1989
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 2. Mee: Ungarn fänkt domatt un, d'Grenzsperren no Éisträich ofzebauen.
- 9. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- 4. Juni: Demokratesch Parlamentswahlen a Polen: Den Tadeusz Mazowiecki (Solidarnosc) gëtt éischten net-kommunistische Ministerpresident.
- 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km tëscht Vilnius a Lettland an Tallin (Estland).
- 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säi Nofolger.
- 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Verfaassung a Kraaft.
- 4. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
- 9. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnerdausende vu Leit kënne fier d'éischte Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.
- 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.
- 25. Dezember: De gestierzten rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.
- 29. Dezember: A Polen gëtt d'Verfaassung geännert.
- 29. Dezember: De Václav Havel gëtt President vun der Tschechoslowakei.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtzer, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der je 2, den ADR der 4 an d'KPL 1.
- 14. Juli: D'Regierung Santer-Poos II, eng CSV-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt.
[Änneren] Afrika
- 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leed Schrëtter an, fir 'Apartheid ofzeschafen.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
[Änneren] Südamerika
- 3. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.
[Änneren] Asien
- 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéien sech aus dem Afghanistan zeréck.
- 4. Juni: China: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Arabesch Welt
[Änneren] Konscht & Kultur
- 29. März: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musik
[Änneren] Film
- Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
- Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Camille Claudel kritt den César fir de beschte Film.
[Änneren] Lëtzebuerg
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.
- De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.
- 7. Januar: Keeser Hirohito vu Japan (* 1901).
- 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus) (* 1904).
- 3. Februar: John Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 6. Februar: André Cayatte, Filmregisseur.
- 6. Februar: Jean-Pierre Koltz, lëtzebuergeschen Historiker.
- 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller (* 1931).
- 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.
- 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 27. Februar: Paul Oswald Ahnert, däitschen Astronom
- 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 28. Abrëll: Geza von Cziffra, Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.
- 3. Juni: Ayatollah Ruhollah Khomeini, iranesche Reliounschef (* ~1900).
- 6. Juli: János Kádár, ungaresche Politiker.
- 30. Juli: Evy Friedrich, lëtzebuergeschen Cinéast a Filmkritiker.
- 11. Juli: Laurence Olivier, britesche Schauspiller a Regisseur (* 1907).
- 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent (* 1908).
- 6. Oktober: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.
- 4. September: Georges Simenon, belsche Schrëftsteller (* 1903).
- 4. September: Colin Clark, engleschen Economist.
- 5. September: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 14. September: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.
- 4. Oktober: Graham Chapman, englesche Komiker (* 1941).
- 6. Oktober: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin (* 1908).
- 6. November: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 14. Dezember: Andrej Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker (* 1921).
- 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Silvana Mangano, italiéinesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier (* 1906).
- 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.
- 26. Dezember: Albert Hames, lëtzebuergesche Sculpteur.