Web Analytics

See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Eurovision Song Contest 2006 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Eurovision Song Contest 2006

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

51. Eurovision Song Contest
Datum 18. a 20. Mee 2006
Ausdroungsuert Athen (Griicheland)
Gebai Olympesche Sportkomplex (Athen)
Gewënner Lordi (Finnland)
Unzuel vu Lidder 37, dovunner 24 an der Finall
Nei Partizipatiounen Armenien
Moderatioun Maria Menounos a Sakis Rouvas
Interval Act Elena Paparizou, Sakis Rouvas, Foteini Darra a Griichesch Dänzer
Ofstëmmungsreegelung Verkierzung vun der Punktevergab, sou wéi se schon beim JESC 2005 benotzt gouf. D'Punkten 1 bis 7 ginn net méi genannt an de nationale Votingspriecher gëtt nëmmen nach déi 3 Héchstwertungen duerch: 8, 10 an 12.


Den 51. Eurovision Song Contest war den 18. an den 20. Mee 2006 an der griichescher Haaptstad Athen. Gewënner war Finnland mat der Grupp Lordi an hierem Song Hard Rock Hallelujah. Organiséiert gouf d'Eurovisioun an der Olympic Indoor Arena am Athens Olympic Sports Complex. D'Finall an d'Semifinall goufe moderéiert vum Sakis Rouvas, dee fir Griicheland 2004 déi drëtt Plaz beluecht huet, souwéi vum Maria Menounos, enger Moderatorin vum US-Sender NBC. D'Televoting an der Finall gouf vun der griichescher Sängerin Nana Mouskouri, déi 1963 bei der Eurovisioun fir Lëtzebuerg dobäi war, gestart.

Déi zwou Showe goufe vun der däitscher Firma Procon ausgestatt, déi scho fir d'ESC-Jubiläumsshow Congratulations (2005) an d'Finall 1999 a Jerusalem verantwortlech waren.

Zënter 2004 gëtt et zwee (resp. dräi) Deeg virun der Finall eng Qualifikatiounsronn, aus déier déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Véierzéng weider Länner sinn scho fir d'Ennronn qualifizéiert gewierscht: déi Beschtplazéiert vum Virjoer souwéi déi Grouss Véier vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien.

D'Punktevergab gouf duerch d'EBU gekierzt, sou wéi dat schon zënter 2005 beim Junior Eurovision Song Contest gehandhabt gëtt. De jeweilege nationale Spriecher gëtt nëmmen déi dräi héchste Wertungen duerch, déi éischt siwe Wertungen erschénge direkt op der Punktetafel. D'ESC-Fancommunity huet dëst scho kritiséiert, wéi eng entspriechend Ënnerschrëftesammlung am Internet gewissen huet.

D'Show gouf vu knapp 110 Milliounen Nokucker am Fernseh verfollegt; dovunner alleng 10,5 Milliounen an Däitschland.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] National Qualifikatioun

[Änneren] Finall

Folgend véierzéng Länner waren direkt fir d'Finall qualifizéiert:

Den zweetplazéierten Dima Bilan
Den zweetplazéierten Dima Bilan

[Änneren] Déi bescht zéng vum Virjoer

  • Dänemark: Den 11. Februar hat d'dänescht Publikum beim Melodi Grand Prix zu Aalborg d'Geleeenheet, aus zéng Titelen hier Landesvertrieder fir Athen ze wielen. Iwwerraschend huet eng 17 Joer al Debütantin gewonnen, d'Sidsel Ben Semmane mam Lidd Twist of love.
  • Griicheland: De griichesche Televisiounssender ERT huet den 24. Januar bekannt ginn, datt Anna Vissi fir d'Gaaschtgeberland un de Start geet; aus véier Titele gouf de 14. Mäerz d'Lidd ausgewielt, mat deem et utriede sollt. D'Vissi huet Griicheland schon eng Kéier 1980 mam Titel Autostop vertrueden (Plaz 13). 1982 ass et mat Mono i agapi fir Zypern ugetrueden (5. Plaz).
  • Israel: Israel huet säi Vertrieder aus eelef Bewerber de 15. Mäerz zu Jerusalem ausgewielt.
  • Lettland: D'lettesch Virentscheedung war den 11. Mäerz zu Ventspils. Gewënner war d'A-capella-Band Cosmos mam Lidd I Hear Your Heart".
  • Malta: De maltesesche Beitrag gouf den 4. Februar zu Valletta ausgewielt. Beim Malta Song for Europe Festival huet de Fabrizio Faniello mam Song I do gewonnen. Hien huet Malta schon 2001 vertrueden.
  • Moldawien: De Vertrieder vum Land sollt aus 13 Bewerber bei enger Virentscheedung den 25. Februar zu Chişinău ausgewielt ginn. Well bei enger Wertung, zesummegesat aus 50% Nokuckeruriff a 50% Juryvotes, dräi Interpreten dee selweschte Punktestand erreecht hunn an d'Jury dovunner, deem Reegelwierk entspriechend, kee Gewënner bestëmme wollt, ass dës éischt Ofstëmmung ouni Gewënner op en Enn gaangen. Als Grond gouf déi mann Wettberwerbsfähegkeet vun de Beitreeg genannt. D'Entscheedung ass dann awer den 15. Mäerz an enger zweeter Virentscheedung, an déier ee Beitrag aus der éischter Virentscheedung a véier nei Beitreeg presentéiert goufen, gefall. Gewënner war Arsenium & Natalia Gordienko mam Titel Loca.
  • Norwegen: De norwegesche Beitrag gouf de 4. Februar an der Finall vun der Melodi Grand Prix 2006 zu Oslo ausgwielt. Gewonnen huet d'Christine Guldbrandsen mam Titel Alvedansen.
  • Rumänien: De 26. Februar gouf no zwou Semifinallen e Virentscheed am rumänesche Fernseh TVR de Mihai Trăistariu mam Titel Tornerò ausgewielt. Beim Virentscheed huet d'Jury an d'Nokucker de Gewënner aus zwielef Deelhueler ausgesicht.
  • Schwäiz: D'Schweizer Fernsehen huet an engem internen Virentscheed e Song vun de däitsche Komponisten Ralph Siegel a Bernd Meinunger ausgewielt. D'Lidd If we all give a little gouf den 18. Màerz virgestallt. Als Interpret huet de Ralph Siegel déi sechskäppeg Grupp six4one duerch e Casting zesummegestallt.
  • Serbien a Montenegro: De 11. Mäerz sollt Serbien a Montenegro säi Beitrag mat der Televisiounsshow Evropesma 2006 auswielen. Virun der Finall gouf et zwou Semifinallen (Beovizija a Montevizija) an de béiden Landesdeeler. Dobäi hu sech zwielef Songs aus Serbien a weider zwielef aus Montenegro fir d'Finall qualifizéiert. Do huet d'Grupp No Name mam Titel Moja Ljubavi gewonnen, d'Gewënner vum Televoting (d'Grupp Flamingosi feat. Luis) krut vun de Jurymemberen aus Montenegro keng Punkten.Well ugeholl gouf, datt et bei der Ofstëmmung zu Onreegelméissegkeete komm wier, gouf d'Resultat annuléiert a fir den 19. Mäerz en zweete Virentscheed ugesat, bei deem een och zu kengem konkretem Resultat komm ass. De montenegrinesche Televisiounssender RTCG huet sech géint eng nei Televoting-Ofstëmmung gewiert an huet drop bestaanen, datt d'Grupp No Name als Gewënner gezielt gëtt. Den 20. Mäerz deel RTS der EBU den entgëltege Réckzuch vun der Eurovisioun mat. D'Land huet de Grand Prix awer Live iwwerdroen an huet och um Televoting deelgeholl.
    • Noogerutscht: Kroatien: Déi kroatesch Televisiounsnokucker an d'Jury vun der HRT hunn hiere Beitrag duerch d'Virentscheedung Dora ermëttelt. Gewonnen huet hei d'Sängerin Severina mam Titel Moja štikla. Komponéiert gouf de Song vum Virjoeresdeelhueler Boris Novković.

[Änneren] Déi Grouss Véier

Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien leeschten de finanziell gréisste Beitrag fir d'EBU. Ausserdeem kommen aus dëse Länner, gemooss un den Nokuckerzuelen, déi gréisste Membersender vun der EBU, déi zesummen bal eng Véierelmilliard Mënschen versuergen. Fir ze verhënneren, datt bei schlechte Plazéierungen am Virjoer e Groussdeel vum europäesche Nokuckerpotenzial ewechbriechen kinnt, ginn dëss Länner grondsätzlech an der Finall plazéiert.

  • Däitschland: Wéint dem schlechten Ofschneiden am Virjoer, gouf d'Kandidateauswiel 2006 geännert. Eng Jury vun den ARD-Chefen hun aus Virschléi vun der däitscher Musekindustrie dräi Deelhueler fir d'Virentscheedung ausgewielt. Zu den Auswahlkriterien hun virun allem eng héich Showakzeptanz an e gudde musekalesche Standart gezielt. De 9. Mäerz huet d'Band Texas Lightning géint den Thomas Anders an d'Vicky Leandros déi däitsch Virentscheedung gewonnen.
  • Frankräich: D'franséischt Publikum huet de 14. Mäerz an engem Virentscheed mat 21 Kënschtler seng Vertrieder fir Athen ausgewielt. D'Kandidate fir de Virentscheed goufen duerch verschidden Auswahlverfahren, ënnert anerem duerch Webvoting, d'Castingshow Entrée des artistes an d'Dokumentatioun Dom Tom Folies, bestëmmt. D'Gewënnerin war d'Virginie Pouchain. De Beitrag Nous, c'est vous, deen et um Enn vun der Virentscheedung virgestallt huet, gouf awer als "net geeegnet" fir d'international Finall agestuft, sou datt et mam Titel Il était temps zu Athen ugetrueden ass.
  • Groussbritannien: Bis zum 31. Dezember konnt ee bei der BBC Beitreeg aschécke. De 4. Mäerz gouf de Gewënner an der Televisiounsshow Making your mind up bestëmmt. De Gewënner vun dëser Virentscheedung war Dat Sampson mam Titel Teenage Life.
  • Spuenien: Beim spuenesche Sender TVE konnt bis zum 31. Januar Songs agereecht ginn. Beitreeg mat friemsproochege Liddtexter ware net zougelooss. Interpret a Titel goufen intern ausgewielt. Den 27. Februar huet TVE bekannt ginn, datt d'Grupp Las Ketchup (bekannt duerch de Summerhit Aserejé) Spuenien mam Lidd Bloody Mary vertriede sollt.


[Änneren] Partizipatiounen

[Änneren] Semifinall

Folgend Länner hun an der Semifinall deelgeholl (d'Plazéierunge goufe réicht nom Enn vun der Finall bekanntginn). D'Plazen 1 bis 10 hunn sech fir d'Finall qualifizéiert.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
1 16 Finnland Lordi Hard Rock Hallelujah 292
2 22 Bosnien-Herzegowina Hari Mata Hari Lejla 267
3 13 Russland Dima Bilan Never let you go 217
4 20 Schweden Carola Invincible 214
5 18 Litauen LT United We Are the Winners 163
6 1 Armenien André Without Your Love 150
7 15 Ukraine Tina Karol Show Me Your Love 146
8 14 Tierkei Sibel Tüzün Süper star 91
9 8 Irland Brian Kennedy Every Song Is a Cry for Love 79
10 11 Mazedonien Elena Ristevska Ninanajna 76
11 12 Polen Ich Troje Follow My Heart 70
12 7 Belsch Kate Ryan Je t’adore 69
13 23 Island Silvía Night Congratulations 62
14 6 Albanien Luiz Ejlli Zjarr e ftohtė 58
15 9 Zypern Annette Artani Why Angels Cry 57
16 3 Slowenien Anžej Dežan Mr. Nobody (Plan B) 49
17 2 Bulgarien Mariana Popova Let Me Cry 36
18 21 Estland Sandra Oxenryd Through My Window 28
19 19 Portugal Nonstop Coisas de nada 26
20 17 Holland Treble Amanbanda 22
21 10 Monaco Séverine Ferrer La coco-dance 14
22 5 Wäissrussland Polina Smolova Mama 10
23 4 Andorra Jenny Sense tu 8

[Änneren] Finall

An der Finale hun deelgeholl (geuerdnet no der Unzuel vun den erreechte Punkten):

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
1 17 Finnland Lordi Hard Rock Hallelujah 292
2 10 Russland Dima Bilan Never Let You Go 248
3 13 Bosnien-Herzegowina Hari Mata Hari Lejla 229
4 12 Rumänien Mihai Trăistariu Tornero 172
5 22 Schweden Carola Invincible 170
6 14 Litauen LT United We Are the Winners 162
7 18 Ukraine Tina Karol Show Me Your Love 145
8 24 Armenien André Without Your Love 129
9 16 Griicheland Anna Vissi Everything 128
10 21 Irland Brian Kennedy Every Song Is a Cry for Love 93
11 23 Tierkei Sibel Tüzün Süper star 91
12 11 Mazedonien Elena Ristevska Ninanajna 56
13 20 Kroatien Severina Moja štikla 56
14 5 Norwegen Christine Guldbrandsen Alvedansen 36
15 8 Däitschland Texas Lightning No No Never 36
16 4 Lettland Cosmos I Hear Your Heart 30
17 1 Schwäiz six4one If We All Give a Little 30
18 9 Dänemark Sidsel Ben Semmane Twist of Love 26
19 15 Groussbritannien Daz Sampson Teenage life 25
20 2 Moldawien Arsenium & Natalia Gordienko Loca 22
21 6 Spuenien Las Ketchup Bloody Mary 18
22 19 Frankräich Virginie Pouchain Il était temps 5
23 3 Israel Eddie Butler Together we are one 4
24 7 Malta Fabrizio Faniello I Do 1

Déi fettgeschriwwe Länner sinn direkt fir d'Finall vum Eurovision Song Contest 2007 qualifizéiert. Dëst sinn d'Plazen 1 bis 10 vum Virjoer souwéi déi véier gréisste Beitragszueler.

Bemierkenswert ass, datt ënnert den éischte Zwielef all déi Zéng Beitreeg erëmfannen, déi sech an der Semifinall qualifizéiert haten.

[Änneren] Punktenverdeelung

Plaz Land AL AD BY BE BA HR CY DK EE MK FI FR DE GR IS IE IL LV LT MT MC NL NO PL PT RO RU CS SL ES SE CH TR UA GB BG MD AM Punkte
1. Finnland 10 7 8 7 10 5 12 12 6 X 8 10 12 12 10 7 8 10 7 7 12 12 6 4 8 7 8 10 12 8 7 7 12 5 6 292
2. Russland 4 6 12 3 6 7 8 2 10 8 12 2 6 8 5 5 12 12 12 5 2 3 10 7 8 X 5 4 7 7 5 12 1 10 10 12 248
3. Bosnien-
Herzegowina
12 4 6 X 12 2 8 12 10 6 7 6 3 2 2 4 12 8 8 4 2 7 6 12 12 1 10 12 12 10 7 5 5 229
4. Rumänien 2 3 3 2 2 5 10 6 4 2 6 7 5 7 2 6 10 2 1 10 4 3 10 X 4 4 5 12 6 1 3 1 6 2 12 4 172
5. Schweden 10 8 5 5 3 3 10 7 1 7 3 7 7 5 7 5 6 5 10 7 8 5 2 1 7 6 X 2 6 4 2 6 170
6. Litauen 7 6 4 6 4 7 8 3 8 1 4 10 12 3 10 X 1 7 6 5 8 4 5 3 3 4 3 5 10 1 4 162
7. Ukraine 5 10 5 4 6 5 5 2 5 6 1 6 5 7 2 2 1 6 12 3 10 2 2 3 1 8 X 3 8 10 145
8. Armenien 8 12 7 10 3 10 8 2 10 5 1 12 8 10 8 8 7 X 129
9. Griicheland 8 1 2 10 1 12 7 1 5 8 X 3 8 5 10 6 4 5 4 7 12 1 8 128
10. Irland 4 2 5 6 4 1 4 1 X 4 6 4 10 4 7 2 5 2 1 5 3 2 8 3 93
11. Tierkei 7 7 10 4 12 12 3 1 12 6 10 X 3 4 91
12. Mazedonien 3 8 8 X 8 6 4 6 6 7 56
13. Kroatien 12 X 10 2 4 10 10 6 2 56
14. Norwegen 1 1 5 2 4 6 1 X 7 2 3 3 1 36
15. Däitschland 5 1 3 X 3 3 3 1 5 7 5 36
16. Lettland 3 4 X 8 8 1 4 2 30
17. Schwäiz 4 3 4 12 6 1 X 30
18. Dänemark X 1 3 8 6 8 26
19. Groussbritannien 2 1 1 4 2 8 1 3 2 1 X 25
20. Moldawien 1 3 12 3 2 1 X 22
21. Spuenien 6 12 X 18
22. Frankräich X 3 2 5
23. Israel 4 X 4
24. Malta 1 X 1

Déi faarweg ënnerluechte Länner sinn fir d'Finall vum Eurovision Song Contest 2007 qualifizéiert (donkelgréng: duerch d'Plaz qualifizéiert; hellgréng: déi Grouss Véier).

Legend

AD: Andorra, AL: Albanien, AM: Armenien, BA: Bosnien-Herzegowina, BE: Belsch, BG: Bulgarien, BY: Wäissrussland, CH: Schwäiz, CS: Serbien-Montenegro, CY: Zypern, DE: Däitschland, DK: Dänemark, EE: Estland, ES: Spuenien, FI: Finnland, FR: Frankreich, GB: Groussbritannien, GR: Griichenland, HR: Kroatien, IE: Irland, IL: Israel, IS: Island, LT: Litauen, LV: Lettland, MC: Monaco, MD: Moldawien, MK: Mazedonien, MT: Malta, NL: Niederlande, NO: Norwegen, PL: Polen, PT: Portugal, RO: Rumänien, RU: Russland, SE: Schweden, SL: Slowenien, TR: Tierkei, UA: Ukraine

Mr. Lordi vun der Gewënnerband Lordi
Mr. Lordi vun der Gewënnerband Lordi

[Änneren] Sonsteges

  • D'Startnummer 8 vun der Semifinall vum 18. Mee, Brian Kennedy fir Irland, war den 1000. Song, deen insgesamt beim Eurovision Song Contest presentéiert gouf.
  • Finnland war dat éischt Land an der Geschicht vum Song Contest, dat d'Semifinall an d'Finall zesumme gewonnen huet (béid Kéiere mat 292 Punkten, wat e neier Rekord ass).
  • Željko Joksimović krut no 2004 fir déi zweete Kéier d'Auszeechnung fir déi bescht Kompositioun (2004 ass hien mat Lane moje 2. ginn, 2006 huet en de bosnesch-herzegowinesche Beitrag Lejla komponéiert.
  • An der Seminfinall sinn et Buh-Ruffer fir d'Islännerin Silvía Nótt vum Publikum ginn. Hatt hat virun der Semi-Finall a senger Roll als Fantasifigur, Journalisten a Griiche beleidegt.
  • D'Publikum an der Finall war vun der Grupp LT United net begeeschtert. Virun allem hiere Liddtext, an deem se sech zum Gewënner vun der Eurovisioun proklaméiert hunn, war dorunner Schold.
  • Armenien huet déi éischte Kéier un der Eurovisioun deelgeholl.
  • Verschidde Deelhueler ware schon a fréieren Eurovisiounen ze gesinn: Fabrizio Faniello (2001, Malta), Anna Vissi (1980, Griicheland a 1982, Zypern), Ich Troje (2003, Polen), Eddie Butler (1999, Israel; Deel vun der Gruppe Eden), Carola (1983 a 1991, Schweden)
  • Déi finnësch Band Lordi war déi éischt Metal- resp. Hard Rock-Band an der Geschicht vum Contest.
  • Déi lettesch Band Cosmos war déi éischt A-cappella-Band an der Geschicht vum Contests.
  • Déi zéng Semifinallisten kruten an der Finall méi wéi 50 Punkten a waren doduerch ënnert den éischten zwielef Natiounen.
  • D'Big Four Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien hunn dëss Kéier nees schlecht ofgeschnidden. Beschte vun de Grousse Véier war Däitschland mat 36 Punkten op der 15. Plaz.
  • De Ralph Siegel huet och 2006 nees um ESC deelgeholl, dëss Kéier awer net fir Däitschland. Fir d'Schwäiz huet en e Lidd komponéiert. Dëst war seng 18. Partizipatioun als Komponist bei der Eurovisioun.

[Änneren] Um Spaweck



Kiew (Ukraine) Helsinki (Finnland)
ESC 2005 Lëscht vun de Eurovision Song Contests ESC 2007

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu