Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Éischte Weltkrich - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Éischte Weltkrich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Éischte Weltkrich, am Engleschen a Franséischen och Great War bzw. Grande Guerre genannt, huet vun 1914 bis 1918 gedauert, an iwwer néng Milliounen Affer gefuedert, a gouf an Europa, dem Noen Osten, Afrika an Ostasie gefouert.

De Krich gouf aus éischt tëscht de Mëttelmuechten Däitscht Räich an Éisträich-Ungarn op der enger Säit an de Muechte vun der Entente Frankräich, Groussbritannien a Russland souwéi Serbien op der anerer Säit ausgedroen.

Ouni ze wëlle koum d'Belsch als Affer derbäi, an dat déi Däitsch, ouni op d'belsch Neutralitéit Rücksiicht ze huelen, nom Schlieffeplang amarschéiert sinn. Am Verlaf vum Krich goufen d'Mëttelmuechten duerch d'Osmanescht Räich a Bulgarie verstäerkt, während op alliéierter Säit d'Staate Japan, Italie, Portugal, Rumänien an d'USA an de Krich agetruede sinn. Am Éischte Weltkrich hunn sech d'muechtpolitesch Géigesätz vun den europäesche Groussmuechten entlueden, déi zu enger enormer Oprüstung gefouert haten.

Um Enn vum Krich ware 25 Staaten ann denen hir Kolonien, an denen insgesamt 1,35 Milliarde Mënsche gelieft hunn, also ca. dräi Véirel vun der deemoleger Äerdbevëlkerung, am Krichszoustand. Opgrond vun de Verwerfungen, déi den Éischte Weltkrich weltwäit ausgeléist huet, an de Folgen déi een nach haut spiert, gëllt e bei villen Historiker als Urkatastroph vum 20. Joerhonnert.

Britesch Zaldote vun der Royal Irish Rifles an engem Schützengruef, 1916
Britesch Zaldote vun der Royal Irish Rifles an engem Schützengruef, 1916

De Krich huet den 28. Juli 1914 mat der Krichserkläerung vun Éisträich-Ungarn u Serbien ugefaangen. Den 30. Juli huet Russland d'Generalmobilmaachung fir d'Ënnerstëtzung vu Serbien decidéiert. Doropshinn huet d'Däitscht Räich als Bündnispartner vun Éisträich-Ungarn Russland den 1. August de Krich erkläert. Nach de selwechten Owend si russesch Kavallerie-Sektiounen iwwert d'ost-preisesch Grenz marschéiert.

Ugefaangen hat alles mat engem Attentat zu Sarajevo den 28. Juni 1914 wou den éisträichesch-ungareschen Trounfolger Franz Ferdinand a seng Fra gestuerwe waren an hannert deem Membere vun der serbescher Log "Schwaarz Hand" vermudd gi sinn. An engem Ultimatum vum 23. Juli 1914 hat d'éisträichesch-ungaresch Regierung zu Wien Schuedensersaz vun der serbescher Regierung gefuerdert, ënner anerem eng geriichtlech Enquête géint d'Membere vum Komplott an deeër och d'keeserlech a kinneklech Regierung e Wuert matzeschwetzen hätt. D'serbesch Regierung huet dëse leschte Punkt oofgeleent, mat der Begrënnung dass dat en Agrëff an hier Souveränitéit wäer, mee huet awer déi aner haart Fuerderunge vum Ultimatum akzeptéiert. Duerch d'Krichserkläerung kuerz drop goufen eng Rei vu Bündnisser aktivéiert, déi séier zum Weltkrich gefouert hunn.

Den Éischte Weltkrich war deen éischte Krich, dee mat engem massive Materialasaz (Panzer, Loftschëffer, Fligeren a Masservernichtungswaffen wéi Gëftgas) gefouert gouf. D'Fronten hunn sech awer kaum bewegt, zum Deel, well vis-à-vis vun der moderner Technik déi al Militärstrategie stoungen. Am endlose Stellungskrich hunn sech d'Truppe géigesäiteg opgeriwwen. Besonnesch op de Schluechtfelder viru Verdun an a Flandern sinn op béide Säiten Honnertdausenden Zaldoten ëmkomm, ouni dass sech eppes un der militärescher Lag geännert hätt. Och and eem Punkt stellt den Éischte Weltkrich e Krich duer, deen an de Grausamkeeten alles iwwertraff huet, wat bis dohinner bekannt war.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Gerhard Hirschfeld, Gerd Krumeich an Irina Renz (Ersg.), Enzyklopädie Erster Weltkrieg., Paderborn 2003, ISBN 3506739131.
  • Volker R. Berghahn, Der Erste Weltkrieg. C.H.Beck, München 2003, ISBN 3-406-48012-8
  • Martin Farndale, Western front, 1914–18, London 1986, 421 S., ISBN 1-87011-400-0.
  • Fritz Fischer, Griff nach der Weltmacht, Düsseldorf 2000, ISBN 3770009029.
  • Richard F. Hamilton, Holger H. Herwig, The Origins of World War I, Cambridge 2004, ISBN 0521817358.
  • Michael Howard, Kurze Geschichte des Ersten Weltkriegs, München 2004.
  • John Keegan, Der Erste Weltkrieg. Eine europäische Tragödie, Reinbek bei Hamburg 2003, ISBN 3499611945.
  • Fritz Klein a.a., Deutschland im ersten Weltkrieg, Berlin (Ost) 1968–1970.
  • Peter Kielmansegg, Deutschland und der Erste Weltkrieg, Stuttgart 1980.
  • Vejas Gabriel Liulevicius, Kriegsland im Osten. Eroberung, Kolonisierung und Militärherrschaft im Ersten Weltkrieg 1914–1918, Hamburg 2002.
  • Wolfgang J. Mommsen, Die Urkatastrophe Deutschlands. Der Erste Weltkrieg 1914–1918 (Gebhardt. Handbuch der deutschen Geschichte 17), Stuttgart 2002, ISBN 3608600175.
  • Wolfgang J. Mommsen, Der Erste Weltkrieg – Anfang vom Ende des bürgerlichen Zeitalters. BpB, 2004, ISBN 3-596-15773-0.
  • Sönke Neitzel, Blut und Eisen, Zürich 2003, ISBN 385842448X.
  • Manfried Rauchensteiner, Der Tod des Doppeladlers: Österreich-Ungarn und der Erste Weltkrieg, Graz, Wien, Köln 1993, ISBN 3-222-12116-8.
  • Norman Stone, The Eastern Front 1914–1917, London 1998.
  • Barbara Tuchman, August 1914. Fischer Taschenbuch, ISBN 3596153956 (Pulitzer-Präis 1963, populärwëssenschaftlech).
  • Jay Winter (Ersg.), Der Erste Weltkrieg und das 20. Jahrhundert, Hamburg 2002, ISBN 3-930908-76-X.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Éischte Weltkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com