2007
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2007.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1. Januar: De Ban Ki-moon gëtt Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
[Änneren] Europa
- 1. Januar: Bulgarien a Rumänien trieden der Europäescher Unioun bäi.
- 1. Januar: Slowenien féiert als 13. EU-Memberstaat den Euro an.
- 11. Januar: An Éisträich gëtt d'Regierung Gusenbauer, eng Grouss Koalitioun, vereedegt.
- 19. Januar: An Tschechien kritt dem Mirolsáv Topolánek seng Koalitiousnregierung, 7 Méint no de Walen, d'Vertraue vum Parlament gestëmmt.
- 22. Februar: An Holland gëtt d'Regierung Balkenende IV vereedegt.
- 4. Mäerz: Parlamentswalen an Estland.
- 19. Mäerz: Parlamentswalen a Finnland, dem Matti Vanhanen seng Zentrumspartei gewënnt mat engem Sëtz méi wéi d'konservativ Partei.
- 5. Mee: Den Nicolas Sarkozy gewënnt d'Presidentschaftswalen a Frankräich.
- 17. Mee: De François Fillon gëtt zum Premierminister a Frankräich ernannt.
- 24. Mee: Parlamentswalen an Irland; d'Fianna Fáil bleift déi stäerkste Partei.
- 31. Mee: De Valdis Zatlers gëtt zum President a Lettland gewielt.
- 10. Juni: Wale fir d'federaalt Parlament an der Belsch. Dem Yves Leterme seng Partei CD&V gewënnt am meeschten u Stëmme bäi.
- 10. a 17. Juni: Parlamentswalen a Frankräich. D'UMP kritt 313 Sëtzer, de PS der 186, de PSLE-Majorité présidentielle der 22, de PCF der 15, Les Verts der 4, d'UDF - Mouvement Démocrate der 3, de Front National keen, a verschidden anerer der 34.
- 27. Juni: De Gordon Brown gëtt Premierminister vu Groussbritannien.
- 16. September: Bei de Parlamentswalen a Griicheland kritt d'Regierungspartei vun der Nea Dimokratia (ND) ënnert dem Kostas Karamanlis déi meeschte Stëmmen.
- 30. September: Virgezunne Parlamentswalen an der Ukraine.
- 21. Oktober: Bei de Parlamentswalen ("Nationalrat") an der Schwäiz kritt d'SVP mat 62 vun 200 déi meescht Sëtzer.
- 21. Oktober: Déi liberal Biergerplattform gëtt mat 208 Sëtzer vu 460 déi stäerkste Partei bei virgezunnenen Neiwalen fir dat ponescht Parlament.
- 11. November: Den Danilo Türk gëtt zum neie President vu Slowenien gewielt.
- 13. November: Virgezunne Folketing- (Parlaments-)walen an Dänemark; dem Premier Anders Fogh Rasmussen seng Partei Venstren kritt déi meeschte Stëmmen.
- 18. November: Am Kosovo gewannen d'PDK an d'LDK, zwou Parteien, déi fir d'Onofhängegkeet sinn, d'Walen.
- 25. November: Parlamentswalen a Kroatien.
- 13. Dezember: D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU ënnerschreiwen am Jerónimosklouschter zu Lissabon de Refrormtraité.
- 18. Dezember: D'Iulia Tymoschenko gëtt nees Premier Ministesch an der Ukraine.
- 19. Dezember: Accord an der Belsch iwwert d'"Iwwergangsregierung" Verhofstadt III.
- 21. Dezember: An Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowenien, Tschechien, Ungarn an an der Slowakei trëtt d'Schengener Ofkommes a Kraaft.
[Änneren] Afrika
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
[Änneren] Südamerika
- 15. Januar: De Rafael Vicente Correa Delgado gëtt President am Ecuador.
- 28. Oktober: An Argentinien gewënnt d'Cristina Fernández de Kirchner d'Presidentschaftswalen.
[Änneren] Asien
- 28. August: Den Abdullah Gül gëtt zum President an der Tierkei gewielt.
- 14. September: De Wiktor Alexejewitsch Subkow gëtt Premierminister a Russland.
- 26. September: De Yasuo Fukuda gëtt Premierminister a Japan.
- 15. November: Den Zyklon Sidr mécht dausende vun Doudesaffer am Bangladesh.
- 2. Dezember: Parlamentswalen a Russland.
- 19. Dezember: A Südkorea gewënnt de Lee Myung-bak d'Presidentschaftswalen.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
- 24. November: D'Aarbechterpartei mam Spëtzekandidat Kevin Rudd gewënnt d'australesch Parlamentswalen.
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
[Änneren] Konscht & Kultur
- Lëtzebuerg zesumme mat der Groussregioun an déi rumänesch Stad Sibiu ginn Europäesch Kulturhaaptstad
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
- Servais-Präis fir dem Lambert Schlechter säi Le murmure du monde.
- 1. Präis vum Concours Littéraire National 2007 fir dem Guy Rewenig säi Le chef d’orchestre à la baguette de bambou.
[Änneren] Musek
Lëtzebuerg
- 11. Juli: De Musekpräis Elie music award gëtt an der Rockhal verginn.
[Änneren] Film
- César fir de beschte Film: Lady Chatterley vum Pascale Ferran.
- Oscar fir de beschte Film: The Departed vum Martin Scorcese.
- Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes: 4 luni, 3 săptămâni şi 2 zile vum Cristian Mungiu
Lëtzebuerg
- 17. Januar: Première vu Lumen vum Philip Koch
- 20. Abrëll: Première vun 100 Joer Jeunesse Esch - E stoarkt Stéck Minett vun der Julie Schroell
- 27. Abrëll: Première vun Ëmmer bereet - Eng Geschicht vu Guiden a Scouten vun der Cathy Richard
- 6. Juli: Première vu Plein d'essence vun der Geneviève Mersch
- 21. September: Première vun Entrée d'Artistes vum Andy Bausch
- 19. Oktober: Première vun Am Éislek vum Tom Alesch.
- 26. Oktober: Première vu Luxemburg, USA vum Christophe Wagner.
- 16. November: Première vun Nuits d'Arabie vum Paul Kieffer.
- 30. November: 3. Lëtzebuerger Filmpräis ex aequo fir Plein d'essence vun der Geneviève Mersch (Documentaire) an Your Name is Justine vum Franco de la Peña (Spillfilm).
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
- 15. Mäerz: D'LGV Est européenne, eng Zuchstreck fir Zich mat Héiger Vitesse, gëtt tëscht Vaires-sur-Marne a Baudrecourt (Moselle) offiziell ageweit.
- 10. Juni: Den TGV Est hëlt de reguläre Verkéier tëscht der Stad Lëtzebuerg a Paräis op.
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- 8. Januar: Arthur Cockfield, britesche Politiker.
- 8. Januar: Iwao Takamoto, japanesch-US-amerikaneschen Zeechentrickfilmmécher.
- 11. Januar: Solveig Dommartin, franséisch Schauspillerin.
- 11. Januar: Kéba Mbaye, senegalesesche Riichter a Sportfonctionnaire.
- 11. Januar: Donald Edward Osterbrock, US-amerikaneschen Astronom.
- 16. Januar: Rudolf-August Oetker, däitschen Entrepreneur an Armateur.
- 21. Januar: Maria Cioncan, rumänesch Liichtathletin.
- 22. Januar: Abbé Pierre, franséische Geeschtlechen a Grënner vun Hëllefsorganisatiounen.
- 17. Februar: Maurice Papon, franséische Beamten a Politiker.
- 2. Mäerz: Henri Troyat, franséische Schrëftsteller.
- 6. Mäerz: Jean Baudrillard, franséische Soziolog.
- 6. Mäerz: Ernest Gallo, US-amerikanesche Wäiproduzent.
- 14. Mäerz: Lucie Aubrac, franséisch Historikerin a Resistenzlerin.
- 17. Mäerz: Norbert Weber, lëtzebuergesche Kolumnist an Auteur.
- 27. Mäerz: Paul Lauterbur, US-amerikanesche Chemiker; Nobelpäisdréier.
- 9. Abrëll: Egon Bondy, tschechesche Schrëftsteller a Philosoph.
- 11. Abrëll: Loïc Leferme, franséischen Apnpoe-Daucher.
- 11. Abrëll: Kurt Vonnegut, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 23. Abrëll: Boris Nikolajewitsch Jelzin, russesche Politiker.
- 27. Abrëll: Mstislaw Rostropowitsch, russesche Komponist, Cellist an Dirigent.
- 28. Abrëll: Carl Friedrich von Weizsäcker, däitsche Physiker, Philosoph a Friddensfuerscher.
- 11. Mee: Tanumafili II., Staatschef vu Samoa.
- 29. Mee: Marcel Erpelding, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. Mee: Jean-Claude Brialy, franséischen Schauspiller a Regisseur.
- 31. Mee: Alfred Steinmetzer, lëtzebuergesche Moler.
- 14. Juni: Kurt Waldheim, éisträichesche Politiker.
- 22. Juli: Ulrich Mühe, däitsche Schauspiller.
- 29. Juli: Michel Serrault, franséische Schauspiller.
- 30. Juli: Michelangelo Antonioni, italienesche Regisseur.
- 30. Juli: Ingmar Bergman, schwedesche Regisseur.
- 5. August: Jean-Marie Lustiger, fréieren Erzbëschof vu Paräis.
- 9. August: Ulrich Plenzdorf, däitsche Schrëftsteller.
- 11. August: Franz Antel, éisträichesche Regisseur.
- 25. August: Raymond Barre, franséische Politiker.
- 26. August: Gaston Thorn, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. September: Luciano Pavarotti, italienschen Tenorsänger.
- 10. September: Jane Wyman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. September: Joachim Hansen, däitsche Schauspiller.
- 14. September: Jacques Martin, franséische Radio- an Televisiounsanimateur.
- 15. September: Juliette François, lëtzebuergesch Schauspllerin.
- 22. September: Marcel Marceau, franséische Pantomime.
- 5. Oktober: Walter Kempowski, däitsche Schrëftsteller.
- 16. Oktober: Deborah Kerr, britesch Schauspillerin.
- 28. Oktober: Evelyn Hamann, däitsch Schauspillerin.
- 9. November: Luís Herrera Campíns, venezolanesche Politiker.
- 10. November: Norman Mailer, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 16. November: Pierre Granier-Deferre, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. November: Maurice Béjart, franséische Choreograph.
- 30. November: François-Xavier Ortoli, franséische Politiker a Geschäftsmann.
- 5. Dezember: Karlheinz Stockhausen, däitsche Komponist.
- 6. Dezember: Jean Dupong, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Dezember: Ike Turner, US-amerikanesche Museker.
- 22. Dezember: Julien Gracq, franséische Schrëftsteller.
- 23. Dezember: Oscar Peterson, kanadeschen Jazz-Pianist.
- 27. Dezember: Benazir Bhutto, pakistanesch Politikerin.