Nicolas Sarkozy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Sarkozy (mam ganzen Numm Nicolas, Paul, Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa), gebuer den 28. Januar 1955 am 17. Arrondissement vu Paräis, ass e franséische Politiker.
Hie war Minister a President vum Conseil général vum Departement Hauts-de-Seine. Hie war, éier e Staatspresident gouf, och President vun der Union pour un mouvement populaire (UMP).
Bei de Presidentschaftswalen 2007 ass hien de 6. Mee mat 53,06 % vun de Stëmmen zum President vu Frankräich gewielt ginn. Seng Kontrahentin am 2. Tour, d'Ségolène Royal krut der 46,94%.