1988
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1988.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 28. August: Zu Ramstein knuppe bei enger Fluchshow 3 Fligeren aneneen, een dervunner fällt an de Public. 70 Leit, dorënner 3 Piloten, kommen dobäi oder un de Suitën dervunner ëm d'Liewen.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 18. Juni: Den Hellege-Geescht-Tunnel tëschent dem Viadukt an dem Eecher Bierg geet fir de Verkéier op.
- 5. Dezember: De Grand-Duc Jean an de belsche Kinnek Baudouin maachen d'Autobunn A4/A6 tëschent Lëtzebuerg a Bréissel op.
[Änneren] Afrika
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 8. November: De George H. W. Bush gëtt zum 41. President vun den USA gewielt.
[Änneren] Südamerika
- 5. Oktober: Brasilien kritt eng demokratesch Verfassung.
- 11. Dezember: Deen éischten Astra-Satellit gëtt vu Courou aus mat enger Ariane-Rakéit an de Weltall geschoss.
[Änneren] Asien
- 15. Mee: D'Sowjetunioun fänkt dermatter un, hir Truppen aus dem Afghanistan zeréckzezéien.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 16. Mäerz: D'irakesch Arméi gräift mat Gëftgas Kurden an Assyrer zu Halabdscha un; et ginn eng 5.000 Doudeger an 10.000 Blesséierter.
- 20. August: Enn vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
- 2. Oktober: Zu Seoul (Südkorea) fänken déi 24. Olympesch Spiller un.
- 16. November: D'Benazir Bhutto gëtt Regierungschefin a Pakistan. Si ass déi éischt gewielte Fra un der Spëtzt vun engem islamesche Staat.
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Sport
- 25. Juni: Déi Hollännesch Foussballnationalequipe gewënnt mat 2:0 géint d'Sowjetunioun d'Foussball-Europameeschterschaft 1988.
- XV. Olympesch Wanterspiller zu Calgary.
- XXIV. Olympesch Summerspiller zu Seoul/Südkorea.
[Änneren] Gebuer
- 5. August: Fleur Maxwell, lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.
- 6. Dezember: Sabrina Ouazani, franséisch Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 3. Januar: Gaston Eyskens, belsche Politiker.
- 26. Januar: Edmond Dune, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 24. Februar: Memphis Slim, US-amerikanesche Bluessänger a -pianist (* 1915)
- ? Februar: Cyril V. Jackson, südafrikaneschen Astronom.
- 30. März: Edgar Faure, franséische Politiker (* 1908)
- 7. Abrëll: Lydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.
- 18. Abrëll: Pierre Desproges, franséischen Humorist, Auteur an Tëlevisouns-Kabarettist (* 1939)
- 21. Abrëll: I. A. L. Diamond, US-amerikaneschen Dréibuchautor (* 1920)
- 13. Mee: Chet Baker, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Sänger a Komponist (* 1929)
- 27. Juli: Brigitte Horney, däitsch Schauspillerin (* 1911)
- 2. August: Raymond Carver, US-amerikaneschen Auteur vu Kuerzgeschichten a Gedichter (* 1938)
- 11. August: Pauline Lafont, franséisch Filmschauspillerin (* 1963)
- 14. August: Enzo Ferrari, italieneschen Auto-Pilot a Grënner vun der Autoconstructiounsfirma Ferrari (* 1898)
- 17. August: Mohammed Zia ul-Haq, pakistanesche Generol a Staatspresident (* 1924)
- 5. September: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller (* 1913)
- 17. September: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 21. September: Walter Vogt, Schwäizer Psychiater a Schrëftsteller.
- 3. Oktober: Franz Josef Strauß, däitsche Politiker (* 1915)
- 11. November: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Econom, Editeur an Auteur.
- 27. November: John Carradine, US-amerikanesche Schauspiller (* 1906)
- 6. Dezember: Roy Orbison, US-amerikanesche Country- a Rock-Sänger (* 1936)
- 27. Dezember: Hal Ashby, US-amerikanesche Filmregisseur (* 1929)