Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 5. September ass den 248. Dag (249. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1698: De russeschen Zar Péiter de Grousse féiert eng Steier op Bäert an, fir sengem Vollek orientalesch Bräich ofzegewinnen.
- 1914: Am Éschte Weltkrich fänkt d'Marneschluecht un, an deer 550.000 Zaldote stierwen.
- 1928: De britesche Bakteriolog Alexander Fleming entdeckt, datt de Schimmelpilz "Penicillin notatum" d'Bakterien um Wuessen hënnert.
- 1944: D'Conventioun iwwer d'Benelux-Zollunioun gëtt ënnerschriwwen (en trëtt den 1. Januar 1948 a Kraaft).
- 1187: Louis VIII., Kinnek vu Frankräich.
- 1638: Louis XIV., Kinnek vu Frankräich.
- 1935: Dieter Hallervorden, däitsche Kabarettist a Komiker.
- 1940: Raquel Welch, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1942: Werner Herzog, däitsche Filmregisseur.
- 1946: Freddie Mercury, britesche Sänger (Queen).
- 1948: Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin.
- 1956: Marianne Majerus, lëtzebuergesch Fotografin.
- 1569: Pieter Bruegel den Eeleren, flämesche Moler.
- 1701 - James II., Kinnek vun England an als James VII. Kinnek vu Schottland.
- 1877: Crazy Horse, Häuptling vun den Oglala-Lakota-Sioux-Indianer.
- 1891: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1988: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller.
- 1989: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 1997: Agnes Gonxha Bojaxhiu, albanesch Uerdensgrënnerin a Friddensnobelpräisdréierin (Mutter Teresa).
- 1997: Georg Solti, ungareschen Dirigent.