Lydie Polfer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lydie Polfer gebuer den 22. November 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.
1972, no hirer Première am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, goung d'Lydie Polfer op Grenoble, fir Droit ze studéieren. Se huet hiert Studium 1976 mat enger Maîtrise ofgeschloss, an do d'selwecht Joer och en Diplom an Europarecht gemaach.
1979 huet se sech decidéiert, an d’Politik ze goen. Si gouf, op der DPs-Lëscht, an d'Chamber gewielt an ass duer 1984, 1989, 1994 an 1999 ëremgewielt ginn. Tëscht 1984 a 1994 huet s'op hiert Mandat als Deputéiert an der Chamber verzicht, fir Deputéiert vum Europäesche Parlament ze ginn, fir wou s'och op der Wielerlëscht stung.
1994 gouf si Presidentin vun der Demokratescher Partei (DP) a blouf dat bis 2004.
Tëscht 1982 an 1999 war d'Lydie Polfer Buergemeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, wou si d'Nofolleg vun hirem Papp dem Camille Polfer gemeet huet.
Vum August 1999 bis Juli 2004 war si Vize-Première-Ministesch, Ausseministesch a Ministesch fir Verwaltung a Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer.
Zënter 2004 ass si nees Member vum Europäesche Parlament.
D'Lydie Polfer huet ee Kand.
[Änneren] Kuckt och
Virgänger: Camille Polfer |
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 1982- 1999 |
Nofolleger: Paul Helminger |