Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. Juni ass den 167. Dag (168. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1684: D'franséisch Truppe vum Louis XIV. huelen ënnert dem Vauban d'Stad Lëtzebuerg an, nodeems de Prënz vu Chimay kapituléiert huet.
- 1815: Bei der Schluecht bei Ligny, an der Belsch, huet den Napoleon seng lescht Victoire iwwert d'Preisen, 2 Deeg virun der Schluecht vu Waterloo.
- 1972: Am Watergate-Hotel zu Washington gi 5 Abriecher am Wahlkampfbüro vun der Demokratescher Partei gepëtzt.
- 1976: Zu Soweto a Südafrika gi bei enger Manifestatioun vu Schüler a Studenten 566 Kanner a jonk Leit vun der Police an Arméi doutgemaach.
- 1977: De Leonid Breschnew gëtt Staatschef vun der Sowjetunioun.
- 1990: Zu Schengen ënnerschreiwen Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Staten d'Schengener Conventioun, déi regelt, wéi d'Schengener Ofkommes ëmzesetze wier, fir dass Persounen a Wueren fräi zirkuléieren kënnen, an d'Baussegrenze verstäerkt géifen.
- 1607: Jean Bertels, Abbé vu den Abteien Neimënster an Iechternach, éischte Lëtzebuerger Historiker.
- 1722: John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough, englesche Feldhär
- 1884: Michel Jonas, lëtzbuergesche Politiker.
- 1892: Victor Tesch, lëtzebuergesch-belsche Jurist, Industriellen a Journalist a Politiker.
- 1958: Imre Nagy, ungaresche Politiker.
- 1977: Wernher von Braun, däitsch-US-amerikanesche Rakéitentechniker.
- 1983: Jean Majerus, lëtzbuergesche Vëlosportler.