See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëtzebuerg (Land) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëtzebuerg (Land)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Lëtzebuerg.
Groussherzogtum Lëtzebuerg
Grand-Duché de Luxembourg
Großherzogtum Luxemburg
(Detailer) (Detailer)
National Devise: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn
Offiziell Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Lëtzebuerg
 82.355
Groussherzog: Henri
Premierminister: Jean-Claude Juncker
Fläch: 2.586 km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 161. Plaz
451.600 (2004)
174,6/km²
Onofhängegkeet: 9. Juni 1815 (geschaf um Wiener Kongress)

19. Abrëll 1839 (Traité vu London)

11. Mee 1867 (definitiv unerkannt)

Nationalfeierdag: 23. Juni
Währung: Euro (virun 1999: Lëtzebuerger Frang)
Zäitzon: UTC+1 (+2 am Summer)
Nationalhymn: Ons Heemecht Lauschtert
Internet TLD: .lu
International Virwahl: 352
Kaart vu Lëtzebuerg
Kaart vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2586 km² a ronn 450.000 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Am Joer 963, op Pällemsonndeg, huet den Ardennergrof Siegfried mam Klouschter Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bock, op dem e Kastell mam Numm „Lucilinburhuc“ stung, getosch.

Ronn 500 Joer laang war Lëtzebuerg dunn eng onofhängeg Grofschaft (vun 1354 un: Herzogtum), bis datt 1437 d'Haus Lëtzebuerg ausstierft an d'Land en Deel vun der Bourgogne gëtt, a kuerz dono vun de südlechen Néierlanden, deenen hir Hären a Meeschtern et och deelt (dorënner Frankräich, Spuenien an Éisträich). Während deene ronn 400 Joer Friemherrschaft gouf Lëtzebuerg och eng éischte Kéier gedeelt, an zwar 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen.


Um Wiener Kongress 1815 gouf Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmächt zum "onofhängege" Groussherzogtum ernannt, mee et huet Gebidder u Preisen missen oftrieden. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gëtt och Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gëtt déi heiteg Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougedeelt. 1848 kritt Lëtzebuerg seng éischt eege Constitutioun, déi eng vun deen deemools liberalste war, mee schonns 1856 vum Kinnek selwer nees ausser Kraaft gesat gouf. 1867, fir e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gëtt zu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erklärt. 1890 huet dat hollänescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou kritt d'Land säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).

D'éiweg Neutralitéit hënnert 1914-1918 a 1940-1944/45 d'Däitscht Räich net dorunner, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gëtt Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, probéieren d'Besatzer, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazië collaboréiert. Vun 1942 u mussen d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht. 1944/45 gëtt den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

  Méi doriwwer am Artikel Lëtzebuerg am Zweete Weltkrichan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


Nom Krich gëtt Lëtzebuerg seng Neutralitéit op a gëtt Member vun enger Rëtsch supranationalen Organisatiounen.


  Méi doriwwer am Artikel Geschicht vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Politik

Lëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.


  Méi doriwwer am Artikel Politesche System vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] D'Sprooch

D' Nationalsprooch zu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. Zënter dem Gesetz vun 1984 ass Franséisch d' Legislativsprooch, a gëtt och vun den Immigrante vill geschwaat. Ausserdeem gëtt nach vu 14% vun de Leit Portugisesch geschwaat, a vill Leit schwätzen nach Englesch.


  Méi doriwwer am Artikel [[]]an den Artikelen [[]] an [[]]an den Artikelen Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, Dialektologie an Lëtzebuergeschan den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Distrikter a Kantoner

Lëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter:

an an zwielef Kantonen agedeelt.


  Méi doriwwer am Artikel Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonenan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Geographie

  Méi doriwwer am Artikel Geographie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Geologie

  Méi doriwwer am Artikel Geologie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Economie

  Méi doriwwer am Artikel Lëtzebuerger Wirtschaftsstrukturan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Fortis-BGL, Dexia, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, TDK Recording Media Europe, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg.

[Änneren] Demographie

  Méi doriwwer am Artikel Demographie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Kultur

2007 war Lëtzebuerg mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa.

  Méi doriwwer am Artikel Kultur zu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Audiovisuel

Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a puncto europawäite kommerzielle Radio- (zënter 1929) an Tëlëvisiounsprogramme (zënter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëlleche koumen der no, déi vun der SES Astra, déi hei hire Sëtz huet bedriwwe ginn. An deene leschte Joerzéngte huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirme ginn et am Land.

[Änneren] Den Numm "Lëtzebuerg" an anere Sproochen

  • Albanesch: Luksemburgu
  • Arabesch: لوكسمبورغ (Luksemburgh)
  • Baskesch: Luxenburgo
  • Bulgaresch a Russesch: Люксембург (Ljuksemburg)
  • Chinesesch: 盧森堡 (Lusenbao)
  • Däitsch, Finnesch, Hollännesch, Ungaresch, Räto-Romanesch, Rumänesch, Schwedesch: Luxemburg
  • Dänesch: Luxemburg, Luxembourg oder Luxemborg
  • Englesch, Franséisch an Afrikaans: Luxembourg
  • Frisesch: Luksemboarch
  • Griichesch: Λουξεμβούργο (Luxemvúrgho)
  • Iresch: Lucsamburg
  • Islännesch: Lúxemborg
  • Italienesch: Lussemburgo
  • Japanësch: ルクセンブルグ (Rukusenburugu)
  • Kroatesch, Estlännesch a Polnesch: Luksemburg
  • Latäin: Luxemburgum
  • Lettlännnesch: Luksemburga
  • Litauesch: Liuksemburgas
  • Mazedonesch a Serbesch: Луксембург (Luksemburg)
  • Polnesch: Luksemburg
  • Portugisesch a Spuenesch: Luxemburgo
  • Slowakesch: Luxembursko
  • Tschechesch: Lucembursko
  • Tierkesch: Lüksemburg
  • Ukrainesch: Люксембург (Ljuksemburh) / Люксембурґ (Ljuksemburg)
  • Walisesch: Lwcsembwrg
  • Walounesch: Lussimbork

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  Méi doriwwer am Artikel Portal:Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Um Spaweck


Lëtzebuerg – All d'Artikelen op der Wikipedia zu Lëtzebuerg.
Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -