Lias
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lias (oder schwaarze Jura) ass eng geologesch Ofdeelung vum Jura, déi op dem Keuper läit. D'Schichte vum Lias goufen virun ca. 205 - 180 Mio Joren am Juramier ofgelagert. Am Lias fënnt een haaptsächlech donkel Tounen an Tounmergelen. (dohier och de Numm Schwarze Jura).
De Lëtzebuerger Sandsteen ass een Deel vun de Liasformatiounen déi zum Schluss vun den Oflagerungen am Hettenger Mier entstan sinn.
De Lias huet 4 Stufen:
däitsch a franséisch Nimm
- Toarcium, Toarcien (183,0-175,6 Ma)
- Pliensbachium, Pliensbachien (189,6-183,0 Ma)
- Sinemurium, Sinémurien (196,5-189,6 Ma)
- Hettangium, Hettangien (199,6-196,5 Ma)