1987
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1982 | 1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1987.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 25. Januar: D'CDU-CSU mam Helmut Kohl gewënnt d'Walen an der Bundesrepublik Däitschland.
- 4. Mäerz: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 6. Mäerz: D'britesch Fär Herald of Free Enterprise geet viru Zeebrugge ënner, 193 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 28. Mee: Den däitsche Mathias Rust Land mat sengem Sportfliger op der Rouder Plaz zu Moskau a blaméiert d'sowjetesch Fluchofwier.
- 11. Juni: D'Konservativ Partei mat un der Spëtzt der Margaret Thatcher gewënnt d'Walen a Groussbritannien.
- 1. Juli: Den Acte unique trëtt a Kraaft.
- 19. Juli: D'PSD gewënnt d'Parlamentswalen a Portugal, den Anibal Cavaco Silva gëtt Premierminister.
- 17. Dezember: De Gustáv Husák trëtt als Generalsekretär vun der Tschechoslowakescher Kommunistescher Partei zeréck, bleift awer Staatspresident. Nofolger gëtt de Miloš Jakeš.
Lëtzebuerg
- 17. Juni: Per Gesetz gëtt d'Cour d'Assises ofgeschaaft.
[Änneren] Afrika
- 15. Oktober : Staatsstreech am Burkina Faso. Den Thomas Sankara gëtt zu Ouagadougou ëmbruecht; de Blaise Compaoré gëtt säin Nofolger.
- 7. November: An Tunesien gëtt de President Habib Bourguiba duerch de Zine el-Abidine Ben Ali fir ofgesat erkläert.
- 10. November : Am Niger gëtt den Ali Saibou Nofolger vum verstuerwene Seyni Kountché.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
[Änneren] Südamerika
[Änneren] Asien
- 13. Abrëll: Accord tëscht Portugal a China, fir datt Macao 1999 u China zeréckgeet.
- 14. Juni: De Võ Chí Công gëtt President am Vietnam.
- 18. Juni: De Phạm Hùng gëtt Premierminister am Vietnam.
- 6. November: Den Noboru Takeshita gëtt Premierminister a Japan.
- Dezember: De Roh Tae-woo gëtt zum President a Südkorea gewielt.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
- 8. Dezember: De Ratu Sir Penaia Ganilau gëtt zum éischte President vu Fidji gewielt.
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- Iran-Irak-Krich
- 1. Juni: De libanesesche Premier Rachid Karamé gëtt doutgemaach.
- 31. Juli: Bei Konfrontatioune mat der Arméi zu Mekka komme 402 Leit, dorënner 275 iranesch Pilger, ëm d'Liewen.
- 9. Dezember: Ufank vun der Éischter Intifada, nodeems en israelesche Camion an der Gazasträif an e palestineseschen Taxi gerannt war a 4 Leit leie bloufen.
[Änneren] Economie
- 19. Oktober: Den Dow Jones fällt ëm 22% an engem Dag.
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
- 25. Februar: Christine Majerus, lëtzebuergesch Vëlossportlerin.
- 22. Abrëll: David Arlé, lëtzebuergesche Politiker
- 1. Juni: Moon Geun Young, koreanesch Schauspillerin.
- 12. November: Joël Kitenge, lëtzebuergesche Foussballspiller.
[Änneren] Gestuerwen
- 4. Januar: René van der Bulcke, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. Februar: Albert Leblanc, Organist.
- 12. Februar: Raymond Vouel, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 22. Februar: Andy Warhol, Grënner a bedeitenste Kënschtler vum Pop-Art (* 1928)
- 9. Mäerz: Richard F. Kneip, US-amerikanesche Politiker.
- 13. Mäerz: Bernhard Grzimek, Déierendokter a -fuerscher, Déierefilmmécher.(* 1909)
- 28. Mäerz: Maria Augusta Trapp, US-amerikanesch Sängerin a Schrëftstellerin.
- 11. Abrëll: Primo Levi, italienesche Schrëftsteller a Chemiker (* 1919)
- 3. Mee: Dalida, Schlagersängerin a Schauspillerin (* 1933)
- 14. Mee: Rita Hayworth, US-amerikanesch Schauspillerin (* 1918)
- 23. Mee: Lou Hemmer, lëtzebuergesche Fluchpionéier (* 1904)
- 7. Juni: Aurelio Sabatini, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 13. Juni: Geraldine Page, US-amerikanesch Schauspillerin (* 1924)
- 22. Juni: Fred Astaire, US-amerikaneschen Dänzer, Sänger a Schauspiller (* 1899)
- 1. August: Pola Negri, polnesch Schauspillerin (* 1894)
- 2. August: Berthe Tissen, lëtzebuergesch Schauspillerin (*1911)
- 17. August: Rudolf Heß, nationalsozialistesche Politiker (* 1894)
- 29. August: Lee Marvin, US-amerikanesche Schauspiller (* 1924)
- 11. September: Lorne Greene, kanadesche Schauspiller (* 1915)
- 11. September: Peter Tosh, jamaikanesche Sänger (* 1944)
- 18. September: Américo Tomás, Admirol, portugisesche Staatspresident (1958 bis 1974) (* 1894)
- 23. September: Bob Fosse, US-amerikanesche Filmregisseur (* 1927)
- 25. September: Mary Astor, US-amerikanesch Schauspillerin (* 1906)
- 3. Oktober: Jean Anouilh, franséische Schrëftsteller (* 1910)
- 11. Oktober: Uwe Barschel, däitsche Politiker
- 22. Oktober: Lino Ventura, italienesche Catcher a Schauspiller.
- 25. Oktober: Ketty Thull, Auteur vu Kachbicher.
- 5. November: Georges Franju, franséische Filmregisseur.
- 18. November: Jacques Anquetil, franséische Cycliste (* 1934)
- * 17. Dezember: Marguerite Yourcenar, belsch-franséisch Schrëftstellerin (* 1903)
- 24. Dezember: Joop den Uyl, hollännesche Politiker (* 1919)