1980
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1980.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 30. Abrëll: D'Beatrix vun Oranien-Nassau gëtt Kinnigin vun Holland.
- 18. Mee: De Rudolf Kirchschläger gëtt eng 2. Kéier zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- 2. August: Bluddegt Attentat zu Bologna an der Gare.
- 14. August: Zu Gdansk op der Lenin-Werft fänkt e Streik un, deen sech op d'ganz Land ausbreet.
- 26. September: Bommenattentat um Münchener Oktoberfest, 13 Doudeger an iwwer 200 Blesséierter.
- 5. Oktober: Bei de Wale fir den däitsche Bundestag gewënnt den Helmut Schmidt, dee Kanzler bleift, géint de Franz Josef Strauß.
Lëtzebuerg
- 1. Mäerz: Femmes en détresse maachen de Foyer Domitilia op.
- 1. Juli: De Foussballspiller Roby Langers geet vun der Union Lëtzebuerg bei Borussia Mönchengladbach.
- 21. November: De Gaston Thorn gëtt als President vun der EG-Kommissioun nominéiert.
[Änneren] Afrika
- 12. Abrëll: De liberianesche President William Tolbert gëtt duerch e Militärputsch gestiirzt a mat 27 anere Politiker a Saldoten embruecht.
- 18. Abrëll: Déi lescht britesch Kolonie an Afrika, Zimbabwe (fréier: Rhodesien), gëtt onofhängeg.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 4. November: De Ronald Reagan gewënnt Walen géint den Jimmy Carter.
[Änneren] Mëttel- a Südamerika
- 24. Mäerz: Den Äerzbëschof vun San Salvador, Oscar Arnulfo Romero gouf wärend enger Mass erschoss.
[Änneren] Asien
- 17.–18. Mee: Manifestatioune géint dat neit Regime a Südkorea ginn zu Gwangju brutal niddergeschloen; 207 Mënsche si gestuerwen, ronn 1000 schwéier blesséiert ginn.
- 12. September: Militärputsch an der Tierkei.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
- 30. Juli: Vanuatu gëtt vu Frankräich a Groussbritannien onofhängeg.
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 25. Abrëll: D'Befreiung vun de Geiselen an der amerikanescher Botschaft zu Teheran am Iran klappt net.
- 23. Juli: Israel erkläert Jerusalem zu senger éiweger Haaptstad.
- 22. September: Ufank vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
Den amerikaneschen Fuerscher Alan Guth stellt d´Inflatiounstheorie vir.
[Änneren] Katastrophen
- 18. Mee: De Mount St. Helens an den USA explodéiert an e 700 m déiwe Krater entsteet, 62 Doudeger.
- 23. November: Äerdbiewen a Süditalien, ca. 3.000 Doudeger, 200.000 verléiern hiert Doheem.
[Änneren] Sport
- 25. Januar: De Walter Röhrl gewënnt d'Rallye vu Monte Carlo op engem Fiat Abarth 131.
- XXII. Olympesch Summerspiller zu Moskau; si ginn duerch westlech Länner wéinst dem sowjeteschen Amarsch an Afghanistan boykottéiert.
- XIII. Olympesch Wanterspiller zu Lake Placid, USA.
[Änneren] Gebuer
- 17. Januar: Grégory Rast, Schwäizer Vëlossportler
- 30. Januar: Marlene Weingartner, däitsch Tennisspillerin
- 15. Abrëll: Fränk Schleck, lëtzebuergesche Vëlossportler
- 15. Oktober: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005
[Änneren] Gestuerwen
- 19. Februar: Philippe Schneider, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 19. Februar: Bon Scott, schottesche Museker.
- 22. Februar: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 22. Februar: Oskar Kokoschka, éisträichesche Moler a Schrëftsteller.
- 22. Februar: Jean Wolter, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 6. Mäerz: Oscar Arnulfo Romero, Bëschof an El Salvador.
- 12. Mäerz: Ernő Gerő, ungaresche Politiker.
- 31. Mäerz: Jesse Owens, US-amerikaneschen Liichtathlet.
- 3. Abrëll: Sarah Vaughan, US-amerikanesch Sängerin.
- 15. Abrëll: Jean-Paul Sartre, franséische Philosoph a Schrëftsteller.
- 22. Abrëll: Fritz Straßmann, däitsche Chemiker.
- 27. Abrëll: Mario Bava, italienesche Filmregisseur.
- 29. Abrëll: Alfred Hitchcock, britesche Regisseur.
- 4. Mee: Josip Broz Tito, Staatspresident vu Jugoslawien.
- 7. Juni: Henry Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 27. Juni: Marcel Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Juli: Arsène Mersch, lëtzebuergesche Velosportler.
- 27. Juli: Rezah Pachlewi, gestierzte Schah vum Iran.
- 15. August: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. August: Joe Dassin, US-amerikanesche, franséishsproochege Sänger.
- 26. August: Tex Avery, US-amerikaneschen Zeechentrickfilm-Moler a -regisseur.
- 24. September: John Bonham, Batteur vun der Grupp Led Zeppelin.
- 14. Oktober: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 23. Oktober: Auguste Trémont, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- 7. November: Steve McQueen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Mae West, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2. Dezember: Romain Gary, franséische Schrëftsteller.
- 8. Dezember: John Lennon, ex-Beatles Museker.