See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Iran - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Iran

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


جمهوری اسلامی ایران

Jomhûri-ye Eslâmî-ye Îrân
Islamesch Republik Iran

Fändel vum Iran

Wope vum Iran

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Persesch
Haaptstad: Teheran
Staatsform: Islamesch Republik
Fläch: 1.648.195 km²
Bevëlkerung: 70.472.846 (2006)

Den Iran (Persien), ass en islamesch geprägte Staat am Weste vun Asien, a läit tëchent Arabien an Afghanistan. Mat 68 Milliounen Awunner zielt den Iran zu den 10% vun de bevölkrerungsräichste Staaten.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Numm vum Land

Zënter fréiester Zäit gouf d’Land vu senger Populatioun als Iran (eng Ofkierzung vum mëttelperseschen Eran Schahr) bezeechent. Déi aliranesch Form vun dësem Numm, Aryānām Xšaθra, bedeit „Land vun den Arier“.

Déi bis an 20.Joerhonnert gebräichlech Bezeechnung Persien geet op d’Zäit vun den Achämeniden zeréck, déi am 6. Joerhonnert v. Chr. en éischt Persescht Räich geschafen haten. Dësem säi Kärgebidd war déi vun de Griichen genannte Landschaft Persis, déi haiteg Provënz Fars ëm Shiraz. Vun hir leed sech och de Numm Farsi („Perser“) fir déi persesch Sprooch a fir déi ethnesch Perser (Farsen) of.

De geographesche Begrëff Iran bezitt sech op dat ganzt iranescht Héichland, iwwer de Staat Iran eraus also och op Régioune vu Nopeschlänner.

[Änneren] Geographie

Den Iran grenzt u 7 Staaten an 2 Mierer: am Osten a Nordosten un den Irak (Grenzlängt 1.458 km), d’Tierkei an Aserbaidschan (allebéid ca. 500 km), un Armenien (35 km) an un d’Kaspescht Mier (500 km), am Osten a Südosten un Turkmenistan (ca. 1.000 km), Afghanistan (936 km) a Pakistan (Provënz Belutschistan, 909 km) souwéi un zwéin Ausleefer vum Indeschen Ozean (Golf vun Oman a persesche Golf). Déi iranesch Grenzprovënz zu Pakistan heescht och Belutschistan.

Den haitegen Iran huet an der Antikitéit a bis ongeféier 1950 Persien geheescht. En ass en ausgesprachend Gebiergsland, wat d’Klima – ofgesi vun de Wüsten – och fir d’Europäer relativ erdréiglech mécht. Geologesch gëtt d’Land duerch méi, bal parallel Gebiergsketten, déi no Oste lafen, gegliddert, déi am Zagros- a Kuhrud-Gebierg e puer mol iwert 4.000 m reecht.

[Änneren] Klima

[Änneren] Vegetatioun

[Änneren] Populatioun

D'Populatioun am Iran (68 Milliounen - Stand Juli 2005) setzt sech zesummen aus ca. 51 % Perser, ca. 24 % Aserbaidschaner, ca. 7 % Kurden, 8 % Gilaki a Mazandarani, ca. 3 % Araber, 2 % Turkomanen, 2 % Luren an 2 % Belutschen an a klengen Zuelen och nach, chrëschtlech Armenier, Assyrer, Georgier souwéi Judden. Doniewt liewen am Iran vill Flüchtlingen: 2 Milliounen aus Afghanistan an 203.000 aus dem Irak.

Alles an allem bekenne sech 98 % vun der Populatioun zum Islam; 90 % dovun si Schiiten an 8 % Sunniten.

20.000 Iraner befanne sech als Flüchtlingen am Nopeschland Irak.

Zu de gréisste Stied zielen Teheran (Stad 7,1 Mio.; Ballungsraum 12 Mio.), Maschhad (2,3 Mio.), Isfahan (1,5 Mio.), Karadsch (1,4 Mio.), Täbris (1,4 Mio.), Schiraz (1,2 Mio.), Qom (1,0 Mio.), Ahwas (850.000) und Kermānschāh (770.000).

[Änneren] Sproochen

[Änneren] Relioun

Den zwielefer-schiiteschen Islam ass d'Staatsrelioun. 98 % vun der Populatioun si Muslimen. Donieft gëtt et Orientchrëschten, deenen hir Zuel awer no der Revolutioun staark zeréckgaangen ass. Haut gëtt et der wuel nach ongeféier 280.000. Zu 90 % sinn d'Unhänger vun der armenesch-apostoulescher Kierch, 20.000 bis maximal 40.000 assyresch Chrëschten, ongeféier 3.000 Chaldäer an e puer Protestanten. Judden gëtt et jee no Schätzung 11.000 bis 30.000, woubäi déi meeschten Estimatioune vun 20.000 ausginn, donieft 33.000 Parsen an e puer Dausend Mandäer. Den ca. 300.000 am Iran als ketzeresch bezeechent an entrechte Baha'i, deenen hir Relioun am 19. Joerhonnert am Iran entstanen ass, gëtt net toleréiert, wat bluddeg Progromer an Hiriichtunge mat sech bréngt.

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Politik

[Änneren] Militär

Dat iranescht Militär ass nach emmer an enger Opbauphas, an deeër d'Land versicht, d'Verloschter duerch den éischte Golfkrich auszegläichen. US-Schätzunge ginn dovun aus, datt den Irak an den aacht Krichsjoeren tëschent 20 a 40 % vun der iranescher Militärkapazitéit vernicht huet, souwuel Zaldote wéi och Material. Wat d'Mannstärkt betrëfft, ass den Erëmopbau vun der Efficacitéit zum groussen Deel ofgeschloss, ähnlech dierft et och de buedemgebonnene Waffesystemer gëllen, bei denen et dem Land haut virun allem ëm d'Moderniséierung a manner ëm zueleméisseg Oprüstung geet. Nach net ausgeglach sinn d'Materialverloschter duerch de Krich um Niveau vun der Loftwaff, a vill méi héigem Mooss awer bei de gréisseren Iwerwaaser-Unitéite vun der Marine. Op dëse Niveauen ass den Iran fir e Land vu sénger Gréisst ënnerbewaffnet. Nieft de Krichsverloschter si virun allem d'Export-Restriktioune vu ville Staaten de Grond fir dësen Zoustand. E Groussdeel vun de Waffesystemer staamt aus US-Waffenhëllefen an a rezenter Zäit aus Waffegeschäfter mat Russland an der Volleksrepublik China.

[Änneren] Rechtssystem

Duerch d'islamesch Revolutioun ass d'islamescht Recht, d'Scharia, als Gesetz erem agefouert gin. Well d'Scharia nie richteg mat Succès kodifizéiert gouf, ënnerläit d'Rechtspfleg an d'Weiderentwécklung vun der islamescher Jurisprudenz an enger Art Case law-System. Vum Standpunkt vun der Gewaltentrennung aus huet sech d'Activitéit vum éischten ieweschte Riichter no der Chalkali Revolutioun katastrophal ausgewierkt. Bis haut gët et keng Gewaltentrennung am Iran, den iewechte geeschtleche Féierer huet wäitreechend Befugnisser.

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -