Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 17. Oktober ass den 290. Dag (291. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1810: Op der Theresienwiese zu München ass d'Prënzenhochzäit vum Krounprënz Ludwig (dem spéidere Kinnek Ludwig I.) an der Prinzessin Therese von Sachsen-Hildburghausen mat engem grousse Volleksfest a Päerdscoursen. Et ass dat éischt Oktoberfest.
- 1825: D'Uropféierung der Oper Don Sanche vum Franz Liszt ass zu Paräis.
- 1868: D'Lëtzebuerger Verfaassung trëtt a Kraaft.
- 1888: An den USA kënnt de National Geographic Magazine fir d'éischt eraus.
- 1891: De Wiener Kunsthistoresche Musée geet op.
- 1961: Zu Paräis ginn no enger net geneemegter Manifestatioun vun 30.000 Algerier eng onbekannt Zuel vu Manifestanten dout gemaach, dausende gi blesséiert a 14.000 festgeholl.
- 1680: Constantia von Cosel Maîtress vum August dem Starken.
- 1813: Georg Büchner, däitschen Theaterauteur.
- 1883: Michel Gehrend, lëtzebuergeschen Affekot an Editeur.
- 1912: Jean-Paul I., Poopst.
- 1915: Arthur Miller, US-amerikaneschen Theaterauteur.
- 1918: Rita Hayworth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1919: Zhao Ziyang, Premierminister vun der Volleksrepublik China a Generalsekretär vun der Kommunistescher Partei.
- 1920: Montgomery Clift, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1933: Soeur Sourire, belsch Nonn, Sängerin.
- 1937: Peter Nilson, schwedeschen Astronom an Autor.
- 1944: Philippe Noesen, lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur.
- 1975: Anne Kremer, lëtzebuergesch Tennisspillerin.