Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Slowenien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Slowenien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Republika Slovenija

Slowenesche Fändel

Slowenescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Slowenesch
Haaptstad: Ljubljana
 • Koordinaten: 46°3'N, 14°30'O
Staatsform: Republik
 • President: Danilo Türk
 • Premierminister: Janez Janša
Fläch: 20 273 km²
Bevëlkerung: 2 013 597 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 99,32/km²
Onofhängegkeet: 25. Juni 1991
(Onofhängegkeetserklärung)
Nationalfeierdag: 25. Juni
Nationalhymn: Zdravljica
Lauschteren
Währung: Euro (virum 01.01.2007: Sloweneschen Tolar)
Internet TLD: .si
International Virwahl: +386

Slowenien (slowenesch Slovenija) ass eng Republik an Europa, déi un Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an d'Adria grenzt. De Süde vu Slowenien gëtt dem Balkan resp. der Balkanhallefinsel zougerechent.

Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat neng anere Länner Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf och den Euro, deen de sloweneschen Tolar ofgeléist huet, mat Succès agefouert.

Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 Awunner Ljubljana. Si ass zentral geleeën an doduerch Dréischeif vum Verkéier.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

De Triglav an de Juleschen Alpen
De Triglav an de Juleschen Alpen

Trotz senge klengen Dimensiounen (24 % vun Éisträich) sinn a Slowenien d'Landschafte séier verschidden. De Nordwesten ass gekennzeechent duerch d’Biergkette vun de Julechen Alpen, Karawanken a Steiner Alpen, déi geologesch zu den südleche Kalkalpen gehéieren. Am Nationalpark Triglav läit déi héchst Spëtzt vum Triglav (2.864 m), héchste Punkt vum Land, no deem de slowenesche Nationalpark genannt ass an deen och am sloweneschen Nationalwope säin Ausdrock fënnt.

Vun de véier wichtegste Flëss hunn der zwéin hir Quell an de Juleschen Alpen – d’Soča (ital. Isonzo) an d’ Save (slow. Sava). Déi zwéi gréisste Flëss kommen duergéint awer aus Éisträich, näämlech d’Drau (slow. Drava) an d’Mur (slow. Mura). Während d’Soča (an hirem ënneschte Laf) italienesche Buedem bewässert an hir Mündung an der Adria huet, fléissen d’Save, d’Drau an hiren Niewefloss, d’Mur, no Osten an d’ Donau (D’Mündung ass a Kroatien bzw. Serbien).
Iwwer d’Halschent vun der Landesfläch besteet aus Bëscher.

Piran
Piran

Am Nordoste vun dem Land dominéiere mëttelhéich Bierger an d’hiwweleg Landschaften, déi nordëstlech vun der Mur an d’Flaachland an d’Hiwwele vum Übermur-Gebitt (slowen. Prekmurje) iwwergeet, während an der Mündungsgéigend Drau-Mur déi 50x20 km² grouss "Murinsel" Medimurje scho gréisstendeels op kroateschem Staatsgebitt läit. An der Mëtt an am Süden vum Land (Deel vun der Hallefinsel Istrien) fënnt ee grouss typesch Karst-Flächen. Am äußerste Südweste vum Land läit déi nëmmen 47 km laang Küst laanscht d’Adriatischt Mier. Dëst ass den déifste Punkt vum Land. Zënter dat Slowenien sech vum fréieren Jugoslawien getrennt huet, huet Slowenien en eegene Miereskorridor, iwwert deen et lo mat Kroatien abezunn op de Schëffsverkéier verhandelt.

[Änneren] Klima

De Südwesten vum Land genéisst en mediterrant Klima mat waarme Summeren a mëlle, fiichte Wanteren. Bannen am Land huet d’Klima e kontinentale Charakter.

[Änneren] Bevëlkerung

  • Ethnesch Struktur: 83,06 % Slowenen, 1,98 % Serben, 1,81 % Kroaten, 1,1 % Bosnier, kleng autochthon Minoritéite vun Italiener an Istrien (0,11 %), Ungarn an der ëstlecher Regioun Prekmurje (0,32 %), souwéi Aléisträicher (0,03 %, dt. Mammesprooch: 0,1 %, dorënner e klenge Grupp vun Gottscheer déi iwwereg bliwwe sinn). Bei 8,90 % vun der Bevëlkerung ass et net méiglech se ethnesch ze klasséieren, well keng Donnéeë virleien.

[Änneren] Gréisser Stied

  • Stied: Ljubljana 264.012 Awunner, Maribor (110.000), Celje (Cilli, 41.000), Kranj (37.000), Nova Gorica (36.000), Velenje (26.500), Koper (25.000), Novo Mesto (23.000) a Ptuj (23.000).

[Änneren] Relioun

Opgrond vun enger Vollekszielung vun 2002 bekenne sech 57,8 % vun de Slowenen zur Réimesch-Katholescher Kierch, 2,5 % si Muslimen, 2,3 % orthodox, 0,9 % Protestanten .(Als "Gleeweg, ouni Konfessioun" bezeechne sech 3,5 % vun de Slowenen, als Atheisten 10,1 %. Bei 22,8 % vun de Slowene feelt d’Ausso).

[Änneren] Geschicht

Et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech déi slawesch Virfaren vun de Slowenen am 6. Jorhonnert an d’Gebitt vum haitege Slowenien komm sinn a sech do niddergelooss hunn. Am 7. Jorhonnert ass dat slawescht Fürstentum Karantanien (Karantanija) am haitege Kärnten entstan, den éischte Staat, slawescher Herkunft dee villes matt den sloweneschen Virfaren gemeinsam hat. Och wann ët weder eng territorial nach eng politesch Verbindung matt de Slowenen gouf, gëtt dëst Fürstentum allgemeng a Slovenien als éischte Slowenestaat gesinn. Am Verlaf vu den zwee folgende Jorhonnerte koum Karantanien fir t’éischt ënner bayeresch, an du fränkesch Herrschaft. An der Mëtt vum 10. Joerhonnert war opgrond vun der Victoire vum Kinnik a spéidere Keeser Otto I. an der Schluecht op dem Lechfeld (bei Augsburg) de Wee fir d’Kolonisatioun am Oste vum Hellegen Réimeschen Räich fräi. An der Mëtt vum 13. Jorhonner goufe grouss Géigende vu Slowenien habsburgesch, mat Ausnam vun der Grofschaft vun der Sanegg zu Cilli (Celje). Dono stong Slowenien bis zum Enn vum Éischte Weltkrich - mat enger kurzer Ënnerbriechung während de Napoleoneschen Kricher - ënner habsburgescher Herrschaft.

Am 19. Jorhonnert huet d’’’Nationalbewusstsein’’ ëmmer méi zougeholl an dat huet 1918 zur Proklamatioun vum Kinnikräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen gefouert; Italien huet duerop hi d’ slowenesch Küsteregioun, déi d’ Kinnkräich du 1920 am Grenzvertrag vu Rapallo offiziell kritt hat, missen ofginn. Dat huet zu Ausenanersetzungen matt Italien gefouert. Okkupéiert vu den slaweschen Truppen gouf déi deemoleg Untersteiermark matt der Haapstad Marburg ouni Referendum u Jugoslawien ugeschloss. 1929 ass d’Land du no engem Staatsstreich an d'Kinnikräich Jugoslawien ëmbenannt gi. Doduerch hunn d’Serben am Kinnikräich ëmmer méi dominéiert. Ausserdeem hu d’Slowenen de Verloscht vun hirer Küstenregioun staark bedauert. Well sech de Kinnik den Achsenmächten rapprochéiert huet, koum ët zu Opstänn, an de Kinnik gouf ofgesat. Dorop hinn hunn d’Achsemächte reagéiert; si sinn 1941 kurzerhand a ganz Jugoslawien ageréckt an hunn Slowenien ënnert Italien, Ungarn an Däitschland opgedeelt. Dat hat zur Follech, datt onmëttelbar duerno eng vun Kommunisten dominéiert Fräiheetsfrot (Osvobodilna Fronta) gegrënnt gouf. Eng Rei vu Partisanenverbänn hu sech forméiert. Nom Enn vum zweete Weltkrich gouf souzesoen déi ganz däitschsproocheg Minoritéit aos Revanche verdrief. Massakeren sinn och nët ausblief.

Nom zweeten Weltkrich ass de 29. November 1945 d’Demokratesch Föderative Volleksrepublik Jugoslawien , déi sech 1963 an Sozialistesch Föderativ Republik Jugoslawien (SFRJ) ëmgedeeft huet, gegrënnt gi. Déi staark gewuess Onzefriddenheet matt der Belgrader Regierung ass an den 1980er Joren ëmmer méi gewuess an et koum de 25. Juni 1991 zu enger Onofhängegkeetserklärung vu Slowenien. Jugoslawesch Truppen si amarchéiert an d’Slowenen hu sech matt Erfollech géint si gewiert. D’Ausscheedung aus der Jugoslawescher Republik ass zimlech ouni gréisser Problemen erfollecht an de 23. Dezember 1991 huet sech Slowenien eng demokratesch Verassung nom eurpäeschen Virbild ginn. Slowenien gouf kuerzerhand vun allen europäesche Länner unerkannt, Bäitrëttsverhandlungen matt der EU opgeholl, wat den 1. Mee 2004 zu sengem Bäitrëtt gefouert huet.

Tartini-Plaz zu Piran
Tartini-Plaz zu Piran

[Änneren] Politesch Situatioun

Iewechte Chef vun der Republik Slowenien ass de Präsident, deen awer haaptsächlech nëmmen eng repräsentativ Funktion ausübt an all fënnef Jor direkt vum Vollek gewielt gëtt. Hien ass en Deel vum exekutiven Pouvoir, deen hien zesummen mam Ministerpräsident a matt der Ënnerstzung vu dem Ministerrot ausübt. Dës béid ginn vun der Nationalversammlung gewielt.

Dat slowenescht Parlament besteet aus zwo Chamberen: Der Nationalversammlung (Državni zbor) a dem Nationalrot (Državni svet). D’Nationalversammlung setzt sëch aus 90 Deputéierten zesummen, déi zum Deel durch eng direktWahl bzw. Opgrond vun engem Proporsysteem bestëmmt ginn. Déi autonom Minoritéien vun Italiener an Ungaren profitéieren vun engem garantéierten Volleksgruppemandat. A Froen, déi sëch ausschléisslech op d’Rechter vun der Minoritéit bezéien, hunn dës Volleksgruppendeputéierten en absolut Vetorecht.

A den Nationalrat ginn 40 Deputéierten aus sozialen, wirtschaftlechen a regionalen Interessensgruppen gescëckt. Parlamentswahlen ginn all véier Jor ofgehal.

Am Cader vun der NATO-Osterweiterung gouf Slowenien den 29. März 2004 Member vun der NATO. Zënter dem 1. Mee 2004 ass ët an der Europäeschen Unioun.

[Änneren] Verwaltungsglidderung

Slowenien ass an 210 Gemengen (slowenisch občine, Sg. občina), dorënnerr eelef Stadgemengen, opgedeelt. Iwwert d’Schafung vu Regiounen gët nogeduecht.

[Änneren] Bezéiungen zu Lëtzebuerg

Slowenien ënnerhält gudd Bezéiungen zu Lëtzebuerg. Am Zweete Weltkrich gouf nämlech déi lëtzebuergesch Fräiwellegekompanie vun den Däitschen no Slowenien versat, fir do géint d’Partisanen agesat kënne ze ginn. D’Lëtzebuerger hunn du gemeutert a goufen du vun den Däitschen an de Prisong oder an d’Kazett gestach. D’Slowenen, déi zu hinnen Zougang haten hu si heemlech versuergt. D’Slowenen hunn hinnen héich ugerechent, datt si sech geweigert hunn, fir op d’Partisanen ze schéissen. Zënter deemols stinn nach ëmmer letzebuergesch a slwenesch betraffen Familjen an enker Bezéiung.

An der Weltbank an am Internationalen Währungsfong si Lëtzebuer a Slwenien desweideren an dem selweschten Grupp a ginn an hiren Verwaltungsréit duerch een an de selweschten Exekutivdirekter vertrued. Dat trëfft och fir d’BERD (Banque Européenne pour la Reconstruction et le Développement) zou.

[Änneren] Wirtschaft a Verkéier

De Miereshafen vu Koper
De Miereshafen vu Koper

Vu sämtleche Länner aus Osteuropa, déi der Europäescher Communautéit nei bäigetratt sinn, ass Slowenien de Musterschüler, dat Land, wou d’Privatisatioun am beschten iwwert d’Bühn gang ass a wou d’Economie sech einegermoossen, ouni allzegrouss Schwieregkéten, un de westleche Standard ugepasst huet. Slowenien huet eng gemëscht Wirtschaft, déi op der enger Säit op déi lokal Traditiounen vum Handwierk an der Landwirtschaft opgebaut ass, an zum aneren den Usprëch vu modernen Dengschtleeschtungen gerecht gëtt. Slowenien ass mat knapp zwou Milliounen Awunner zwar e klengt Land, ass awer wirtschaftlech ganz gesond.

Pro-Kapp läit d’Akommen vun de Slowenen am europäeschen Mëttelfeld. Zënter dem 1. Januar 2007 ass den Euro déi offiziell Währung vu Slowenien.

[Änneren] Landwirtschaft

Slowenien ass bekannt fir säi Wäibau. Virun allem de Wäin aus der Ënnersteiermark gëtt gréisstendeels no Däitschland an Éisträich exportiert.

[Änneren] Industrie

An der Industrie si ronn 40% vun der aktiven Bevëlkerung täteg. D ‘Nahrungsmëttelindustrie huet mat iwwer 10% de gréissten Undeel un der gesamten Industrieproduktioun. Niewent hier sinn d’Elektro- an d’Elektronikindustrie (ca. 10%), d’Metallverarbeschtung an de Maschinenbau (10%) wéi och déi chemesch a pharmazeutesch Industrie (9%) vu gréisserer Bedeitung . Ee neien Industriezwäig, deen ëmmer mài Bedeitung kritt ass d’Automobilindustrie (an d’Automobilzoulieferindustrie am wäitesten Sënn) e. a. opgrond vun de neien Renault-Wierker.

[Änneren] Dëngschtleeschtungen

Zënter senger Onofhänegkeet am Jor 1991 huet Slowenien säin Dëngschtleeschtunssektor staark ausgebaut; hien beschäftegt mëttlerweil 53% vun den Arbeschtsplazen am Land. Slowenien verfügt och schons een fir Mëtteleuropa gutt ausgebaute Verkéierssystem. Niewent de kulturellen a wirtschaftlechen Zentren in Ljubljana (dt: Laibach; Haapstad a mat eegenem internationalen Flughafen) an Maribor (dt: Marburg un der Drau) bestinn virun allem an den Julische Alpen an un der Küst vum Adriateschen Mier gutt ausgebaut Strukturen fir d’EntwËcklung vum Tourismus.

Duerch den Mierhafen vu Koper]] (ital. Capodistria) ënnerhält Slowenien Schëfs-verbindungen mat der ganzen Welt an ass d’ Durchgangsland fir Wueren no Mëtteleuropa.

[Änneren] Literatur

  • Hösler, Joachim: Slowenien. Von den Anfängen bis zur Gegenwart. Regensburg: Friedrich Pustet, 2006. ISBN 3-7917-2004-X
  • Rehder, Petra: Slowenien. München, 1999. ISBN 978-3-406-39879-7
  • Sowards, Steven W.: Moderne Geschichte des Balkans. Der Balkan im Zeitalter des Nationalismus. Seuzach, Schweiz: G. Liebetrau, 2004. ISBN 3-8334-0977-0 (BoD)
  • MERIAN: Slowenien, Jahreszeiten Verlag GmbH, Hamburg

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Slowenien – Biller, Videoen oder Audiodateien


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com