Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Israel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Israel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel zu Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


מדינת ישראל
Medinat Jisra′el (hebr.)
دولة إسرائيل
Daulat Isrā′īl (arab.)
Staat Israel
(Detailer) (Detailer)
National Devise: ...
Offiziell Sprooch: Hebräesch. Arabesch
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Jerusalem
 ...
President: Mosche Katzaw
Premierminister: Ehud Olmert (interim)
Fläch: (Land selwer ouni besate Gebidder)20.991 km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 97. Plaz
ca. 6.983.000
331/km²
Onofhängegkeet: 14. Mee 1948 - 5. Ijoer 5708
Nationalfeierdag: ...
Währung: Neien israelesche Schekel (₪)
Zäitzon: UTC+2 , (Summer): + 3
Nationalhymn: haTikwa,
(letz.: d'Hoffnung), Lauschtert
Internet TLD: .il
International Virwahl: 972

Israel (hebr.: מדינת ישראל Medinat Jisra′el, arab.: دولة إسرائيل Daulat Isrā′īl) ass e Staat am Noen Osten, deen un Syrien, den Libanon, Egypten, Jordanien an un déi vun Israel besate Gebidder grenzt.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Der Längt no meesst d'Land vun Norden no Süden 470 km. Déi breetste Plaz huet 135 km vun Westen no Osten. Obschonns Israel nëmmen e klengt Land ass, huet et puer Klimazonen. Am Norden ginn et Bëscher an et ass mëttelméisseg warem, während et am Süden eng grouss Hëtzt get an nët vill an den wüstenartege Gegenden wiesst. D'Negev-Wüst bedeckt hei déi gréisste Fläch. Un der Küst zum Mëttelmier hinn souwéi am Dall vum Jordan ass de Klima subtropësch. Am Dall vum Jordan läit den déifsten Punkt vun der Oberfläch vun der Welt. Dat ass beim doudegen Mier, ee Mier dat isoléiert ass, keen Offloss huet an extrem salzhalteg ass.

[Änneren] Bevëlkerung

Israelesch multikulturell Gesellschaft
Israelesch multikulturell Gesellschaft

Mat sengen net gan 7 Mio. Awunner, zielt Israel bevëlkerungsméisseg zu den klengen Staaten (97. Plaz). Ongeféier 91 Prozent vun der israelëscher Bevëlkerung liewen an de Stied. Déi israelësch Gesellschaft setzt sech aus verschiddenen Reliounen, Kulturen (mat ënnerschiedlechen Traditiounen) zesummen. D'Nationalitéit kritt een duerch d'Gebuert oder duerch d'Zouwanderung. Eng duebel Nationalitéit ass méiglech.

An der Onofhängegkeetserklärung vum Stat Israel ass d'religiéis Fräiheet garantéiert. Iwwer d'reliéis Zougehéiregkeet an hir Ausübung darf jiddferee selwer entscheeden.

An den offiziellen Statistiken gëtt allerdengs tëschent Judden an Netjusden en Ennerschied gemaach. Am Joer 2001 waren 81 Prozent vun der israelescher Bevëlkerung Judden oder hu vu Judden ofgestaamt. (An dëser Zuel ass der Bevëlkerung vun de besate Gebidder net Rechnung gedro).

Die semitesch Bevëlkerung get opgedeelt an:

  • d'Watikim, dat sinn d'Awunner vum Jischuw, der aler judescher Siedelung an deene, déi virun der Grënnung vum Stat Israel zougezu sinn
  • d'Olim, déi no der Staatsgrënnung agewandert sinn
  • d'Tzabarim, déi am Land gebuer goufen

Weider ginn et kleng Minoritéite wéi Drusen (1,5 Prozent),eng kleng armenesch Gemeng, d'Bahai, d' Alawiten, d' Achmediten an zwéin Dierfer mat Tscherkessen.

Aus der fréierer Sowjetunioun si méi wéi eng Millioun Judden agewandert, dovun 750.000 an de Joren tëschent 1989 a 1999.

Méi wéi d'Halschent vun den 170 000 arabeschen Beduinen hu keen feste Wunnsëtz.

Den 31. Dezember 2003 hunn 224 200 israelesch Bierger a kollektiven Communautéiten am Westjordanland gelieft a geschafft.

Offiziell Sproochen sinn, a waren schonns fréier, niewent Englesch, Arabesch an Hebräesch. Déi hebräesch Sprooch ass a jëngster Zäit opgewert ginn a get vun der Majoritéit vun den Israelien geschwat. Arabesch ass doniewt d' Ëmgagangssprooch vun ongeféier enger Millioun arabescher an drusescher Staatsbierger Israels. An arabeschen Schoulen an Israel ass Arabesch d'Arbëschtssprooch. An hebräeschen Schoulen kann, niewt Englesch, Arabesch als zweet friem Sprooch gewielt gi. D'Gesetzestexter sinn an Hebräesch an Arabesch verfaasst.

D' Liewenserwaardung an Israel zielt mat zou den héchsten op der Welt an erreecht fir d'Fraen 80,9 Joer an 76,7 Joer fir Männer (2003).

[Änneren] Vun Touristen meescht besichte Plazen

  • Beersheba
  • Betlehem
  • Caesarea
  • Doudegt Mier
  • Elat
  • Golan (Golan Héichten),
  • Jaffa
  • Haifa
  • Jordan Floss
  • Jericho am Dall vum Jordan Floss
  • Masada beim Doudege Mier, wou wertvoll historesch Dokumenten fond gi sinn
  • Mount Carmel
  • Negev (Wüst)
  • Nazareth, wou Jesus Christus geliewt huet bis hien 30 Joer al war
  • Sharon
  • Séi Genesareth oder (Sea of Galilee) och (Lac de Tibériade), wou Jesus Christus drëschenefouss iwwert d'Waaser gong)
  • Tel Aviv
  • Tiberias um Séi Genesareth
  • Biblesch Plazen ëm de Séi Genezareth: Kafarnaum, Plaz vun der Biergpriedegt a vun de Séilegsprechungen, Haus vum Simon Petrus,
    Kana (Brotvermehrung op der Hochzäit vu Kana)
  • Kuckt déi biblesch Plazen an Israel

[Änneren] Relioun

Sechs Prozent vun den israelesche Judden bezeechnen sech als Haredim (ultra-orthodox religiéis), weider 9 Prozent als „religiéis”, 34 Prozent bezeechnen sech selwer als Traditionalisten (déi sech net strikt un déi jüdesch Halacha halen), an 51 Prozent als „säkular”.

Ongeféier 2,1 Prozent vun der Bevëlkerung si Chrëschten. Vun de zesummen 138.500 Chrëschte sinn der eng 75 000 Katholiken.

D'Israelesch Araber stellen ongeféier 18 Prozent vun der israelescher Bevëlkerung duer. D'Majoritéit vun den israeleschen Araber sin sunnitesch Muslimen.

[Änneren] Geschicht

Haaptartikel: Geschicht vun de Juden (Israel)

Am 13. Jahrhonnert v. Chr. gouf d'Land vu verschiddene nomadenartegen israeleschen Stämm besidelt. Jerusalem gouf, der Bibel no ëm 1.000 v. Chr. Haaptstad vum David sengem Kinnikräich Israel, e Räich dat allerdengs zerfall an ënnerjocht ginn ass (eruewert vun den Assyrer am Norden an de Babyloner am Süden). Duerno huet et zum Alexander dem Groussen sengem Perserräich gehéiert.

Den Opstand vun de Makkabäer 165 v.Chr. huet Israel fir eng kuerz Zäit d'Fräiheet bruecht. Awer net laang, well 63 v. Chr. un haten d'Réimer do d'Soen an Jerusalem a seng Tempelen goufen zerstéiert. D'Opstänn vu de Juden goufen néiergeschlo, och de Bar-Kochba-Aufstand, an d'Juden si duerch d'Welt zerstreet ginn(Diaspora). D'Land huet dunn de Numm Palestina kritt.

Mir iwwersprangen d'Zäit vun de Kräizzich an och d'osmanesch Zäit, ouni awer ze vergeesen dat schonn 1882 Juden, déi an hieren Länner aus reliéisen oder politweschen Ursachen ënnerdréckt goufen, sech massiv no Palestina ofgesat haten (Alija). Eng zweet Alija geet op d'Joren 1904-1914 zeréck. Komme mer zur Neizäit.

[Änneren] Mandatszäit

Wéi nom éischte Weltkrich d'osmanesch Zäit riwwer war, huet Groussbritannien 1922 op der Konferenz vu Paräis vum Völkerbond den Opdrag kritt, d'Gebitt vu Palestina an och dat, wat Jordanien an Israel sech deelen, an hier Ophutt ze huelen an ze verwalten. Hier Missioun war et, fir der Balfour Deklaratioun zum Duerbroch ze verhellefen an e Gebitt als Heem fir d'Juden ze schafen. Well dat Gebitt iewer net genee festlouch, war d'Ausübung vun deem Mandat mat grousse Schwieregkeete verbonn. Groussbritannien huet sech also agsat, fir de Juden d'Méiglechkeet ze ginn, massiv anzewanderen a si och zesummen unzesidelen, ouni awer, wéi hieren Opdrag et wollt, d'Rechter vun der usässeger Bevëlkerung a Fro ze stellen. D'Problemen si méi grouss ginn, wéi et tëschent den zwee Weltkricher zu neien Immigratiounswellen vu Juden komm ass an d'Noutwendegkeet fir eng Opdeelung vum Gebitt erbäizeféieren, sech mat enger grousser Drenglechkeet gestallt huet. Déi Beméiungen sinn iewer feelgeschlo. Kritesch gouf Situatioun nom Zweete Weltkrich, wéi déi vun den Nazien verfollegt Juden ënner dramateschen Ëmstänn een neit Heem misse fannen an irgendwou hinnen eng Dier opgemaach huet misse ginn.

[Änneren] Den Deelungsplang vun 1947

De 29.November 1947 huet d'Generalversammlung vun de Verreente Natiounen dunn mat enger 2/3 Majoritéit beschloss d'Gebitt vu Westpalestina an en jüdeschen an een arabeschen Territoire opzedeelen. Dës Decisioun gouf vun de Juden akzeptéiert, vun den Araber awer net. Dat war den Ufank vun de Streidereien, déi duerch d'Verdreiwung vun den Araber aus dem Gebîtt, dat Israel zouerkannt gouf, zu vill Misère gefouert huet.

[Änneren] D'Onofhängegkeet vun Israel

Gestäerkt duerch dës Décisiuoun, hunn d'israelesch Vertrieder ënnert dem Ben Gourion de 14. Mee 1948 d'Onofhängegkeet vun Israel ausgeruff. Nach an der Grönnungsnuecht hunn dorophin, Egypten, Saudi-Arabien, Jordanien, de Libanon, den Irak an Syrien Israel de Krich erklärt. Dësen Israelesch-Arabesche Krich huet vun 1948 bis Juli 1949 gedauert an huet fir Israel zou engem Gebittzouwuess geféiert. Déi ursprünlech am Deelungsplang fir d'Palestinenser virgesi Gebidder sinn dunn un Jordanien (Westjordanland) an un Egypten (Gazasträifen) gefall.

D'Spaannungen waren awer net entschärft (Kuckt: Sechs Deeg Krich an Jom-Kippur-Krich.

[Änneren] Politik

[Änneren] Politesche System

Haaptartikel: Politesche System vun Israel
  • Lëscht vun de Staatspresidente vun Israel
  1. Chaim Weizmann (1949 - 1952)
  2. Jitzhak Ben Zwi (1952 - 1963)
  3. Salman Schasar (1963 - 1973)
  4. Ephraim Katzir (1973 - 1978)
  5. Jitzhak Navon (1978 - 1983)
  6. Chaim Herzog (1983 - 1993)
  7. Ezer Weizmann (1993 - 2000)
  8. Moshe Katsav (2000 - 2007)
  9. Shimon Peres (2007 - )

[Änneren] Economie

[Änneren] Kultur

[Änneren] Literatur

[Änneren] Musek

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Offizielle Site vun der israelescher Regierung op englesch

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com