Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Norwegen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Norwegen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Kongeriket Norge
Kongeriket Noreg

Norwegesche Fändel

Norwegescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Norwegesch [1]
(Bokmål an Nynorsk)
Haaptstad: Oslo
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Harald V.
 • Premierminister: Jens Stoltenberg
Fläch: 323 802 [2] km²
 • Dovu Waasser: 7 %
Bevëlkerung: 4 681 100 [3]
 • Bevëlkerungsdicht: 12/km²
Onofhängegkeet: vu Schweden, deklaréiert de 7. Juni 1905
Nationalfeierdag: 17. Mee
Nationalhymn: Ja, vi elsker dette landet
Lauschteren
Währung: Norwegesch Kroun (NOK)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .no
International Virwahl: +47

D'Kinnekräich Norwegen (norw.: Kongeriket Norge/Noreg) ass en nordeuropäescht Land a läit am Weste vun der skandinavescher Hallefinsel. Nopeschlänner sinn am Oste Schweden, am Nordoste Finnland a Russland. Am Weste gëtt d'Land vum Nordatlantik begrenzt, dee sech deelweis wäit a Form vu Fjorden an d'Land era grieft.

Enner norwegescher Souveränitéit sinn och d'Insele Svalbard a Jan Mayen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft
Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft

Norwegen ass e laangt, schmuelt Land. Vun der Südspëtzt zu Lindesnes bis op Kinnarodden um Nordkap, deem nërdlechste Punkt an Europa, sinn et 1 752 km Loftlinn. D'Breet variéiert tëschent den zwee Extremer 6km an 430km. De Relief vum Land ass geprägt vu Bierger, Gletscheren a Fjorden. Mat de Fjorden abegraff bréngt et Norwegen op 25.148 km Küst. Den héchste Bierg ass mat sengen 2 469 Meter de Galdhøpiggen, dee gréisste Séi ass de Mjøsa mat 362 km2.

D'Klima laanscht Küsten ass wéinst der vum Golfstroum transportéierter Wäermt verhältnesméisseg temperéiert. Méi kill gëtt et a Richtung Banneland an an deenen nërdlechste Regiounen herrschen am Wanter subarktesch Temperaturen. An deenen Deeler vum Land déi nërdlech vum arktesche Polarkrees leie, geet d'Sonn am Summer ni ënner (Mëtternuechtssonn) respektiv am Wanter ni op.

Nieft Oslo ginn et an Norwegen nach dräi aner Stied mat méi wéi 100.000 Awunner, näämlech Bergen, Trondheim a Stavanger.

Norwegen besëtzt fënnef iewerséiesch Regiounen:

  • Svalbard (Spitzbergen a Biereninsel) am Nordatlantik an am Nordpolarmier
  • Jan Mayen am Nordatlantik
  • Bouvetinsel am Südpolarmier
  • Péiter-I.-Insel am Südpolarmier
  • Kinnigin-Maud-Land an der Antarktis

Kuckt och: Fjorde vun Norwegen

[Änneren] Bevëlkerung

[Änneren] Zuel

Am Hierscht 2000 ass d' Zuel vun den Awunner an Norwegen op méi wéi 4,6 Mio. geklomm a si klëmmt nach virun, all Joer em ongeféier 30.000 Mënschen. Vill vun hinne sinn zougewandert Flüchtlingen. Ze berücksichtegen ass och, datt d'Gebuertenzuel an Norwegen méi héich wéi an deene meeschte europäesche Länner ass.

[Änneren] Zesummensetzung

95,9 % vu der Bevëlkerung sinn Norweger, dozou zielen och d'Minoritéiten vu ca. 40 000 Saami (Lappen) an ca. 10 000 Finnen (Kvener). Den Auslännerundeel erreecht 4,1 % (0,6 % Schweden, 0,4 % Dänen, 0,3 % Bosnier, 0,2 % Pakistaner, 0,2 % Briten ënnert aneren.) (Stand 2001).

75 % vun der Populatioun liewen an de Stied.

[Änneren] Gréisser Stied a vun Touriste besicht Uertschaften

[Änneren] Sproochen

Norwegesch gehéiert zu den nordgermanesche Sprooche wouvun et haut zwou offiziell Versioune ginn, Bokmål an Nynorsk. Allebéid si Schrëftsproochen.

Bokmål ("Buchsprooch") geet op d'Riksmål ("d'Sprooch vum Räich") zeréck d.h. op déi haaptsächlech vum Däneschen geprägte Sprooch vun der Uniounszäit mat Dänemark.

Nynorsk ("Neinorwegesch"), dat bis 1929 Landsmål ("d'Sprooch vum Land") geheescht huet, ass u sech eng kënstlech Sprooch an ass zënter 1885 déi zweet offiziell Schrëftsprooch. Nynorsk ass zu engem groussen Deel eng Sammlung aus verschiddene westnorwegeschen Dialekter, déi an de Publikatioune vum Linguist Ivar Aasen systematiséiert goufen an hier allgemeng Verbreedung fonnt hunn.

D'Majoritéit vun den Norweger schreift Bokmål. Nynorsk ass fir 10-12% d'Haaptsprooch. An der Schoul léieren norwegesch Schüler a Schülerinnen haut souwuel Bokmål wéi och Nynorsk. Béid Sprooche gi mëndlech an enger sëllechen Dialekter geschwat.

Nieft Norwegesch gëtt am Norde vum Land och nach Samesch a Finnesch vun den nationale Minoritéite geschwat.

[Änneren] Relioun

Norwegen huet eng Staatskierch (Den Norske Kirke) no evangelesch-lutherescher Traditioun. Hier héchst Autoritéit ass de Kinnek.

[Änneren] Geschicht

Déi eelst zivilisatoresch Spuren am haitegen Norwegen si ronn 10. 300 Joer al a goufen an der Géigend vum Nordkap fonnt. Den Harald Hårfagre ("Harald mat de schéinen Hoer") bréngt et an der Wikingerzäit (800-1050) fir d'éischte Kéier fäerdeg grouss Deeler vun Norwegen an engem Kinnekräich ze vereenegen.

Norwegesch Wikinger bedreiwen an där Zäit net nëmmen Handel mat hiren europäeschen Nopere, mee bleiwen och wéinst hirem Geraafs a Gestiels a Kléischter an a Küstestiedt an Erënnerung. Island, d'Faröerinselen a Grönland gi vun norwegeschen Wikinger besiddelt.

Em 1030 gëtt d'Land christianiséiert.

1387 stierft d'norwegesch Kinneksgeschlecht aus, an Norwegen gëtt en Deel vun der Kalmarer Unioun. D'Land ass en zimlech onbedeitend Member nieft Schweden an deem deemools dominanten Dänemark. Norwegen gëtt als net vill méi wéi eng dänesch Provënz ugesinn an déi offiziell Sprooch ass dänesch. D'Personalunioun mat Dänemark hält bis 1814 (Schweden emanzipéiert sech ënnert dem Gustav Vasa an ass zënter 1523 net méi an der Unioun). Dänemark-Norwegen steet an de Kricher vum Napoléon als Alliéierten op der Säit vu Frankräich. Als Konsequenz dovu gëtt Dänemark am Fridde vu Kiel (1814) dozou gezwongen, Norwegen u Schweden ofzeginn.

Nationalversammlung zu Eidsvoll vun 1814
Nationalversammlung zu Eidsvoll vun 1814

D'Norweger probéiere vun dëser Iwwergankszäit ze profitéieren a gi sech de 17. Mee 1814 zu Eidsvoll eng Verfaassung, an där se sech als onofhängeg déclaréieren. No engem kuerze Krich mat Schweden gëtt zu gudder Lescht de Kompromëss fonnt, datt Norwegen zwar en eegent Kinnekräich mat deelweis eegenen Institutioune bleiwen däerf, dat awer nëmmen am Kader vun enger Personalunioun mat Schweden. Den 13. August 1905 stëmmt eng grouss Majoritéit vun den Norweger an engem Referendum fir d'Opléisung vun der Unioun, déi domat onbluddeg op en Enn bruecht gëtt. Neie Kinnik gëtt den dänesche Prënz Carl aus dem Haus Glücksburg, dee sech Haakon VII. nennt.

Am éischte Weltkrich bleift Norwegen neutral. 1920 trëtt d'Land dem Vëlkerbond (Société des nations) bäi.

Den 9. Abrëll 1940 iwwerfält Däitschland déi neutral Länner Dänemark an Norwegen (Operatioun Weserübung). D'Norweger wiere sech 6 Woche laang, mussen awer den 10. Juni 1940 virun der däitscher Arméi kapituléieren. D'Zil vun der däitscher Invasioun war et d'norwegesch Häfen ënner Kontroll ze kréien. Engersäits sollt doduerch verhënnert ginn, datt Groussbritannien a Kooperatioun mat Norwegen Däitschland den Zougang zum Nordmier kéint blockéieren, anerersäits war den Hafe vun Narvik eng wichteg Statioun fir den Transport vu Minette aus dem schwedesche Kiruna an d' Drëtt Räich.

D'Majoritéit vun den Norweger war géint d'Besetzung an d'Ideologie vun Nazi-Däitschland. D'national Resistenz huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Dogéint ass de Numm vun dem bekanntesten norwegeschem Nationalsozialist, dem Vidkun Quisling, zum Synonym vu Kollaborateur ginn.

Norwegen ass Member vun der NATO, de Vereente Natiounen an der EFTA (Association européenne de libre-échange), huet d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen an ass Deel vum Espace Économique Européen. Zweemol, an de Joren 1972 respektiv 1994 hunn d'Norweger a Referendumen géint de Bäitrëtt an d'EU gestëmmt.

[Änneren] Politik

D'kinneklecht Schlass zu Oslo
D'kinneklecht Schlass zu Oslo
D'Stortinget (Parlament) zu Oslo
D'Stortinget (Parlament) zu Oslo

D'norwegesch Verfassung vum 17. Mee 1814 ass vun der franséischer Verfassung vum Enn vum 18. Joerhonnert inspiréiert. De Prinzip vum Montesquieu vun der Gewaltentrennung gëllt och hei. D'Duerchféierung vun deem Prinzip huet allerdéngs an der Praxis e puermol zu Ausenanersetzungen tëschent der Exekutiv, déi am wesentleche vum Kinnekshaus kontrolléiert gëtt, an dem Storting, dem norwegesche Parlament, gefouert. D'Kinnekshaus huet näämlech probéiert seng Privilegien als Executivmuecht auszebauen, andeems d'Parlament, opgrond vun der Verfassung, dat verhënnere wollt.

Dës Spannungen hu bis 1884 zougeholl, deem Joer, dat an Norwegen als dat Joer ugekuckt gëtt, wou de Parlamentarismus sech duerchgesat huet. De biergerlech-liberale Stortings-Députéierte Johan Sverdrup huet trotz Widerstand vum Kinnek Oskar II. d'staatsrechtlecht Prinzip duerchgesat, no deem eng Regierung, fir kënne virun ze regéieren, d'Ënnerstëtzung vum Storting, also dem Parlament brauch. No dëser Bestätegung huet de Kinnik missen de Sverdrup als neie Ministerpresident mat der Regierungsbildung chargéieren.

D'Parlament besteet aus 165 Deputéierten. All 4 Joer gëtt gewielt (bis 1936 all drëtt Joer). D'Parlament, Stortinget 1:1 iwwersat "Déi grouss Saach"), setzt sech zesummen aus zwee Deeler, (Odelstinget a Lagtinget). Well den Ënnerscheed iewer net ganz kloer ass, gëtt den norwegesche Systeem allgemeng als Eekummersystem ugesinn.

Grousskoalitioune sinn an Norwegen net de Gebrauch. De Fall, datt Minoritéitsregierungen mat der Ënnerstëtzung vum Parlament regéieren, ass méi heefeg. A leschter Zäit hate Minoritéitsregierungen Problemer, sou datt och elo an Norwegen fir de Prinzip vu Koalitiounen pledéiert gëtt. No de leschte Wahlen, den 12. September 2005 besteet d'Regierung aus enger Koalitioun vun "Arbeiderpartiet" (Sozialisten), "Sosialistisk Venstreparti" (Sozialistesch Lénkspartei) an der "Senterpartiet" (Zentrumspartei). Norwegesche Regierungschef ass de Sozialist Jens Stoltenberg.

An Norwegen goufen et bis lo 6 Referendumen:

  • 1905 iwwer d'Opléisung vun der Unioun mat Schweden. (Resultat:Jo)
  • 1905 iwwer d'Ernennung vum Prënz Carls vun Dänemark als Kinnik Haakon VII. (Resultat: Jo)
  • 1916 iwwer d'Alkoholverbuet. (Resultat: Jo)
  • 1927 iwwer d' Annulatioun vu dëser Interdictioun. (Resultat: Jo)
  • 1972 iwwer de Bäitrëtt zu der Europäescher Communautéit. (Resultat: Nee)
  • 1994 iwwer de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun. (Resultat: Nee)

[Änneren] Parteien

Am Storting sinn zur Zäit vertrueden:

  • Arbeiderpartiet (Sozialdemokratesch Partei)
  • Høyre (Konservativ)
  • Fremskrittspartiet (Fortschrëttspartei)
  • Sosialistisk Venstreparti (Sozialistesch Lénkspartei)
  • Kristelig Folkeparti (Chrëschtlech Vollekspartei)
  • Senterpartiet (Zentrumspartei, vertrëtt d'Interesse vun de Baueren)
  • Venstre (Liberal)
  • Aner kleng Parteien:
    • Kystpartiet (Küstepartei, vertrëtt d'Interesse vu de Mënschen un der Küst an Nord-Norwegen)
    • Arbeidernes kommunistparti (Kommunistesch Partei vu den Arbechter)
    • Norges Kommunistiske Parti (Kommunistesch Partei vu Norwegen )
    • Rød Valgallianse (Rout Wahlallianz, gréisst kommunistesch Partei)
    • Kristent Samlingsparti (Chrëschtlech Sammlungspartei, chrëschtlech, extrem-konservativ)
    • Demokratene (D'Demokraten, extrem konservativ)
    • Det Liberale Folkepartiet (Liberal Vollekspartei )
    • Pensjonistpartiet (Rentner-Partei, Partäi fir al Leit)
    • Miljøpartiet De Grønne (Déi Gréng, eng Ëmweltspartei)

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen

D'Land ass a 19 Verwaltungsprovënzen (Fylker) agedeelt. Déi klengst der Fläch no ass d'Haaptstad Oslo.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Literatur

Norwegen huet an der leschter Halschent vum 19. Joerhonnert vun engem staarke kulturellen Opschwong profitéiert. Un him haten Auteuren wéi den Henrik Ibsen, de Bjørnstjerne Bjørnson, den Alexander Kielland, de Jonas Lie, d'Amalie Skram, den Arne Garborg, Hans E. Kinck a Knut Hamsun e groussen Undeel.

Dräi Norweger kruten den Nobelpräis fir Literatur: de Bjørnstjerne Bjørnson (1903), Knut Hamsun (1920) an d' Sigrid Undset (1928). De Friddensnobelpräis gëtt op Beschloss vum norwegeschen Nobelkomitee zu Oslo zouerkannt.

[Änneren] Musek, Theater a Konscht

De bekanntesten norwegesche Komponist ass den Edvard Grieg.

Déi wichtegst Theaterbühne sinn d'Oper an d'Nationaltheatret zu Oslo, d'national Scene zu Bergen an den neien Theater an norwegescher Sprooch: Det norske Teater zu Oslo.

Bekannteste Moler ass den Edvard Munch. Seng Wierker kann een haaptsächlech am Munch-Musée zu Oslo gesinn.

[Änneren] Economie

D'Buerinsel Stratford A am Nordmier (1982)
D'Buerinsel Stratford A am Nordmier (1982)

D'norwegesch Economie baséiert op engem räiche Wohlfahrtsstaat no kapitalisteschem Modell mat enger Kombinatioun vu fräiem Marché a staatleche Reguléierungen. Vital Beräicher wéi de petrochemesche Secteur sinn a grousse Staatsbetriber organiséiert. D'Land ass räich un natierleche Ressourcen; Pëtrol, Waasserkraaft, Fësch, Bëscher a Mineralien. Norwegen ass ferm ofhängeg vu senger Pëtrolproduktioun an den internationale Pëtrolspräisser. 1999 louch den Undeel vum Pëtrolsexport bei 35% vun den Exportrevenuen. Saudi-Arabien a Russland sinn déi eenzeg Länner déi nach méi Pëtrol exportéieren.

E groussen Deel vum Benefice gëtt vum norwegesche Staat an en nationale Pëtrolsfond (Statens petroleumsfond) placéiert, deen a senger Totalitéit an d'Ausland investéiert gëtt. De Wäert vum Pëtrolsfond louch am 2. Quartal 2005 bei 181,5 Milliarden US-Dollar.

Norwegen ass net an der EU, huet awer wéinst dem Accord iwwert den Espace Économique Européen Zougang zum europäesche Marché.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Samesch huet an der Finnmark plazeweis de Status vun enger administrativer Sprooch.
  2. Fläch vum Kinnekräich mat Svalbard a Jan Mayen: 385 199 km². Source: www.ssb.no (2007)
  3. Stand 1.1.2007. Source: www.ssb.no

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Norwegen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com