Saudi-Arabien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
المملكة العربية السعودية al-Mamlaka al-‘Arabiyya as-Su’ūdiyya Saudi-Arabien |
|||||
|
|||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
Haaptstad: | Riad | ||||
Staatsform: | Absolut Monarchie | ||||
Fläch: | 2.240.000 km² | ||||
Bevëlkerung: | 26.417.599 (2004) | ||||
D’Kinnekräich Saudi-Arabien (arabesch: المملكة العربية السعودية) ass eng absolut Monarchie am Noen Osten. Saudi-Arabien läit op der arabescher Hallefinsel a grenzt un den Irak, Jordanien, Kuwait, Oma, Katar, Bahrain, d’Vereenegt Arabesch Emirater, de Jemen, d’Rout Mier an de Persesche Golf. Bekannt ass d’Land fir seng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d’Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d’Arméi eigentlech relativ kleng ass. Donneschdes ass deelweis Roudag, de Freideg ass e komplette Roudag. Déi islamesch Zäitrechnung gëtt ugewandt. (Moundkalenner)
[Änneren] Geographie
Déi Arabesch Hallefinsel besteet gréisstendeels aus engem ausgedeenten Héichland. Am Weste bilt de Plateau e géie Randofbroch, dee parallel zur Küst vum Roude Mier verleeft. Am Nordweste gëtt et praktesch keng Küst. Déi héchste Bierger leien am Südwesten am Asir, wou och den héchste Punkt, de Bierg Dschabal Saura mat 3.133 m Héicht läit.
Am Oste fällt d’Héichland bis bei d'Waasser vum Persesche Golf of, deem seng Küste mat lauter Dëmpelen a Salzfläche bedeckt sinn. D’Héichland ass gréisstendeels mat Sandwüst a mat e puer Gebidder vu natierlechem vulkanesche Gestengs bedeckt. E breet Wüsteband, "dat eidelt Véirel" Rub al-Chali, erstreckt sech iwwer de ganze Süde vum Land.
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern
Algerien - Bahrain - Dschibuti - Egypten - Irak - Jordanien - Katar - Komoren - Kuwait - Libanon - Libyen - Mauretanien - Marokko - Oman - Palästinensesch Territoiren - Saudi-Arabien - Somalia - Sudan - Syrien - Tunesien - VAE - Jemen