteraturstudium op der Jagiellonen-Universitéit ageschriwwen. Dräi Joer méi spéit, am Joer 1941, ass dunn och säi Papp gestuerwen.

Op der Uni huet hie sech der Experimentaler Theatergrupp „Studio 39“ ëm den Tadeusz Kudliński ugeschloss, an deeër hie bis 1943, zum Schluss virun allem am Ënnergrond, gewierkt huet. No dem Ausbroch vum Zweete Weltkrich ass d'Universitéit vun den däitschen Okkupanten zougemaach ginn. 183 Proffen si verhaft ginn, a verschiddener sinn an de Konzentratiounslagere gestuerwen. De Wojtyla huet seng Studien an enger Ënnergronduniversitéit weidergefouert. 1942 ass hien du gezwonge ginn an engem Steebroch an 1944 an enger Chemiefabréck ze schaffen. Hie konnt esou seng Deportatioun an Däitschland verhënneren.

Wadowice a Krakau si Plazen déi virum Zweete Weltkrich ganz staark vun der jiddescher Kultur beaflosst waren. Dëse Fait huet dem Karol säi positivt Verhältnes zum Juddentum staark beaflosst. Seng Intresse ware breet gefächert: hien huet sech am rhapsodeschen Theater engagéiert an ass am Oktober 1942 an de geheime Seminär vu Krakau agetrueden. Vun do un, bis datt de Krich eriwwer war, hat hien e Refuge an der Residenz vum Äerzbëschof Adam Stefan Saphieha.

[Änneren] Paschtouer a Professer

Den 1. November 1946 ass de Karol Wojtyla vum Adam Stefan Saphieha, dee mëttlerweil zum Kardinol avancéiert war, heemlech zum Priester geweit ginn. Hie promovéiert an den nächsten zwee Joer, op Uweisung vum neie Kardinol, zu Roum am Angelicum iwwer Theologie an d'Mystik vum hellege Jang vum Kräiz. Den 3. Juli 1947 huet hien eng Lizenz an der Theologie an de Juni 1984 en Doktorat an der Philosophie gemaach. Duerno war hie Kaploun zu Niegowic bei Gdów a spéider war hien dunn an der Krakauer Studentekierch täteg, wou hie ganz séier fir seng Priedegte bekannt gouf. Seng onkomplizéiert Aart a Weis hunn hien zu engem beléiften Uspriechpartner vu Studente gemaach. De Woityla promovéiert bis 1949 och an der Theologie.

Vun 1953 un huet de Karol als Professer, Moraltheologie zu Krakau Coursen gehal. 1954 huet hie Philosophie a Sozialethik op der kathoulescher Universitéit vu Lublin studéiert, wou hie säi Proffenexamen dunn och gemaach a gepackt huet.

[Änneren] Bëschof a Kardinol

Den 28. September 1958 gouf hie Weibëschof vu Krakau. De Wojtyla huet aktiv um Zweete Vatikanesche Konzil deelgeholl. Säin Haaptargument war d'Reliounsfräiheet, déi am Dokument Digniatis Humanae beschwuer gouf an eng zäitgeméiss Verkënnegung vun der Léier, déi am Konzilpabeier Gaudium et Spes gefuerdert gouf.

Den 13. Januar 1964 gouf de Karol dem Kardinol Sapieha säi Nofolger als Äerzbëschof vu Krakau. Säin Episkopat gouf virun allem duerch déi „schounend“ Konfrontatioun mat dem kommunistesche Regime a Polen geprägt. Säin Drängen op de Bau vun enger Kierch an der neier Aarbechterstad Nowa Huta a seng Priedegten, wou hien déi fräi Ausübung vun der Relioun fir all Pole gefuerdert huet, hunn hien als couragéierten Antikommunist bekannt gemaach. 1965 war hien um Bréif vum polneschen Episkopat un déi däitsch Bëscheef bedeelegt, an deem hien derzou opgeruff huet, datt déi zwee Vëlker sech nees solle besser matenee verdroen. Och dëst huet zu schaarfen Ugrëff vum kommunistesche Pouvoir gefouert.

Zum Kardinol erhuewe gouf hien den 26. Juni (....) mat der Titelkierch "San Cesare in Palatio".

Wéinst de kierchleche Beméiungen ëm déi däitsch-polnesch Verstännegung huet de Karol 1974 d'Bundesrepublik Däitschland besicht an huet zesumme mam Kardinol Döpfner den 19. September eng Mass am Karmeliterinneklouschter „Hellegt Blutt“ am fréiere KZ Dachau zelebréiert. Als Poopst huet hien du spéider 48 vun deene Paschtéier, déi do inhaftéiert waren, séileg gesprach. Am September 1975 huet hie mam Bëschof Joachim Meisner, dee spéider ënnert dem Jean Paul II. och Kardinol gouf, eng Pilgermass zu Erfurt gehalen. Ee leschten Däitschlandbesuch huet hien zusumme mam Primas vu Polen, dem Kardinol Wyszyński, 1978 gemaach.

[Änneren] Poopst

[Änneren] D'Ufangsjore vum Pontifikat

Mat dëse Wieder gouf bekannt gemaach, woumat kee gerechent hat: „Annuntio vobis gaudium magnum: habemus Papam. Eminentissimum ac reverendissimum dominum, Dominum Karol Józef , Sanctae Romanae Ecclesiae cardinalem Wojtyla, qui sibi nomen imposuit Ioannes Paulus PP. II .“.

De Karol Wojtyla ass den 16. Oktober 1978 vun den 111 Kardineel (am 8. Tour mat 97 – 99 Stëmmen) zum Nofolger vum Jean Paul I., deen den 28. September 1987 gestuerwen war, gewielt ginn. Hie war domat den 264. Poopst a Bëschof vu Roum (no kierchlechem Zielen), hie war deen éischten net italienesche Poopst zënter dem Hadrian VI. (*1459 zu Utrecht) sou wéi den éischten slawesche Poopst zënter dem Pius IX.. De Karol war och dee jéngste Poopst an der Kierchegeschicht. Ausserdeem war hien kierperlech top fit, wat net ëmmer bei de Peepst de Fall war. Hien huet souguer nach Sport gedriwwen: en ass vill geschwommen, en ass gären an d'Bierger trëppele gaang an e soll méi wéi 100 mol de Vatikan heemlech verlooss hu fir Ski ze fueren.

[Änneren] D'Attentater vun 1981 an 1982

Den 13. Mee 1981 huet den tierkesche rietsextreme Mehmet Ali Ağca op der Péitersplaz op den Jean-Paul II. geschoss.

D'Marieveréierung vum Jean Paul II. war besonnesch grouss. Well den Dag vum Attentat op den Dag vun der éischter Marienerscheinung vu Fátima gefall ass, huet de Jean Paul II. d'Maria, d'Gottesmamm, vir seng Rettung responsabel gemaach an en huet hir mat enger Pilgerrees a Portugal Merci gesot. Hien hat d'Projektil vergulden an an eng gëlle Kroun abaue gelooss, déi en der Madonna vu Fátima geschenkt huet. D'Mariestatu dréit bis haut dës Kroun mat der Kugel um Kapp.

D'Hannermänner vum Attentat goufe laang Zäit beim sowjetesche Geheimdéngscht KGB vermutt. Et ass allerdéngs net bestätegt ginn, well den Attentäter selwer bis Mäerz 2006 näischt iwwert d'Hannergrënn vun dem Attentat gesot huet. Mëttlerweil behaapt hien, Ënnerstëtzung aus dem Vatikan selwer kritt gehat ze hunn. 2006 huet déi italienesch Recherchekomissioun offiziell confirméiert datt d'Attentat am Optrach vum Leonid Breschnew verübt ginn ass, a Cooperatioun mat dem bulgareschen a russesche Geheimdéngscht an der Stasi.

Den 12. Mee 1982 huet een ultrakonservativen Unhänger vum Beschof Marcel Lefebvre, den Abbé Jean Fernandez, op enger Pilgerrees a Portugal een weidert Attentat op den Poopst verüben wëllen. Seng Leifwiecher hunn dee bewaffnete Mann awer dorunner hënnere kënnen. De Paschtouer, dee schéissen wollt, huet seng Dot mat der „Rettung“ vun der réimesch kathoulescher Kierch begrënnt virun den Beschlëss vum Zweete Vatikanesche Konzil.

[Änneren] De weidere Verlaf vum Pontifikat

Den 28. Mee bis den 2. Juni 1982 huet den Jean-Paul II. Als éischten Poopst seit 450 Joer, also seit der Trennung vun der Anglikanescher Kierch Groussbritannien besicht. Hien war op Besuch bei der Kinnigin Elisabeth II. An war an der Kathedral vun Canterbury een ökumeneschen Gottesdéngscht dobei. 1982 war hien an der Schweiz, 1983 déi éischten Kéier zu Éisträich.

Wéi UNO 1985 Joer vun der Jugend hat, huet den Jean-Paul II. Grënnung vun dem Weltjugenddaag bekannt ginn. Den éischten Weltjugendaag war 1986 zu Roum, vun do un ass hien an regelméissegen Ofstänn an verschiddenen Länner. Den 27. Oktober koum et dunn zu Assisi zu dem vum Jean-Paul II. agefouerte Gebiet vun den Weltreligiounen fir den Fridden.

Kuerz no dem Fall vun der Berliner Mauer – den 1. Dezember 1989 gouf de Michail Gorbatschow vum Poopst emfaangen, et war déi eenzeg Kéier datt ee KpdSU Generalsekretär vun dngem Poopst emfaange gouf.

Den 31. Oktober 1992 huet den Peepstlech Akademie vun den Wëssenschaften hieren Bericht iwwert den Fall Galileo Galilei un den Poopst weidergin, hien hat Peepstlech Akademie mat dësem Bericht beoptraagt.

1994 huet US-Magazin TIME den Jean-Paul II. zum Mann vum Joer gewielt.

Den 15. Januar 1995 huet den Poopst zu Manila den gréissten Gottesdéngscht an der Geschicht vun der RKK virun 4 Milliounen Leit zelebréiert. Et war zousätzlech déi gréissten historesch Noweisbar Versammlung vun der Menschheet. Den 21. Januar ass hien ob Kuba gepilgert.

Den Poopst ass den den 90er och puermol operéiert ginn, sou ass him 1992 een gutaartegen Tumor aus dem Deckdaarm eraus geholl ginn, Nodeems hien am Buedzëmmer gefall war huet hien sech Heft gebrach an huet missen een kënschtlecht Heft Gelenk agesat kréien.

Mat dem Opmaachen vun der „Helleger Paart“ den 25. Dezember 1999 huet hien Feierlechkeeten fir hellegt Joer 2000 ugefang. Den 12 März 2000 huet den Poopst ee „Mea culpa“ ausgesprach fir der Kierch hir Verfehlungen wei Glawenskricher, Juddeverfolgung an der Inqusition. Acht Deeg mei spéit ass hien op Israel, Jordanien, an an déi palästinensesch Gebidder gereest, hien huet Holocaust-Gedenkstätte Yas Vashem zu Israel, an hien huet un der Klagemauer gebiet.

Noo dem Uschlo den 11. September an den Krich am Afghanistan huet den Poopst zu engem zweeten Weltgebietsdaag opgeruff.

Am Joer 2003 ass hien fir den Friddensnobelpräis nominéiert ginn, den 24. März 2004 huet hien den ausseruerdentlechen Karlspréis vun der Stadt Oochen fir sein Asaz fir Fridden, Freiheet an Demokratie kritt. Am Juni 2004 huet hien Freiheetsmedaille vum George W. Bush kritt, déi héckste zivil Auszeechnung an den USA.

[Änneren] Krankheet an Doud

Déi leescht Joer vun sengem Pontifikat sinn vun senger Krankheet geprägt, déi am Laf vun der Zeit emmer méi schlemm geht. Bei sengen ëffentlechen Optrëtter sinn ëmmer seng Schwiergkeeten beim Schwätzen, säin Zidderen an seng Lähmungserscheinungen opgefall, all dess Syndromer sin vun senger Parkinson-Krankheet ausgaang. Hien huet massiv ënnert den folgen vum Attentat gelidden, an och un enger Arthritis am Knéi als Folleche vun senger Heftoperatioun.

Obwuel hien am Ufank vum Pontifikat mat enger enormer Gesondheet ee grousse Virdeel vis-à-vis vun anere Peepst hat, sou ass Bild vun engem matgehollen, kranke Poopst dach an de Käpp vun den Leit agebrannt. Säin allgemengen Zoustand huet och ëmmer méi zu Spekulatiounen gefouert iwwert e méigleche Récktrëtt, mat dem Saz „Ech leeë mäi Pontifikat a Gottes Hänn“ ass hien deene Gerüchter vun de Kritiker geschéckt ausgewach. Ee Récktrëtt wier eppes Besonnesches an der Geschicht vun der RKK gewiecht. Aussoen, datt hie sech ee Récktrëtt awer duerch den Kapp gelooss goen huet, huet een awer a verschiddene Passage vu sengem Testament fonnt.

Ufank 2005 ass et dem Poopst dramatesch méi schlecht gaangen, hien ass weinst enger Kehlkopfentzündung an Otemnout an Gemello-Spidol zu Roum bruecht ginn. Nodems hien den 10. Februar erëm entlooss gouf, ass hien den 24. Februar noo engem Réckfall erem ageliwwert ginn, an et gouf een Loftröhrenschnitt duerchgefouert.

Den 13. März 2005 ass hien zeréck an den Vatikan bruecht ginn, huet awer net konnten aktiv un den Ouschterféierlechkeeten deelhuelen. Hien ass just Ouschtersonndeg stomm ob der Fenster vun sengem Aarbechtszëmmer gewisen ginn, an huet den Segen „Urbi et Orbi“ gespent. Den 30. März huet hien sech op een neits zum üblechen Mettwochstermin um Fenster weisen geloss, dest war sein leschten ëffentlechen Operett.

Dem offizielle Bericht vun dem Amtsblat Acta Apostolicae Sedis noo, huet den Jean Paul II. den 2. Abrëll 2005, um 15:30 op polnesch seng leescht Wieder gesoot: „Loosst mech zum Haus vum Papp goen“ Véier Stonnen méi spéit ass hien an den Koma gefall. Um 21:37 ass den Jean Paul II., den Karol Wojtyla am Alter vun 84. Joer an sengen Privatreim gestuerwen. Een neien Spidols Obenthalt, an intensiv medizinesch Behandlung huet den Poopst ofgelehnt. Sein Stierwen ass vun ausféierlechen Live-Berichterstattungen vun internationalen Medien begleed ginn.

[Änneren] Moral

[Änneren] Sexmoral

De Jean-Paul II. huet un den alen an der Enzyklia Casti counbii vum Pius XI. Begrënnte Richtlinne festgehal, no welchen Empfängnisverhütung den Katholiken net erlaabt ass. Hien huet un den traditionellen Sex-Richtlinien festgehal, déi besoen, Sex géif souwuel der Fortplanzung dingen, wei och der Erfëllung vum Partner mat Freed, wann awer elo een vun denen zwou Optiounen net erfellt war (also express Verhid ginn ass) war et „fehlgeleiteten Sex“. Scho viru senger Aarbechtszäit als Poopst huet hien un der Enzyklika Humanae Vitae matgewierkt, déi d'Pëll als Verhüttungsmettel oflehnt.

An der Enzyklika Evanglium Vitae huet den Jean Paul II. och aner Agrëffer an Natur, wei zum Beispiel Sterilisatioun ofgelehnt. Am Evangelim Vitae huet den Poopst och Meenung vertratt, datt Kondomer och zur Virbeugung vun Geschlechtskrankheeten (z.B AIDS) net erlaabt sinn. Amplaz huet hien gemengt, Enthalsamkeet wier déi richteg Léisung. Hien huet sech doduerch staarker Kritik vun den Hëllefsorganisatiounen an der UNO missen aussetzen. Kritiker hunn der RKK Schold un Imunschwächekrankheet ginn. Pro-Kierchler, hu sech gewiert, an domat Argumentéiert datt ee Brochdeel vun de Länner wou HIV/AIDS staark ausgebrach waren iwwerhaapt Kathoulesch wieren, wie hunn Schold op Mangel un Opklärung an Hygiène gedréckt.

Am Bezuch op Homosexualitéit, huet den Poopst Lesben an Schwuler zur Keuchheit opgeruff. Vun Politiker huet hien gefuerdert, gläichgeschlechtlech Partnerschaften net ze erlaaben, weder an Forum vun enger Hochzeit, nach vun enger agedroener Partnerschaft (wéi se héi zu Letzebuerg erlaabt ass (Pax)).

[Änneren] Schwangerschaftsofbroch

Am Buch „Erinnerung und Identität – Gespräch an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden“ huet den Jean Paul II. opgeruff, Gesetzer zum Thema Ofdreiwung ze hannerfroen. Politiker an Parlamenter, déi Gesetzer erloossen déi Ofdreiwung erlaabe, sollen sech bewosst sinn, datt si geint Gottes Gesetz géingen goen, an an Natur géingen angréifen.

Am 1990er Joren, huet den Poopst sech géint eng Lackerung vum Ofdreiwungsgesetz ausgeschwat. Ofdreiwung, sou den Jean Paul II. ass Mord.

Andeems hien sech op sein Jurisdiktionsprimat beruff huet, huet hien déi däitsch Bëscheef gezwongen ze Verbidden datt kierchlech Berodungsstellen Beratungsbescheinegungen ausstellen, déi een an Däitschland muss opweises hunn fir bis zum dretten Mound kennen stroffräi ofzedreiwen. Kierchlech Berodungsstellen hunn esou déi staatlech Unerkennung verluer. Déi meescht Bescheef, déi géint dess Entscheedung vum Poopst waren, hunn vergeblech probéiert den Poopst ëmzestëmmen. Bëscheef hunn d'Meenung vertratt, datt eng kathoulesch Schwangerschaftsberodung een wichtegen Schutz fir ongebueren Liewen wier. Nom Ausstieg vun der kathoulescher Kierch aus dem staatleche System gouf dem Verein Donum Vitae gegrënnt, den amplaz vun den Kierchen elo eng kathoulesch Orientéiert Schwangerschaftsberodung unbid, déi och vum Staat unerkannt gëtt.

[Änneren] Ökologie

Fir de Jean Paul II, war Ëmweltzersteierung ee moralesche Problem, et war eng Konsequent fir déi aus der Balance gerode Bezéiung zweschent de Menschen an der Schëpfung. D'Méiglegkeet dest Problem ze vermeiden, huet hien an der Réckbesënnung op chrëchtlech Wäerter gesinn. Ursaach ware fir hien net nëmmen déi politesch Hindernisser a Form vun iwwerdriwwenem Nationalismus an de ökonomesch Intresse mee besonnësch d' feelend Solidariteit tescht de Mënschen. De Jean Paul II. huet emmer rëm gefuerdert datt Mënsche solle Verantwortung fir sech selwer, ier Matmënschen an Erd iwwerhuelen. Hien huet dowéint emmer erem déi „ökologesch Beruffung“ vun den Chrechten betount, sou wéi een ökologesch tragfähegen Liewensstil an global Solidaritéit als een onverzichtbaren Glaawen an Liewenszeeschness an der moderner Gesellschaft gepriedegt. Et wär Respekt virun der Schöpfung an virun de kommende Generatiounen.

[Änneren] Sozialethik

Nierwt senger Kritik un de Kommunismus a Sozialismus war de Jean Paul II. och ee scharfe Kritiker vun dem neoliberale Kapitalismus. Hien huet sech fir Rechter vun den Aarmen, a vun dene Leit déi schaffen angesat, an huet Mënscherechtsverletzung wéi an Ausbeutung virgeworf, an den Enzyklike Laborem Exercens(1981) a Sollicitudo Rei Socialis (1987). D'Enzyklika Centensimus Annus vun 1991, veröffentlecht fir de 100ste Joresdaag vun der eischter peepstlecher Sozialenzykia Rerum Novarum, akzeptéiert déi sozial Marktwirtschaft mat grousser Däitlechkeet anescht wéi a fréieren Dokumenten. Am Kompendium vun der Sozialléier vun der Kierch, den de Vatikan 2004 eraus bruecht huet (eng däitsch Iwwersetzung ass 2006 eraus komm), gin Grondsätz vun der kathoulescher Sozialléier a knapper Forum zesummegefaasst. Sozialuerdnung awer just verschidden Aspekter vun enger „Ziviler Léift“, sou de Jean Paul II. un eng Formuléierung vum Poopst Paul VI. Vun 1975 unknäppend, soll der Jugend als Programm un Herz geluet ginn.

[Änneren] Kierchepolitik

D' Amtszäit vum Jean Paul II. war geprägt vu staarke repräsentativen Aspekte vum Poopstamt. Dat huet sech am Ufank virun allem duerch déi vill Auslandsreese vum Poopst an déi vill Pastoralbesich bemierkbar gemach. Séier war hien net méi den däitschen „heiliger Vater“, mais gouf do „eiliger Vater“ genannt. 1980, 1987 an 1996 war hien an Däitschland, 1983, 1988 an 1998 an Éisträich, a véier mol an der Schwäiz (1982, 1984, 1985 an 2004). Zu Lëtzebuerg war hien eng Kéier 1989; bei dëser Visit huet hie perséinlech de Bëschof Jean Hengen zum éischten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt.

[Änneren] Interreliéisen Dialog

De Jean Paul II. huet sech mei staark wéi seng Virgänger fir den interreligiéisen Dialog agesat, besonnech mam Juddentum, dem seng Vertrieder hien als „eeler Geschwëster vun de Chrëschten“ bezeechent huet, an dem Islam. Sichtbaren Ausdrock hunn dees Beméihungen an denen zwee Weltgebietstreffe vun der Relioun 1968 an 2002 zu Assisi fonnt. Och an dee vun him a Lierwe geruffene Weltjugenddaag betount de Jean Paul II. den Dialog zwëschen de Kulturen an de Reliounen. Den 13. Abrell 1968 huet hien als éischte Poopst zu Roum eng Synagog betratt, an den 6. Mai 2001 zu Damaskus als éischte Poopst eng Moschee (Umayyaden-Moschee).

De 16. März 1998 huet dedeatikan am Dokument Nodenken iwwert Shoa Matschold vun dedehrëschten um Holocaust bekloot. D' peepstlech mea culpa den 12. März 2000 ass als historeschen Akt bezeechent ginn. De Jean Paul II. hat kiechrlech Feeltrëtt am Glaawenskrich, der Juddeverfolgung an der Inquisitioun gestohn. Ob senger Pilgerrees op Israel, Jordanien an anaalästinensergebidder huet dedeoopst un der „Klagemauer“ gebiet, dem bebedeitesteiddeschen Hellegtum, an huet Holocaust-Gedenkstätte Yad Vashem besicht. Schon méi frei, den 30. Dezember 1993, konnt Jerusalem dederondlarenvertrag vum Vatikan mat Israel iwwert Ophueleun diplomatesche Bezéiungen ënnerschéiwen.

Fir seng Beméiunge gouf de Jean Paul II. mat dem "Award of Tolerance and Contribution to Dialogue" vun der rumänescher Kommissioun vun der UNESCO ausgezeechent.

[Änneren] Ökomene

Ee besonnescht Uleies vum Poopst war d'Ökomene.

Déi sengem éischten Däitschland besuch 1980 gouf eng kathoulesch-lutheresch Kommissioun agesat, deren Aarbecht 1999 een Héichpunkter an dem Ennerschreiweun vun enger réimesch-kathoulescher – lutheranescher gemeinsam Rechtferdegungsléier fonnt huet. De Jean-Paul II, war de éischte Poopst den eng lutheranesch Kierch besicht huet. Hien huet awer och festgestallt, datt wéint ënnerscheedlechen Opfaassunge vun Eucharistie bzw. Vum Abendmahl eng Interkommunioun zur Zéit net méigelech maachen. Hien huet dowéint am 17. Abrëll 2003 verëffentlechen Dokument Ecclesia den Eucharistia Deelhuele vu kathoulesche Priester an enger protestantescher Abendmahlféier verbueden. D'Verbuet huet bei verschiddene Paschtéier a bei Gruppéierunge ënnerhalb vun der kathoulescher Kierch zu hefteger Kritik gefouert. D'Vertrieder vun den anere Konfessiounen hunn Aussoen, déi mat dem Schräiwen verbonne waren, bedauert. De Jean Paul II, ass domat oder Line vu senge Viirgänger bliwwen.

Och déi vun der Kongregatioun vun der Glawensgemeinschaft verfaassten, a vum Jean Paul II. bestätegen Erklärung Dominus Jesus, an der der protestantescher Kierch de Rang als gläichberechtegt Partner vun der kathoulescher Kierch ofgeschwat gouf, huet zumols an eisem Nopeschland Däitschland wou Konfessiounen bont gemëscht sinn zu staarken Diskussiounen gefouert. Seitens der evangelescher Kierch gouf awer festgehaal, datt d'Erklärung Dominus Jesus inhaltlech keng néi Positioun duerstellt. Am Dominus Jesus gouf erklärt, datt sech déi kathoulesch Kierch an engem anere, sakramentaleschem Senn als Kierch versteht wéi aaner evangelesch Kierchen et machen.

Am Bezuch op déi orthodoxe Kierch ass et zwar zu Unäherungen komm, d'Beméihungen vum Poopst op Moskau ze reesen, fir do déi wichtegste Vertrieder vun der Orthodoxie -dem russeschen Patriarch Alexej II. - ze treffen, ass schlussendlech un dem sengem Widderstand gescheitert. Alexej huet der RKK massiv Missiounstätegkeeten an den orthodoxen Glawensregioune virgeworf.

[Änneren] Kierchlech Ugeleeënheeten

De Jean Paul II. war an bannekierchleche Froe konservativ. Kritiker hunn him virgeworf, datt hien Theologen, Paschtéier, Ordensleit an Bescheef déi him geint den Strech gaang sinn „inquisitoresch“ verfollegen, sou zum Beispiel Tissa Balasuriya (Sri Lanka), Leonardo Boff (Brasilien), György Bulányi (Ungarn), Edward Scjoööebeeckx(Belge), de Beschof Jacques Gaillot (1995 Beschof vun Evreux ofgesat an zum Titulärbëschof vum Bistum Partenia ernannt (Bistum Partenia existéiert haut net méi)) an den Erzbëschof Raymond Hunthausen (USA; 1991 an Pensioun versat). Den seit 1973 undauernden Versuch vun den kongoleseschen Bescheef fir Inkuluratioun vun einheimeschen Elementen an Liturgie stong hien dogéint oppen géigeniwwer an promulgéiert 1988 den Zairischen Messritus.

[Änneren] Helleg- a Séilegspriechungen

De Jean Paul II, huet anaenger Amtszäit 1338 Séileg- ana82 HeHellegspriechungeiergeholl. D'Zuel vun denen Léit déi all seng Virgänger an de leschten 400 Joer helleg gesprach hunn, ass ëm den Daum, nëmmen hallef esou héich. Als eng vun dedeneéwéinegeestuedtten Fraen, huet hien déi italienesch Kannerdoktesch Gianna Beretta Molla helleg gesprach, sisinnuet als Virbild vun den Ofdreiwungsgéigener gegollt. Och Seileg- an Hellegspriechung vun dem emstriddenen Opus-Dei-Grënner Josemaria Escrivá huet och bannent der Kierch fir staark Kritik gesuergt. Wéi séit dem Poopst Paul VI. Üblech, huet dedeean-Paul II. och dem SéSéilegspriechungeiergestaan, séin Nofollger den Benedikt XVI huet dess Aufgab dem Prefekt vun der Kongregatioun fir Séileg- an Hellegspriechung iwwerlooss.

[Änneren] Bëschoofsernennung

Emstridden Beschofsernennungen duerch den Jean Paul II, hunn emmer rëm zu Konflikter gefouert. Do wieren dann zum Beispiel d'Ernennung vum Wolfgang Haas zu Chur an spéider zu Liechtenstein, d'Ernennung vum Kurt Krenn zu St. Pölten an déi vum Hans Hermann Gröer, den 1995 weinst sexuellem Mëssbrauch vun Kanner zeréck getratt ass. Wéi 1988 géint den Widderstand vum Domkapitel, den Joachim Meisner als neien Erzbeschof vun Köln geweiht gouf, hun 160 kathoulesch Héischschoullehrer ëffentlech géint den „réimeschen Zentralismus“ protestéiert.

[Änneren] Fraen

Och ennert dem Jean Paul II. huet Reegelung behaalen, a Fraen duerfte weder Beschof nach Paschtouer oder Diakon ginn. Kritiker gesinn den Auschloss vun de Fraen a Weiheämter net duerch Bibel gerechtfäerdegt a fuederen och an der Kierch Gleichberechtegung vu Mann aa Fra. Kierch berifft sech awer op gesamt Traditioun a fënnt datt dës Traditioun net einfach kënnen ofgebrach ginn.

De Poopst huet huet Ausso vun der Kierch bekräftegt an huet am Dokument „Ordinatio Sacerdotalis“ erklärt: „ Datt also all Zweifel bezüglech der bedeitender Ugeleeënheet, déi gëttlech Verfassung vun der Kierch selwer betrefft, bestätegt ass, erklären ech heimat kraaft menges Amts, d'Bridder ze stäerken, (vgl. Lk 22,32) datt d'Kierch keng Vollmacht huet de Fraeriesterweih ze spenden, an datt all Gleeweg vun der Kierch sech entgülteg un dess Entscheedung ze halen hunn.“ An dëser hefteger Ausso ass och Kloer eeeeerbuet vun der Diskussioun vum Thema vun Theologen erkannt gin.

Vun dësem Verbuet net betraff, ass Diskussioun zur Weih vun der Fra zur Diakonnin. Dofier geht Fro, ob och automatesch ni eng Fra Diakon dierf geweiht ginn, oder ob dat jeemols wäert de Fall si weider diskutéiert. Wéint der vierherrschender Theologie an dem dreistuffege Weihesakrament, ass awer unzehuelen, datt et och een definitiven Auschloss vun der Fra aus dem Diakonnenamt ass.

[Änneren] Weltpolitik

[Änneren] Ëmschwonk a Polen

Dem Jean Paul II. gëtt groussen Afloss op d'Demokratiséierung vu Polen zougeschriwwen. Am staark kathoulesch geprägte Polen mat 90% réimesch kathoulescher Bevëlkerung (dovun ca. 70% déi praktizéieren) huet seng Meenung een héicht moralescht Gewiicht gehat. Sou huet hie mat sengem Afloss déi antikommunistesch Gewerkschaft Solidarność d'Oppositioun gestärkt.

De Lech Walesa huet op de Feierlechkeete fir d'25-jähregt Jubiläum vun der Solidarność gesot, dem Jean Paul II. seng Opfuerderung, all Angscht ze vergiessen, hätt Land waakreg gemaach.

Eng wichteg Bedeitung hat och den Polenbesuch vum Poopst. Hien ass 1979 an Polen gewierscht an ee Véirel vun der Bevëlkerung huet de Poopst deemols gesinn. Et war bal eppes wéi eng politesch Kundgebung. Bei der zweeter Rees 1983 (Krichsrecht huet bestan), huet de Poopst de Lech Walesa, de Chef vun der verbuedener Gewerkschaft, getraff an d'Staatsspëtzt dozou opgeruff, d'Sozialreforme séier ëmzesetzen. Béi sengem drëtte Besuch 1987 huet hien dem Lech Walesa an senger Famil d'Kommioun gin. Vum Staats- an Parteichef, dem Wojciech Jaruzelski, huet hie bei sengem Besuch d'Anhale vun de Mënscherechter gefuerdert an de Verbued vun der Solidarnosc kritiséiert. Iwwert dem Jean Paul II. seng Beziehungen solle CIA-Gelder iwwert de Vatikan u Solidarnosc gefloss sin.

D'Stad Berlin huet dem Poopst als Merci fir säi Bäitrag fir de Fall vum Eisene Riddo ee Stéck vun der Berliner Mauer geschenkt. Dëst Stéck Mauer ass haut an den Vatikanesche Gäert ausgestallt. De Michael Gorbatschow huet an senge Memoire geschriwwen, déi Saachen déi an Osteuropa geschidd si wieren ouni de Jean Paul II. net méiglech gewierscht.

[Änneren] Mettel- a Südamerika

Fir Kritik huet de Poopstbesuch an Chile gesuergt, do war de Jean Paul II. mam Generol Augusto Pinochet zësumme komm, dee fir zingdausende vun Mënscherechtsverletzungen a sengem Land verantwortlech war.

De Poopst hat deemols wéineg Verständness fir d'Uleiesse vun der Mëttel- an Südamerikanescher Befreiungstheologie. Ee vun de Vertrieder, den Oscar Romero, ass enttäuscht vun senger Audienz erëm komm, an huet kommentéiert: „De Poopst versteet mech net“. Hien huet dës Befreiungstheologie net nëmme wéinst senger Erfahrung aus dem kommunistesche Polen ofgelehnt, mee och theologesch Bedenke géint déi op „Diesseits“ reduzéiert Form vu Befreiung, besonnesch géint gewaltsam Duerchsetze vun de Klassekämpf geäussert.

Am Grenzkonflikt tëschent Chile an Argentinien um Beagle-Kanal 1978 huet de Jean Paul II. mat Erfolleg vermëttelt.

[Änneren] Engagement géint Krich

De Jean Paul II. huet sech ëmmer géint dederich (??) agesat, an huet dobäi ee grousst Engagement gewisen. Am Joer 1999 huet hie sech géint de Kosovo-Krich ausgeschwat. Géint den drëtte Golfkrich huet hie sech och ausgeschwat, an huet seng Oflehnung hefteg geäussert, sou huet hee beispillsweis d'Irak-Politik vun den USA bei der Audienz vum George W. Bush am Juni 2004 kritiséiert.

[Änneren] Wierker

[Änneren] Enzykliken

  • 1979: Redemptor hominis – am Ufank vum Peepstlechen Amt.
  • 1980: Dives in misericordia – Iwwert gëttlech Arbarmung.
  • 1981: Laborem exercens – iwwert déi menschlech Aarbecht, zum 90ten Joresdag vun der Rerum Novarum
  • 1985: Slavorum Apostoli – zur erennerung un Wierk vun der Evangaliséierung vum hellegen Cyrill an Methodius virun 1100 Joer
  • 1986: Dominum et Vivificantem – Iwwert den hellegen Geescht, am Liewen, der Kierch an der Welt.
  • 1987: Redemptoris Mater – Iwwert séileg Jongfra Maria, an Kierch déi pilgert.
  • 1987: Sollicitudo rei socialis – Zwanzesch Joer no der Enzyklika Populorum Progressio (Paul VI.)
  • 1990: Redemptoris Missio – iwwert déi fortdauernt Wichtegkeet vum Missionareschen Wierk.
  • 1991: Centesimus annus – fir den honnersten Joresdag vum Rerum Novarum
  • 1993: Veritatis Splendor – iwwert déi puer Grondlegend Froen iwwert Kierchlech Moralléier.
  • 1995: Evangelium Vitae – iwwert den West vun der ontaschtbarkeet vum menschleche Lierwen.
  • 1995: Ut unum sint – iwwert den Asatz fir Ökumen
  • 1998: Fides et Ratio - iwwert Verhältnis iwwert Vernonft an Hierkonft.
  • 2003: Ecclesia de eucharistia – iwwert Eucharistie an hiert Verhältnis zur Kierch

[Änneren] Aner Schrëften a Musek

  • Liebe und Verantwortung, Über Sexualität, 1960, ISBN 3-466-20218-3
  • Römisches Triptychon. Meditationen, 2003, Vatikanischer Verlag (op italienesch), ISBN 8820974517
  • Sehnsucht nach Glück, 2003, Herder-Verlag, Freiburg
  • Auf, lasst uns gehen!, 2004, ISBN 3-898-97045-0
  • Versöhnung zwischen den Welten, Im Gespräch mit den Religionen, 2004, ISBN 3-87996-590-0
  • Erinnerung und Identität - Gespräche an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden, 2005, ISBN 3-89897-170-8
  • D'Musekalbum Abbà Pater

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Weigel, George, Zeuge der Hoffnung. Johannes Paul II., Eine Biographie, Paderborn, München, Wien, Zürich 2002 ISBN 3-506-79723-9 (die wohl umfangreichste und am gründlichsten recherchierte Biographie über den Papst)
  • Englisch, Andreas, Johannes Paul II., das Geheimnis des Karol Wojtyla, Berlin 2004 ISBN 3-548-36710-0

[Änneren] Kuckt och

  • Lëscht vun den Auslandsreese vum Poopst Jean-Paul II.

[Änneren] Um Spaweck

Virgänger Nofolger
Jean-Paul I. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Benedikt XVI.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -