Minette (Geologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Minette ass en oolithescht Eisenäerz dat am Süde vum Lëtzebuerger Land unzetrëffen ass, an der sougenannter Minettsgéigend souwéi a Loutrengen. Den Numm ass am Fong e pejorativen Diminutiv vu mine (Grouf) wëll de Minette en zimelech schappegen Eisegehalt huet. D'Minette ass wärend dem mëttlere Jura (Dogger) duerch Sedimentatioun entstaan a gehéiert zur Stuf vum Aalenium.
[Änneren] Reduktioun vun der Minette am Héichuewen
Am Héichuewe gëtt dem Eisenoxid duerch eng chemesche Reaktioun mat Kuelestoff a Kuelemonoxid de Sauerstoff entzunn. Dës Reaktioun, bei deer de Sauerstoff entzu gëtt, nennt ee Reduktioun.
Dobäi ginn och aner Oxider, zum Beispill Manganoxid a Siliziumdioxid, reduzéiert. Weiderhin hëlt d'Eise Kuelestoff op. Dofir entsteet am Héichueweprozess kee rengt Eisen, mee Réieisen, dat mat Kuelestoff, Silizium, Mangan, Phosphor a Schwiefel veronrengegt ass.