Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 26. Oktober ass den 299. Dag (300. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft.
- 1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
- 1905: Russësch Aarbechter grënnen zu Sankt Petersburg den éischten Sowjet.
- 1927: De Gustav Schickedanz, en däitschen Exporthändeler, grënnt d'Quelle zu Fürth.
- 1979: De südkoreanëschen President Park Chung Hi gëtt beim Owesiessen vum Kim Ja Kyu, dem Chef vum Geheimdéngscht, erschoss.
- 1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe no joerelaanger Feindschaft e Friddensvertraag.
- 2002: D'Sinn Fein, déi sech der IRA verbonne fillt, ass géint eng Opléisung vun dëser. D'britesch Regiirung an de Chef vun der nordirescher Regionalregiirung haten dat zur Konditioun fir eng Fortsetzung vum Friddensprozess gemaach.
- 1759: Georges Jacques Danton, franséische Revolutionär.
- 1800: Helmuth Karl Bernhard von Moltke, preisesche Militär.
- 1891: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
- 1893: Michel Haagen, lëtzebuergesche Skulpteur, Konschtschmatt a Moler.
- 1911: Mahalia Jackson, amerikanesch Gospel-Sängerin.
- 1934: Jacques Loussier, franséischen Jazzkomponist an -pianist.
- 1934: Ulrich Plenzdorf, däitsche Schrëftsteller.
- 1938: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 1942: Bob Hoskins, britesche Schauspiller.
- 1947: Hillary Clinton, US-amerikanesch Politikerin.
- 1950: Nico Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1959: Evo Morales, bolivianesche President zënter dem 22. Januar 2006.
- 1963: Jorge Queirolo Bravo, ecuadorianesche Schrëftsteller.