See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Roby Langers - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Roby Langers

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Robert (Robby) Langers gebuer den 1. August 1960 zu Lëtzebuerg ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballist. Seng Plaz um Terrain war am Stuerm an hien huet fir d'lëtzebuergesch Nationalequipe an 73 Mätscher 8 Goaler geschoss.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Biographie

De Robby Langers huet ugefaangen an der Union Lëtzebuerg ze spillen an huet 1980 e Stage bei Borussia Mönchengladbach gemaach. Well hien do den drëtten Auslänner op der Lëscht war, awer an de Mätscher nëmmen der zwéin elaabt waren, huet hien do knapps zéng Mätscher gespillt. Den FC Metz hat hien awer entdeckt, an huet en och 1982 engagéiert. Vu Metz gouf hie bei den Olympique de Marseille deen déizäit an der zweeter Divisioun gespillt verléint. No engem Joer a siwe Mätscher kënnt hien op Metz zréck a gëtt erëm op Quimper a Guingamp verléint. No sechs Joer Kontrakt mat Metz wiesselt hien op Orléans an der zweeter Divisioun.

Et ass zu Orléans wou hie säin Talent beweise kann. Hie war am Stuerm wéi Orléans an der Achtelsfinal vun der Coupe de France de PSG am Parc de Princes 4-0 geschlaff huet. Hie schléisst d'Saison 88-89 als Meilleur buteur an der zweeter Divisioun af, mat 27 Goaler an 33 Mätscher.

Hie gëtt doropshi vum OGC Nice engagéiert an hie spillt do zesummen am Stuerm mat dem Jules Bocandé. Am Mätsch géint Stroossbuerg bréngt hien et fäerdeg fir 4 Goaler hannerteneen ze schéissen.

Well Nice an der Saison 90-91 finanziell Schwieregkeeten huet wiesselt en nodeems en Tranfert bei de PSG schiifgelaf war, bei den AS Cannes. Hei spillt hien e Joer mat dem Luis Fernandez, dem Aljoša Asanović an dem Zinedine Zidane. No engem Joer zu Cannes geet hien an d'Schwäiz op Yverdon spillen, fir duerno erëm zréck op Lëtzebuerg ze komme wou en dann a sengem ale Veräin der Union spillt.

[Änneren] Carrière

  • Union Lëtzebuerg
  • 1980-1982 : Borussia Mönchengladbach
  • 1982-1983 : Olympique de Marseille
  • 1983-1984 : FC Metz
  • 1984-1986 : Stade Quimpérois
  • 1986-1988 : En Avant de Guingamp
  • 1988-1989 : US Orléans
  • 1989-1991 : OGC Nice
  • 1991-1992 : AS Cannes
  • Yverdon Sport
  • Union Lëtzebuerg haut RFCUL

[Änneren] Palmarès

  • 1987 gouf de Roby Langers zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt.
  • Beschte Buteur am Championnat de France D2 an der Saison 1988-1989.
  • Drëttbeschte Buteur am Championnat de France mat Nice an der éischter Divisioun 1989-90 mat 17 Goaler hannert dem Jean-Pierre Papin mat 30 Goaler.
  • Quadruplé am Championnat de France beim Mätsch Stroossbuerg-Nice D1 1989-90 an deem Nice 0-6 gewënnt.


Virdrun Sportler vum Joer Duerno
Fonsy Grethen 1987 Marc Girardelli

[Änneren] Kuckt och

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -