See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Golan - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Golan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel zu Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Landkoart mat de den Golan Héichten
Landkoart mat de den Golan Héichten
Golan: Erënnerung un zwéin Kricher
Golan: Erënnerung un zwéin Kricher
Spuren vun harden Kämpf: Zerstéiert Bunkeren
Spuren vun harden Kämpf: Zerstéiert Bunkeren

D'Golan Héichten (arabësch الجولان al-Dschaulān, hebräësch רמת הגולן Ramat HaGolan), leien am Nordosten vum Jordan a sinn een ëmstriddenen Landstreech tëschent Syrien an Israel. D'Golan Héichten sinn e Plateau mat enger vulkanescher Origine. Si leien tëschent dem Séi Genezareth an der syrëscher Haaptstad Damaskus, sinn hiwweleg, schwaach bevëlkert, a net vill wiisst do. Mee si beherrschen de méi déif geleeënen Dall vum Jordan. An dat ass ee vun de Grënn firwat d'Golanhéichten ëmmer de Mëttelpunkt vum Sträit tëschent Syrien an Israel sinn a waren.
Vëlkerrechtlech gehéieren se zu Syrien, sinn awer 1967 am Sechs Deeg Krich vun Israel eruewert a 1980 annektéiert ginn. Des Annexioun ass awer ni um internationalen Plang unerkannt gi.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographesch Kennzeechen

De gréissten Deel vun dësem Gebidd läit op enger Héicht vun 1.000 m iwwert dem Mier, an bedeckt, bei enger Längt vu 60 km an enger Breet vu 25 km, eng Iwwerfläch vun 1.150 km². Den hëchste Punkt , den Bierg Hermon, ass 2.814 m héich. D'Haaptstad ass dat syrëscht Qunaitra, eng Stad, déi 1967 ganz zerstéiert gouf an nëmme méi deelweis opgebaut ginn ass. Haut hunn sech op den Golanhéichten israelesch Siedler néiergelooss (17.000), wat d'Léisung vun de Problemer ëm de Golan net vereinfacht.

[Änneren] D'Geschicht vun zwéin Kricher

Bekannt goufen d'Golanhéichten am 20. Joerhonnert duerch zwéi Kricher: de Sechs Deeg Krich (1967) an de Jom-Kippur-Krich (1973).
Virum Sechs Deeg Krich haten d'Syrer probéiert een deel vum Waaser vun de Golan Héichten, dat de Séi Genezareth speist a fir d'Opbreedung vu Drenkwaaser benotzt gët, ëmzeleeden. Dat huet Israel sech net bidde gelooss.
De Sechs Deeg Krich war e Krich deen Israel géint seng arabësch Noperlänner Egypten, Jordanien a Syrien op Provokatiounen vun hinnen hi gefouert huet an dee mat engem Präventivschlag vun der israelescher Aviatioun agelaut ginn ass. Hien huet 6 Deeg, vum 5. Juni bis zum 10. Juni 1967, gedauert an ass mat der Besetzung vum Gazasträifen an de Golahéichten zu Ënn gang.
D'Zäitbomm huet awer weidergetickt an där Géigend. Um Ufank vum Jom-Kippur-Krich ass se geplatzt. Der syrëscher Arméi, ënnerstëtzt vun aneren arabëschen Länner, ass et gelongen an engem éischten Ulaf d'Golanhéichten ze erueweren. Am Laf vun enger Géigenattack huet Israel Golanhéichten zeréck eruewert. Am Golan huet deemools déi gréisst Panzerschluecht an der Weltgeschicht stattfond. Et stongen 180 israelesch Panzer 1400 feindlechen Panzer geegeniwwer, 870 Panzer vun hinnen, vill Gefierer a Kanounen sinn verluer gang.
Israel huet dobäi och schwéier Verloschter missen asteechen. Déi deemoleg israelesch Premierministerin Golda Meir ass dunn , well si dëser Attack net virgegraff hat, ënner staarken politeschen Drock kom an ass am Dezember 1973 zeréckgetratt. Si gouf duerch en neien Premierminister, den Jitzchak Rabin am März 1974 ersat.

[Änneren] D'Bedeitung vum Golan fir Israel

Fir Israel hunn d'Golanhéichten ëmmer eng Gefor bedeit:

  1. well vun de Golanhéichten aus d'israelech Siedler am Jordan-Dall vun Zäit zu Zäit ënnert de Beschoss vun syreschen Truppen vum Golan aus komm sinn.
  2. Iewer och well Drenkwaaserversuergung vun Israel, aus dem Séi Genesareth duerch d'Ëmleedung vum Waasser aus dem Golan koum, a Fro gestallt konnt ginn.

[Änneren] D'Situatioun haut

Israel hält d'Golanhéichten, wou Kräften vun de Vereenten Natiounen zenter 1974 stationéiert si, fir en Désengagement vun den zwou Parteien sëcherzestellen, haut ëmmer nach besat. D'international Communautéit betruecht se weider als een vun Israel besaate Gebidd a net als israeleschen Territoire. D'Golanhéichten bleiwen e Sträitpunkt, an eng Eenegung tëschent Syrien an Israel gëtt allgemeng wéint hinnen als onwahrscheinlech ugekuckt.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -