Andorra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Principat d'Andorra | |||||
|
|||||
National Devise: Virtus Unita Fortior | |||||
Offiziell Sprooch: | Katalanesch | ||||
Haaptstad: | Andorra la Vella | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Landeschef: | Nicolas Sarkozy (Franséische Co-Prënz) Joan Enric Vives i Sicilia (Episkopale Co-Prënz) |
||||
• Regierungschef: | Albert Pintat Santolària | ||||
Fläch: | 468 km² | ||||
Bevëlkerung: | 81 222 [1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 173,5/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 1278 | ||||
Nationalfeierdag: | 8. September | ||||
Nationalhymn: | El Gran Carlemany (Lauschteren) |
||||
Währung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .ad | ||||
International Virwahl: | +376 | ||||
D'Fürstentum Andorra (katalanesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matten an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalonien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).
Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zënterhier net changéiert. [2]
D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. De franséische President an de Bëschof vun Urgell sinn allebéid Co-Prënzen vun Andorra, och wann hier Roll éischter eng representativ a symbolesch ass.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zënter 2004 op der Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.
[Änneren] Klima
Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.
[Änneren] Politik
Andorra ass Member vun de Vereenten Natiounen
[Änneren] Administrativ Andeelung
Andorra ass a siwe Paren (Parròquies am Sënn vu Gemengen, Regiounen) agedeelt:
|
[Änneren] Bevëlkerung
Andorra huet 81 222 Awunner (31. Dezember 2006 [1]), dovu sinn:
- Katalanen: 29 535 (36,4%),
- Spuenier: 27 638 (34%),
- Portugisen: 15 789 (15,7%),
- Fransousen: 5 104 (6,3%),
- Anerer: 6 156 (7,6%).
All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95% vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.
[Änneren] Sproochen
Katalanesch gouf an der Constitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3%) geschwat gëtt. Kastellanesch respektiv spuenesch gëtt vun 37,3% vun de Leit geschwat, 3,5% hu portugisesch an 2,2% franséisch als Mammesprooch.[1]
[Änneren] Relioun
Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.
[Änneren] Sport
Rullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäreste Sportarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.
[Änneren] Notizen a Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Anuari estadístic 2007 (Servei d'Estudis)
- ↑ Dokument vun der 61. Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen (2006)
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Andorra – Biller, Videoen oder Audiodateien |