See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Masada - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Masada

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Masada
Masada
Lag op der Kaart
Lag op der Kaart

Masada (v. Hebräesch: Mezadá מצדה - "Festung"), ass eng fréier Festung an een archeologeschen Ausgruewungssite am Südweste vum Doudege Mier am Staat Israel.

Si gouf, an hiren gréissten Deeler, vum Kinnek Herodes I. (dem Groussen) tëschent 40 v. Chr. a 30 v. Chr. op der Plaz vun enger fréierer 10 Joer méi aler klenger Festung gebaut. Si ass deemools als eng Befestegung betruecht ginn, déi keen kënnt erueweren. Si louch nämlech op engem Plateau, dee vu géie Fielsen ëmgi war, a si war nëmmen iwwer schmuel Pied zougänglech.

Den Herodes huet also aus dësem Bierg eng Festung gemeet, wéi hien de Plateau mat enger Kasemattemauer mat 40 Tierm ofgeséchert huet. An der Festung selwer gouf et eng Rei Gebaier, Päerdsställ, Lagerraim, Gemaacher fir Leit ënnerzebréngen a Paläst.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Belagerung

Zu enger Belagerung koum et eréischt eng ettlech Joerzéngten nom Dout vum Herodes (am Joer 4 v. Chr.) beim jiddeschen Opstand géint déi réimesch Besatzung ëm 70 n. Chr. De jiddesch-réimeschen Historiker Flavius Josephus huet dës Belagerung vu Masada a sengem Wierk "De Krich vu de Judden" beschriwwen. Him no hunn sech an de Jore 70 bis 73 n. Chr., no der Zerstéierung vum Tempel zu Jerusalem, zu Masada 973 Judde géint eng Iwwermuecht vu 15.000 réimesch Legionären ënnert dem Kommando vum Flavius Silva gewiert. Schléisslech ass et de Réimer no groussen Efforte gelong, d'Festung ze stiermen. An do hu se, wéi den Flavius Josephus erzielt, nëmme méi 5 lieweg Persounen, 2 Fraen a 5 Kanner, virfonnt. Déi aner alleguerten hate virgezunn, sech selwer ëmzebrengen a sech esou der Onfräiheet ze ëntzéien. Sou ass Masada zu engem Symbol vum Fräiheetswëlle vun de Judde ginn.

[Änneren] Masada haut

2001 gouf Masada op d'Lëscht vun de Weltkultur- an Naturierfschaften vun der UNESCO gesat.

[Änneren] Literatur

  • Flavius Josephus: Geschichte des jüdischen Krieges (De bello Judaico), Marixverlag, Wiesbaden, 2005, Eng Iwwersetzung, Aleedung a Kommentare vum Heinrich Klementz. Mat Nimm-Regëster a Paragraphenzielung no der Flavii Josephi Opera recognovit Benedictus Niese (ed. minor), Berlin 1888 - 1895. 688 Säiten.
  • Yigael Yadin; Joseph Naveh, Yaacov Meshorer: Masada I: The Yigael Yadin Excavations 1963-1965 Final Reports, Biblical Archaeology Society, 1989, 232 Säiten.
  • Nachman Ben-Yehuda: Masada Myth : Collective Memory and Mythmaking In Israel, University of Wisconsin Press, 1995, 384 Säiten. E kritesche Bléck op de "Mythus" Masada. 384 Säiten

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -