Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mee – Juni – Jul | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
De Juni (Broochmount) ass de sechste Mount am Gregorianesche Kalenner. Et ass och den éischte Mount vum Summer.
De Numm kënnt aus dem laténgesche junius, an de Mount wor zu Éiere vun der réimescher Göttin Juno, der Fra vum Jupiter benannt.
D'Bezeechnung Broochmount am ale lëtzebuergesche Kalenner geet op de mëttelalterleche Flouerzwang zréck, no deem d'Baueren Aarbechte wéi d'Plouen, d'Séien oder de Karschnatz all zesummen zu enger bestëmmter Zäit hu missen ufänken, fir datt keen deem aneren queesch iwwert d'Feld fueren oder eppes klaue konnt. Am Broochmount huet also op de Wisen a Felder net dierfte geschafft ginn, se lunge brooch bis zum Heemount oder nach duerno dem Karschnatz.
[Änneren] Um Spaweck
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |