See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Gaston Thorn - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Gaston Thorn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Gaston Thorn, copyright NBL
Gaston Thorn, copyright NBL

De Gaston Egmont Thorn gebuer den 3. September 1928 an der Stad, a gestuerwen de 26. August 2007, war e lëtzebuergesche Politiker.

No engem Droitsstudium zu Montpellier, Lausanne a Paräis gouf hien 1955 um Barreau ageschriwwen. 1959 gouf hie fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Tëschent 1961 an 1963 war hien och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a vun 1959 bis 1969 Member vum Europäesche Parlament.

Vun 1969 bis 1974 war de Gaston Thorn Ausseminister, Minister fir d'Fonction publique a fir de Sport an der Regierung Werner-Schaus II. 1974 gouf hie selwer Premierminister vun enger Koalitiounsregierung tëscht der Demokratescher Partei (DP) an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aabechterpartei (LSAP), an war och responsabel fir d'Portefeuillën Ausseministère a Sport. 1975 war hien och President vun der 30. Sessioun vun der UNO-Generalversammlung.

No de Wale vun 1979 gouf d'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) Koalitiounspartner vun der DP, de Gaston Thorn huet d'Ressorten Aussebezéiungen, Cooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz iwwerholl.

De 6. Januar 1981 gouf de Gaston Thorn President vun der Europäescher Commissioun (bis Januar 1985).

Dono war e virun allem an der Privatwirtschaft aktiv: tëscht 1985 an 1999 war e President vum Verwaltungsrot vun der BIL, an tëscht 1987 an 1993 President vun der CLT.

Hien huet sech awer och weider fir d'international Politik interesséiert a war President vum "International European Movement", Member vun der Trilateral Commission an dem Comité Jean Monnet. Hie war och President, spéider Éierepresident, vun der Liberal International, enger Daachorganisatioun vu liberale Parteien.

De Gaston Thorn war mat der Journalistin Liliane Thorn-Petit bestued.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -