1977
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1977
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 5. Januar: D'Charta 77 gëtt an der Tschechoslowakei publizéiert.
- 15. Juni: Éischt demokratesch Walen zënter 1936 a Spuenien.
- 5. September-19. Oktober: En RAF-Kommando entféiert an ermuert den däitsche Patronats-President Hanns Martin Schleyer.
- 10. September: Lescht Hiriichtung mat der Guillotine a Frankräich.
- 13.-17. Oktober: Entféierung vum Lufthansa-FligerLandshut op Mogadischu a Befreiung duerch d'GSG9.
- 14. Oktober: Amnestie-Gesetz a Spuenien, politesch Flüchrlinge kënnen nees hannescht.
- uechtert Joer: an Italien maache 1.600 Attentater am ganzen 31 Doudeger.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 3. Abrëll: Fir d'éischte Kéier féiert Lëtzebuerg d'Summerzäit an.
- 3. Juni: D'Sidor zu Leideleng fänk u mat schaffen.
- 26. Juli: Doud vum Prënz Charles, Brudder vum Grand-Duc Jean.
- 6. November: 4000 Leit démonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen an der Forge du Sud.
- 14. November: D'Bauarbechten vum Parking Knuedler fänken un.
[Änneren] Afrika
- 27. Juni: Dschibuti gëtt onofhängeg.
- 4. Dezember: De Jean Bedel Bokassa léisst sech zum Keeser vun der Zentralafrikanischer Republik kréinen.
- Den UN-Sécherheetsrot verhänkt e Waffenembargo iwwer Südafrika.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 20. Januar: Den Jimmy Carter trëtt säin Amt als President vun den USA un.
[Änneren] Südamerika
[Änneren] Asien
- 5. Juli: D'Arméi stierzt d'Regierung Bhutto a bréngt déi biergerkrichsänlech Zoustänn a Pakistan op en Enn. De Generol Muhammed Ziaul Haq ergräift d'Muecht.
- D'Indira Gandhi verléiert an Indien Parlamentswahlen.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 17. Mee: De Menahem Begin gëtt Premierminister an Israel.
- 14. August: Déi israelesch Gesetzer gëllen och an der Gasa-Sträif an am Westjordanland.
- 19. November: Den egyptesche President Anwar El-Saddat mécht eng offizeill Rees an Israel an erkennt domatter den israelesche Staat un. Ried virun der Knesset.
[Änneren] Konscht & Kultur
- 31. Januar: De Centre Georges-Pompidou zu Paräis gëtt ageweit.
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
- Grënnung vun der EAV (Erste Allgemeine Verunsicherung) an Éisträich.
- Grënnung vun den Dire Straits.
- Plakken
- I Robot vun The Alan Parsons Project.
- Trans -Europe Express vu Kraftwerk.
- News of the World vu Queen.
- Animals vu Pink Floyd.
- Never Mind The Bollocks Here's The... vun de Sex Pistols.
[Änneren] Kino
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
- 24. Januar: Michelle Hunziker, Schwäizer Model.
- 2. Februar: Shakira, kolumbianesch Pop-Sängerin.
- 3. Mäerz: Ronan Keating, iresche Sänger.
- 14. Abrëll: Sarah Michelle Gellar, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Mee: Janne Ahonen, finnesche Skisprénger.
- 16. Mee: Ronny Ackermann, däitsche Schileefer.
- 19. Juni: Maria Cioncan, rumänesch Liichtathletin.
- 19. Juni: Catherine Lorent, lëtzebuergesch Molerin.
- 27. Juni: Raúl, spuenesche Foussballspiller.
- 1. Juli: Liv Tyler, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Juli: Nicolas Kiefer, däitschen Tennisspiller.
- 17. August: Thierry Henry, franséische Fussballspiller.
- 20. August: Stéphane Gillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. September: Frank Fahrenhorst, däitsche Foussballspiller.
- 29. September: Debelah Morgan, US-amerikanesch Pop- an R&B-Sängerin.
- 30. September: Jules Werner, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 15. Oktober: David Trezeguet, franséische Foussballspiller.
- 5. November: Christian Poos, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 25. November: Max Jacoby, lëtzebuergesche Filmregisseur.
[Änneren] Gestuerwen
- ? Eugène Vées, Jazz-Gitarist a Banjospiller.
- 2. Januar: Erroll Garner, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 6. Januar: Paul Reichling, lëtzebuergesche Moler.
- 12. Januar: Henri-Georges Clouzot, Filmregisseur.
- 14. Januar: Anais Nin, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 18. Januar: Carl Zuckmayer, däitsche Schrëftsteller (* 1896).
- 23. Januar: Pierre Kellner, lëtzebuergesche Sportsjournalist.
- 28. Abrëll: Josef Herberger, däitsche Fussballtrainer (Das Wunder von Bern) (* 1897).
- 5. Mee: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler (* 1897).
- 10. Mee: Joan Crawford, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Juni: Roberto Rossellini, italienesche Filmregisseur.
- 16. Juni: Wernher von Braun, däitsch-amerikanesche Rakéitenkonstrukteur (* 1912).
- 17. Juni: Aloyse Bové, lëtzebuergesche Moler a Bannenarchitekt.
- 22. Juni: Jacqueline Audry, franséisch Regisseurin.
- 2. Juli: Vladimir Nabokov, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 26. Juli: Charles vu Lëtzebuerg, fils de.
- 27. Juli: Lee Miller, US-amerikanesch Fotografin.
- 16. August: Elvis Presley, US-amerikanesche Museker (King of Rock'n'Roll) (* 1935).
- 17. August: Delmer Daves, Filmregisseur.
- 19. August: Groucho Marx, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker (* 1890).
- 5. September: Marcel Thiry, belsche Schrëftsteller.
- 16. September: Maria Callas, griichesch-US-amerikanesch Operesängerin.
- 20. Oktober: Tun Deutsch, lëtzebuergesche Kabarettist, Schauspiller a Regisseur.
- 14. Oktober: Bing Crosby, US-amerikanesche Sänger (* 1903).
- 18. Oktober: Hanns-Martin Schleyer, däitsche Jurist (Arbeitgeberpräsident) (* 1915).
- 18. Oktober: Andreas Baader, Grënnungsmember vun der RAF (* 1943.
- 18. Oktober: Gudrun Ensslin, Grënnungsmember vun der RAF (* 1940).
- 18. Oktober: Jan-Carl Raspe, Member vun der Kommune 2 a West-Berlin a vum SDS (* 1944).
- 25. Oktober: Félix Gouin, franséische Politiker.
- 5. November: René Goscinny, franséischen Auteur a Comic-Auteur (* 1926).
- 13. November: Jean-Pierre Erpelding, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 11. Dezember: Luis Humberto Salgado, ecuadorianesche Komponist a Pianist.
- 20. Dezember: Walter Drechsel, däitsche Politiker (* 1902).
- 25. Dezember: Charlie Chaplin, US-amerikanesche Schauspiller(* 1889).