13. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 13. Oktober ass den 286. Dag (287. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Sep – Oktober – Nov | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 54: Den Nero Claudius Caesar Drusus Germanicus gëtt Réimesche Keeser.
- 1900: De Mathias Adam grënnt de Lëtzebuerger Schoulmeeschtesch-Verband (FGIL).
- 1977: D'Lufthansamaschin Landshut vu Palma op Frankfurt gëtt vum palästinenseschen Terrorkommando Martyr Halimeh an de Noën Osten op Mogadischu entfouert. D'Entféierung huet bis den 18. Oktober gedauert wou d'GSG9 d'Maschinn an der Operatioun Féierzauber gestiermt huet.
- 2003: D'Ausseministere Joschka Fischer, Däiutschland, Dominique de Villepin, Frankräich, a Lydie Polfer, Lëtzebuerg, weien den Institut Pierre Werner an.
[Änneren] Gebuer
- 1766: Louis Marie de Lescure, franséischen Adelegen.
- 1801: Jean Engling, lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pädagog.
- 1842: Evrard Ketten, lëtzebuergesche Rousenziichter.
- 1866: Georg Groddeck, schwäizer Dokter an Auteur.
- 1895: Kurt Schumacher, däitsche Politiker.
- 1909: Art Tatum, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 1921: Yves Montand, Schauspiller a Chansonnier.
- 1925: Margaret Thatcher, britesch Politikerin, éischt Premierministesch.
- 1926: Félicien Steichen, lëtzebuergesche Fuerscher an Dokter.
- 1938: Camille Perl, lëtzbuergesche Geeschtlechen a Prälat.
- 1968: Marie Adam, franséisch Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 54: Claudius, Réimesche Keeser.
- 1382: Péiter II., Kinnek vun Zypern.
- 1882: Joseph Arthur Comte de Gobineau, franséischen Diplomat a Schrëftsteller.
- 1924: Anatole France, franséische Schrëftsteller a Journalist.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |