Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Finnland - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Finnland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Suomen Tasavalta
Republiken Finland

Finnesche Fändel

Finnescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Finnesch, Schwedesch
Haaptstad: Helsinki
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • Presidentin: Tarja Halonen
 • Premierminister: Matti Vanhanen
Fläch: 338 145 km² (63.)
 • Dovu Waasser: 9,4 %
Bevëlkerung: 5 289 592 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 15,6/km²
Onofhängegkeet: vu Russland
deklaréiert de 6. Dezember 1917, unerkannt de 4. Januar 1918
Nationalfeierdag: 6. Dezember
Nationalhymn: Maamme/Vårt land
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .fi
International Virwahl: +358

Finnland (finn.: Suomi, schwed.: Finland) ass eng Republik an Nordeuropa. Finnland grenzt u Schweden, Norwegen, Russland an d'Ostmier. D'Åland Inselen, südwestlech vun der Küst geleeën sinn zwar ënner finnescher Souveränitéit wat d'Aussen- a Sécherheetspolitik ubelaangt, soss awer autonom.

D'Haaptstad vu Finnland ass Helsinki.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Finnesch Séielandschaft Syväri
Finnesch Séielandschaft Syväri

Finnland gëtt och nach heinsdo d'Land vun den dausend Séie genannt, ma dat ass emfong nach ferm ënnerdriwwen: et sinn der genee 187 888 un der Zuel! Nieft de Séie sinn et déi 179 584 Inselen an déi wäitleefeg Bëscher (an Dräivéirels vum Land bedecken) déi der finnescher Landschaft hire Stempel opdrécken.

Topographesch gesinn ass d'Land am Süden éischter flach, Richtung Norde gëtt et dann awer ëmmer méi koppeg an den héchste Bierg, den Haltitunturi, ganz uewen am Nordweste vu Finnland, bréngt et op eng Spëtzt vun 1 328 Meter.

Finnland läit tëscht dem 60. an 70. Breedegrad, mee well d'Klima vum Ostmier an dem Golfstroum beaflosst gëtt, leien d'Temperaturen am Schnëtt em déi 5-10° C méi héich wéi an aner Gebitter déi op der selwechter Héicht leien. D'Land huet kal Wanteren a waarm Summeren. A waarme Summerdeeg kenn den Thermometer a Südfinnland bis op 30 ºC klammen. An de Wanterméint sinn dogéint -20 ºC och näischt aussergewéinleches.

Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn an där Zäit während ronn 51 Deeg net op. D'Géigestéck zu der der finnescher Polarnuecht (finn.: Kaamos) ass d'Mëtternuechtssonn am Summer, wou et dann och 73 Deeg um Stéck hell ass.

[Änneren] Bevëlkerung

Finnland ass vun der Fläch hir dat sechsgréisste Land an Europa, huet awer mat nëmmen 15 Awunner pro Quadratkilometer gläichzäiteg och eng vun deene klengste Bevëlkerungsdensitéiten um Kontinent. D'Majoritéit vun de Finnen (65%) liewen a Stied a well déi meescht dovun am Süde vum Land leien, ass och hei d'Bevëlkerungskonzentratioun bei wäitem am héchsten. Helsinki an hir Nopeschstied Espoo a Vantaa sinn an de leschte Jorzéngten esou séier gewuess, datt haut (2006) all sechste Finn am Groussraum vun der Haaptstad wunnt.

[Änneren] Sproochen

Finnland huet zwou offiziell Sproochen, Finnesch a Schwedesch. Finnesch gehéiert zu der finno-ugrescher Sproochefamill an ass d'Mammesprooch vu ca. 92% vun der Bevëlkerung. Schwedesch hunn 5,5% vun de Finnen als éischt Sprooch. Well déi jeeweils aner Sprooch als Flichtfach an der Schoul geléiert gi muss, sinn déi meescht Finnen zweesproocheg.

Den offizielle Status vum Schwedeschen erkläert sech duerch d'Geschicht vum Land. Zënter dem Ufank vum 13. Joerhonnert bis 1809 war Finnland en Deel vum schwedesche Kinnekräich.

Op kommunalem Plang ass d'administrativ Zweesproochegkeet quotéiert d.h. wann op mannst 10% vun der Populatioun d'Minoritéitesprooch schwätzen (meeschtens Schwedesch), da gëtt dës automatesch och zur zweeter Verwaltungssprooch.

Keng Regel ouni Ausnamen: Zu Turku, der aler Haaptstad aus schwedeschen Zäiten, huet Schwedesch den offizielle Staus aus historesche Grënn bäibehalen obschonn et hei vu manner ewéi 10% vun de Leit geschwat gëtt. Op der autonomer Inselgrupp Åland ass Finnesch nëmme Walfach an d'Schüler mussen et, wa se net wëllen, och net léieren. Eenzeg Administratiounssprooch vun Åland ass Schwedesch.

Samesch ass och als offiziell Minoritéitesprooch unerkannt an ass an deenen traditionell samesch dominéierte Regiounen a Gemengen an der Verwaltung am Gebrauch.

[Änneren] Reliounen

1923 gouf a Finnland d'Reliounsfräiheet agefouert. 83% vun de Finne sinn an der evangelesch-lutherescher Kierch, 1% an der orthodoxer an 2% gehéieren anere Glawensrichtungen un. Béid chrëschtlech Konfessiounen ginn iwwer Kierchesteieren finanzéiert.

[Änneren] Geschicht

Déi eelst mënschlech Spuren um Territoire vum haitege Finnland loosse sech bis an d'Steenzäit zréckdatéieren a sinn eng ronn 8500 Joer al.

Nach em 100 v.Chr. beschreift de réimeschen Historiker Tacitus d'Fenni als Vollek ouni Waffen, Päerd an Heem, déi um Buedem schlofen, net vill méi wéi e Fell um Läif hunn an nawell zefridden a glécklech mat hirem harde Liewe sinn.

Tatsächlech war d'Gebitt vum haitege Finnland bis an d'12. Joerhonnert politesch relativ onbedeitend. 1154 gëtt West- a Südfinnland dunn ënnert dem Kinnek Erik IX. en Deel vu Schweden a sollt et di nächst 700 Joer och bleiwen. Den ëstlech Deel fält dogéint un dat russescht Novgorod.

Ënnert dem schwedesche Kinnekshaus fënnt Westfinnland Uschloss un de westeuropäesche Kulturkrees a gëtt missionéiert. Schwedesch gëtt d'Administratiounssprooch an entwéckelt sech zu der Sprooch vun der Élite. Anescht wéi deen iwwer Joerhonnerte russesch-byzantinesch geprägten ëstlechen Deel vu Finnland gouf an der schwedescher Provënz och ni de Feudalsystem agefouert.

1808 gëtt Finnland vum Alexander I. vu Russland eruewert, deen et zu engem hallef autonome Groussherzogtem ënner russescher Kontroll mëscht. Groussherzog ass den Zar, representéiert duerch e Generalgouverneur. Finnland bleift bis zu der russescher Revolutioun 1917 Deel vum russesche Räich. An där Zäit entwéckelt sech d'finneschnational Bewegung. A patriotescher Atmosphär gëtt 1835 d'Nationalepos Kalevala niddergeschriwwen an d'Finnesch gëtt 1892 dem schwedesche juristesch gläichgestallt.

D'Buerg vun Turku war am Mëttelalter de politeschen Zentrum vu Finnland
D'Buerg vun Turku war am Mëttelalter de politeschen Zentrum vu Finnland

Kuerz no der bolschewistescher Revolutioun a Russland, den 6. Dezember 1917, déclaréiert Finnland sech onofhängeg. D'Onofhängegkeet gëtt zwar relativ séier vun de Bolschewisten unerkannt, mee Kricher a Russland a Finnland man d'Saach méi komplizéiert.

Zum engen brécht 1918 e kuerze mee battere Biergerkrich tëscht deene vun Däitschland ënnerstëtzen "Wäissen" (Unhänger vum deemolege Gouvernement; d'konservativ riets Élite an d'Baueren) an hirem politesche Géigepol, de radikale “Rouden“ (Unhänger vun de sozialistesche Lénksparteien -Leit ouni Grond a Buedem an d'Aarbechter) a Finnland aus. Zum anere gëtt di oppe Fro em d'finnesch-russesch Grenz duerch d'russesch Revolutioun an d'Längt gezunn. E Kompromëss tëscht Finnland a Russland gëtt réischt 1920 am Accord vun Tartu fonnt.

D'Relatiounen tëscht der nach jonker Republik Finnland an der Sowjetunioun hu sech an den 1930er Jore relativ stabiliséiert. Wéi d'Sowjets sech dunn awer 1939 drop behaapt hunn dat si e Recht drop hätte grouss Deeler vum finneschen Territoire zreck ze kréien, koum et zum Eclat. De sougenannten éischte Wanterkrich tëscht Finnland an der Sowjetunioun ass ausgebrach, huet awer nëmmen ee Joer gedauert (bis 1940). De Konflikt gouf awer net geléist a fënnt tëscht 1941 an 1944 seng Fortsetzung am Zweete Wanterkrich (Fortsetzungskrich). Dat deemools mat Nazi-Däitschland alliéiert Finnland gëtt zwar net ageholl, muss awer als Konsequenz vum verluerene Krich en Deel vun hirem Gebitt nees un d'Sowjetunioun oftrieden.

Nom Zweete Weltkrich féiert Finnland offiziell d'Neutralitéit an a bewegt sech bis zum Fall vun der Sowjetunioun aussepolitesch an der Grozone tëscht West an Ost.

1955 gëtt Finnland Member vun de Vereenten Natiounen an dem Nordesche Rot. 1995 trëtt d'Land der Europäescher Unioun bäi.

[Änneren] Politik

D'finnesch Parlament Eduskunta
D'finnesch Parlament Eduskunta

Finnland ass eng parlamentaresch Demokratie no presidiale Prinzipp. De President, respektiv d'Presidentin vun der Republik huet historesch eng zentral Roll an der finnescher Politik gespillt. Bis zu der Verfassungsännerung am Joer 2000 hat de President d'Méiglechkeet d'Parlament opzeléisen, e Vetorecht op all Gesetz an huet de Premierminister ernannt. Dës relativ dominant Positioun gouf gläichzäiteg mat der Wal vum Tarja Halonen (Februar 2000) staark zeréckgestallt, sou datt d'Presidentin haut éischter eng méi representativ Funktioun huet. Presidentschaftswale sinn all sechs Joer. D'Halonen gouf 2006 als Presidentin rëmgewielt.

D'legislativ Autoritéit am Staat huet d'Parlament (Eduskunta op finnesch, Riksdag op schwedesch). D'Parlament huet eng Kummer, 349 Deputéierten a gëtt all véier Joer nei gewielt. D'Regierung (fi. valtioneuvosto) gëtt zënter Juni 2003 vum Premier Matti Vanhanen vun der Zentrumspartei (Suomen Keskusta) geleet.

Finnland ass zënter dem Zweete Weltkrich aussepolitesch neutral, diskutéiert awer an de leschte Joren ëmmer ërem en eventuellen NATO-Bäitrett.

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen

Finnland ass a sechs Provënze, d'Lääni (schwedesch län) agedeelt. Donieft sinn och nach déi historesch "Landschaften" (maakunnat) geleefeg, um Niveau vun der Administratioun spillen se awer keng Roll méi.

D'Provënzen sinn an 432 Gemengen ënnerdeelt, déi op subregionalem a regionalem Plang kooperéieren. Et ginn 20 Regiounen a 74 Subregiounen.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Design an Architektur

Finnland huet eng Rëtsch aflossräich Architekten an Designer eropbruecht. Zu deene renomméierste gehéieren den Architekt Eliel Saarinen (Jugendstil) an den Designer/Architekt Alvar Aalto (Funktionalismus).

[Änneren] Film

D'Gebridder an d'Regisseure Mika Kaurismäki an Aki Kaurismäki hunn allenzwee internationale Succès.

[Änneren] Literatur

D'Nationalepos Kalevala dat 1835 vum Elias Lönnrot zesummegestallt a publizéiert gouf, war vu fundamentaler politescher a kultureller Bedeitung fir Finnland. Als Papp vun der moderner finnescher Literatur gëllt den Aleksis Kivi (1834-1872). Den 1954 vum Väinö Linna verëffentlechten Antikrichsroman Tuntematon sotilas ("Den onbekannten Zaldot"), ass nieft der Bibel dat meeschtverkafte Buch a Finnland. De Frans Eemil Sillanpää krut 1939 den Literaturnobelpräis.

Komponist Jean Sibelius (1865–1957)
Komponist Jean Sibelius (18651957)

[Änneren] Musek

E weltwäit renomméierte finnische Komponist ass de Jean Sibelius (1865-1957). Finnland ass och bekannt fir seng Danzmusek, de Finneschen Tango, den Humppa an den Jenkka. Bekannt Pop/Rock Gruppen wéi z.b. HIM, The 69 Eyes, The Rasmus, Negative, Children of Bodom an och Lordi (Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006) kommen och aus Finnland.

[Änneren] Sport

Finnesche Nationalsport ass de Pesäpallo. Dat bausst de Landesgrenzen relativ onbekannte Spill ass eng Zort finnische Baseball a gouf 1922 vum Lauri Pihkala agefouert. Beléift sinn och déi klassesch Wantersporaarten, woubäi den Äishockey besonnesch populär ass.

Zënter dem Succès vum Mika Häkkinen (zwee mol Weltmeeschter) gehéiert och d'Formel 1, nieft dem traditionell populäre Rallye, zu de Favoritte beim, bei de Finnen allgemeng beléifte, Motorsport.

1952 waren zu Helsinki d'Olympesch Summerspiller.

[Änneren] Economie

Finnland ass haut eng héichentwéckelt Industriegesellschaft. Nieft der traditionell staarker Holz- a Pabeiersindustri huet sech d'Telekommunikatioun zënter den 1990er Joren -virun allem wéinst dem weltwäite Succès vun Nokia- als zentral Wirtschaftsbranche etabléiere kënnen. Finnland ass eent vun deene wéinege Länner an Europa, déi méi Daten- a Kommunikatiounstechnologien exportéiere wéi importéieren.

Mee och de Maschinnebau spillt eng wichteg Roll. Valmet a Sisu si grouss finnesch Firmaen déi sech op d'Produktioun vu Camionen an Traktere spezialiséiert hunn.

De Betribssystem Linux gouf vum Finn Linus Torvalds erfonnt.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Stand 26.7.2007. Source: The population of Finland op vaestorekisterikeskus.fi
    Beim leschten Zensus am Joer 2000 goufen 5 181 115 Awunner gezielt. Source: [1]

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Finnland – Biller, Videoen oder Audiodateien


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com