See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëtzebuerger Sandsteen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëtzebuerger Sandsteen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Lëtzebuerger Sandsteen bei Bäerdref
Lëtzebuerger Sandsteen bei Bäerdref
Lëtzebuerger Sandsteen um 'Nordstrooss'-Chantier, beim Waldhaff
Lëtzebuerger Sandsteen um 'Nordstrooss'-Chantier, beim Waldhaff

De Lëtzebuerger Sandsteen ass een Deel vun de Liasformatiounen déi zum Schluss vun den Oflagerungen am Mier vum Hettangium entstan sinn (li2 op de geologesche Kaarten). Dëst Mier war ee waarmt Mier dat net ganz déif war, an der Period vum Jura, virun ongeféier 200 Millioune Joren.

De Lëtzebuerger Sandsteen fënnt en haaptsächlech zu Lëtzebuerg an a senge Grenzgebidder an der Belsch (Arel an Ëmgéigend), an Däitschland zu Ernzen an der Noperschaft vun Iechternach, an a Frankräich an der Géigend vu Grouss-Hetteng.

Dës Formatioun erstreckt sech queesch duerch d'Guttland vun der belscher Grenz bis op déi däitsch Grenz op enger Breet vun 1 bis 5 km (an der Moyenne) mat verschidden Ausleefer, op enger geduechtener Linn vun Arel - Iechternach - Mondorf.

Duerch d'Erosioun vum Sandsteen-Plateau gëtt et an der Géigend vu Konsdref, Bäerdref, Beefort an Iechternach grouss Griechten. Dës Géigend gëtt och nach Kleng Lëtzebuerger Schwäiz genannt.

Um Lëtzebuerger Sandsteen fënnt een eng grouss Partie vun de lëtzebuergesche Steekaulen oder Sandkaulen (giele Sand). E bedeckt eng Fläch vun ongeféier 500 km2, an ass dee wichtegste Grondwaasserspäicher vum Land.

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht huet eng grouss Fossiliesammlung aus der Steekaul vu Bruch (mat z.B. méi wéi 30 Aarte vu Gasteropoden).

[Änneren] Bibliographie

  • Krippel, Y. (Ed.), 2005. Die Kleine Luxemburger Schweiz - Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle et Administration des eaux & forêts, 251p., Luxembourg. ISBN 2-919877-09-7.
  • Ries, C. & Y. Krippel (Eds.), 2005. Sandstone Landscapes in Europe - Past, Present and Future. Proceedings of the 2nd International Conference on Sandstone Landscapes. Vianden (Luxembourg) 25-28.05.2005. Ferrantia 44, 249p. ISSN 1682-5519. [1]

[Änneren] Kuckt och

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -