4. Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 4. Juni ass den 155. Dag (156. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Mee – Juni – Jul | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1745: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Schluecht vun Hohenfriedeberg.
- 1928: Eng kleng Grupp ronderëm déi japanesch Offizéieren Ishihara an Itagaki hunn de Marschall Chang Tso-Lin embruecht. Hie war de Chef vun der japanescher Kwantung Arméi an der Mandschurei, also quasi vun der Regierung vun deeër Provënz.
- 1970: Tonga gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: Éischt fräi Wahlen a Polen.
- 1989: Massaker op der Plaz vum Himmlesche Fridden (Tiananmen); D'Chinesesch Regierung léisst d'wochelaang Manifestatioun op deeër Pekinger Plaz néiermaachen. Dausende vun Doudegen.
[Änneren] Gebuer
- 1806: Vendelin Jurion, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1809: Mathias Hardt, lëtzebuergesche Journalist, Archivar a Politiker.
- 1882: Karl Valentin, bayeresche Komiker.
- 1929: Karolos Papoulias, griichesche Politiker.
[Änneren] Gestuerwen
- 1941: Wilhelm II., leschten däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen.
- 1981: Ahmed Mohammed Rami, egypteschen Dichter a Komponist.
- 1985: Hélène Hiertz, lëtzbuergesch Chef-Kächin.
- 2004: Nino Manfredi, italiéinesche Schauspiller.
- 2005: Jeannot Bewing, Lëtzebuerger Sculpteur.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |