Lëtzebuerg (Stad)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Luxembourg de: Luxemburg |
|||||
Gemeng | 'Lëtzebuerg' | |||||
Buergermeeschter | Paul Helminger (DP) | |||||
Kanton | Lëtzebuerg | |||||
Awunner | 86.009 | |||||
Fläch | 51,24 | |||||
Koordinaten | 49° 36’ 39’’ N 6° 7’ 51’’ O |
|||||
Awunner (Gemeng) | 86.009 | |||||
Fläch (Gemeng) | 5.124 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Lëtzebuerg ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen, eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied, an d'Haaptstad vum Land mam selwechten Numm.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
D'Stad Lëtzebuerg ass haut déi eenzeg Uertschaft an deeër Gemeng. Duerch Fusioune sinn ugaangs 1900 déi fréier Gemengen Eech, Hollerech an Dummeldeng opgeholl ginn.
[Änneren] Geographie
Den historeschen Zentrum vun der Stad, d'Alstad, ass no Norden, Osten a Süden hi vun 30-50 m déiwen Däller ëmginn, déi duerch d'Péitruss an d'Uelzecht an de Sandsteen gegruewe goufen.
D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hannert dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwert de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet.
Weider westlech kënnt een an de Quartier Belair, Märel an a süd-westlecher Richtung leien Hollerech an Zéisseng . No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Adolphe-Bréck an der Passerelle iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare a Bouneweg.
Weider südlech leie Gaasperech an den Houwald. Ëstlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovunner leien d'Neiduerf, den Zens an Hamm. Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.
[Änneren] Geschicht
Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, déi vun Arel op Tréier an déi vu Metz op Tréier, zesummekomm. E befestegten Tuerm huet dës Kräizung bewaacht. Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch. Hien huet säi Schlass um Bockfiels gebaut, dat Lucilinburhuc ("Kleng Buerg") genannt gouf, an eng éischte Kéier am Tosch-Traité ernimmt ginn ass.
987, huet den Äerzbeschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Alteeër an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit. Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den heitege Fëschmaart), ronderëm deen sech eng Uertschaft entwéckelt huet.
Wéinst hirer Lag, souwuel geo-politesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zënter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Festungsmauer gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu deeër Mauer). D'Stad war ongeféier 5 Hektar grouss.
Géint 1340, ënnert dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten dono d'Festung ëmmer méi ausgebaut an se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemmach.
Méi doriwwer am Artikel Festung Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënnert dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.
1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Préfecture vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an deeër preisesch Truppe stationnéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei crééiert, mam Wëllem I. vun Holland als Grand-Duc.
Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht.
Am Éischte Weltkrich hat den Helmuth von Moltke säi Quartier général an der Stad ageriicht.
1920 sinn d'Gemengen Eech, Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionnéiert.
1952 gouf d'Stad Lëtzebuerg, laang Zäit just provisoresch, Sëtz vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol. Bis 1981 goufen hei och verschidden Deel-Sessioune vum Europäesche Parlament ofgehalen. D'Stad ass weiderhi Sëtz vum Sekretariat vum Europaparlament, vum Europäesche Geriichtshaff, dem Europäesche Rechnungshaff, and derEuropäescher Investitiounsbank.
Méi doriwwer am Artikel Sëtz (Europäesch Institutiounen)an den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] D'offiziel Quartierë vun der Stad
D'Stad ass a 24 Quartierën agedeelt:
- Beggen
- Belair
- Bouneweg-Nord/Verluerekascht
- Bouneweg-Süd
- Clausen
- Dummeldeng
- Eech
- Gare
- Gaasperech
- Gronn
- Hamm
- Hollerech
- Kierchbierg
- Lampertsbierg
- Märel
- Millebaach
- Neiduerf/Weimeschhaff
- Pafendall
- Polfermillen
- Rollengergronn/Belair-Nord
- Uewerstad
- Weimeschkierch
- Zéisseng (Cessange)
- Zens (Cents)
[Änneren] Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg zënter 1693
- Jean-Bernard Knepper (1693-1698)
- ...
- François Scheffer (1800-1802)
- Jean-Baptiste Servais (1803-1811)
- Charles Baron de Tornaco (1811-1814)
- Bonaventure Dutreux-Boch (1814-1816)
- François Scheffer (1816-1817)
- Constantin Joseph Pescatore (1817-1820)
- François Scheffer (1820-1822)
- François Röser (1822-1827)
- François Scheffer (1827-1843)
- Fernand Pescatore (1844-1848)
- Jean-Pierre David Heldenstein (1848-1850)
- Gabriel de Marie (1850-1854)
- Jean-Pierre David Heldenstein (1855-1865)
- Théodore Eberhard (1865-1869)
- Jean Mersch-Wittenauer (1869-1873)
- Charles Simonis (1873-1875)
- Emmanuel Servais (1875-1890)
- Dominique "Alexis" Brasseur (1891-1894)
- Émile Mousel (1894-1904)
- Alphonse Munchen (1905-1914)
- Léandre Lacroix (1914-1918)
- Luc Housse (1918-1920)
- Gaston Diderich (1921-1946)
- Émile Hamilius (1946-1963)
- Paul Wilwertz (1964-1969)
- Colette Flesch (1970-1980)
- Camille Polfer (1980-1981)
- Lydie Wurth-Polfer (1982-1999)
- Paul Helminger (zënter 1999)
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Alstad mat de Reschter vun der Festung (Weltkulturierfschaft)
- D'Kathedral Notre-Dame
- D'Greinskapell
- De Groussherzogleche Palais
- D'Chamber
- De Péitruss-Dall
- De Quartier Gronn
- De Kierchbierg
- De Bockfiels
- D'Dräi Eechelen, mam Mudam a mam Festungsmusée
- De Fëschmaart
- D'Gare
- D'Gëlle Fra
- D'Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)
- D'Corniche
- D'Kasematten
- Den Tunnel ënner der Stad
- D'Rumm
- D'Spuenesch Tiermercher
- D'Neimënster-Abtei mat der Gehaanskierch
- De Knuedler
- D'Plëss d'Arem mam Cercle
- D'Adolphe-Bréck
- D'Clairefontainesplaz mam Monument fir d'Groussherzogin Charlotte
- D'Méchelskierch
- D'Rout Bréck
- De Kanounenhiwwel mam Monument vun der nationaler Solidaritéit
- D'Quirinuskapell
- D'Graf vum "Hauptmann von Köpenick" um Nikloskierfecht.
- Bemierkenswäert Beem:
-
- Buch am Péitrusdall
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Käschtebam op dem Square Robert Brasseur
- Bam vum Prënz Jean
- Nëssert am Konviktsgaart
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Sequoiaen am Amaliepark
[Änneren] Literatur
- Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
- Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
[Änneren] Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Aner Bedeitunge vum Wuert Lëtzebuerg
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Stad Lëtzebuerg
- Syvicol
- D'Nimm vun de Quartierën
- Eng däitsch Famill trëppelt 2003 mam Fotoapparat duerch d'Stad a schreift hir Impressiounen op
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour