Europäescht Parlament
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäescht Parlament (oder Europa-Parlament) ass déi Institutioun vun der Europäescher Unioun (EU), déi an direkter a geheimer Wahl demokratesch gewielt gëtt. Et vertrëtt deemno direkt déi 450 Milliounen EU-Biirger an hëlt Deel um legislative Prozess vun der EU: zesumme mam Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Memberstaaten duerch hir Ministere vertruede sinn, stëmmt et iwwer Gesetzesvirschléi of, déi d'Europäesch Commissioun ausgeschafft huet.
[Änneren] Seng Aarbechtsweis
D'Membere vum Parlament, also d'Deputéiert, ginn zanter 1979 direkt vun de Bierger fir 5 Joer gewielt. President ass zanter Juni 2004 de Josep Borrell.
Zanter de Wahle vum Juni 2004 ginn ët 732 Deputéiert. Hir Zuel pro Memberstaat hängt of vun deem senger Awunnerzuel: Malta huet der matt 5 am mansten, gefollegt vu Lëtzebuerg mat hirer 6 bis hin zu Däitschland matt 99 Deputéierten.
Organiséiert sinn déi meeschten Deputéiert an enger vun dëse 7 Fraktiounen: Europäesch Vollekspartei (Chrëschtdemokraten) an Europäesch Demokraten (EVP-ED), 268 Sëtzer; Europäesch Sozialdemokraten (PSE), 200 Sëtzer, Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (ALDE), 88 Sëtzer; déi Gréng/Fräi Europäesch Allianz (Gréng/FAE), 42 Sëtzer, Vereenegt Europäesch Lénk/Nordesch Gréng an Lénk (VEL/NGL), 41 Sëtzer; Onofhängegkeet/Demokratie (IND/DEM), 37 Sëzter; Unioun fir d'Europa vun den Natiounen (UEN), 27 Sëtzer (Stand: 11. Oktober 2004).
D'Europäescht Parlament hält seng Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg, an all zousätzlech Sëtzungen zu Bréissel. All Deputéiert ass an engem oder méi vun de 17 Comitéën, déi, je no den Themen, d'Plenarsëtzung preparéieren. Si, wéi och déi verschidde politesch Gruppen, hunn hir Réunioune meeschtens zu Bréissel. D'Generalsekretariat vum Europäesche Parlament ass zu Lëtzebuerg.
[Änneren] Seng Pouvoiren
D'Europäescht Parlament an den Europäesche Conseil deelen d'legislativ Gewalt. Je no Sujet ginn et dräi Prozeduren, no deenen des Opdeelung geschitt:
- Fir d'éischt gët et d'Prozedur vun der Zesummenaarbecht, déi an der Europäescher Eenheetsakt 1986 agefouert gouf. Des gesäit fir, dass d'Parlament seng Meenung iwwer Gesetzesprojetë ausdréckt, déi d'Commissioun proposéiert huet, an d'Commissioun ännert doropshin hir Propose - oder och net.
- Zweetens gët et d'Zoustëmmungsprozedur, déi och 1986 agfouert gouf. Ennert dëser Prozedur muss d'Parlament seng Zoustëmmung ginn bei internationalen Accordën, déi vun der Commissioun ausgeschafft goufen, bei proposéierten Ausbreedunge vun der EU, an bei anere Sujetën, wéi z.B. der Ännerung vun de Wahlregelen, fir dass dës a Kraaft kënnen trieden.
- Di drëtt ass d'Codecisiouns-Prozedur, déi duerch den Maastricht-Traité agefouert gouf. Ënnert dëser Ofstëmmungsprozedur huet d'Parlament genee souvill ze soe wéi de Conseil. D'Sujetën, déi ënner dëser Prozedur ofgestëmmt musse ginn, reeche vun der fräier Zirkulatioun vun den Aarbechter, iwwert de Bannemaart, Ëmwelt, Bildung an Erzéiung, Kultur, Transeuropäesch Réseauën bis hin zum Konsumenteschutz. Konkret bedeit dat, dass d'Parlament matt absoluter Majoritéit dem Conseil seng 'Gemeinsam Positioun' ka bloquéieren. An deem Fall gët probéiert, virun engem Conciliatiounscomité eng Léisung ze fannen. An den Traitéë vun Amsterdam an Nice gouf dës Prozedur op weider 30 Gebidder ausgespreet, wat bedeit, dass d'Parlament no an no ëmmer méi Pouvoirë kritt.
D'Parlament an de Conseil deelen och d'Responsabilitéit iwwert d'Adoptioun vum Budget vun der EU: D'Europäesch Commissioun mecht e Budgetsprojet, deen am Parlament a Conseil debattéiert gët. D'Parlament kann de Budget rejetéieren - wat scho méi wéi eemol virkoum; an deem Fall muss déi ganz Prozedur vu vir ugefaang ginn. Deemno huet d'Parlament d'Méiglechkeet, ze beaflossen, wat fir Suë woufir ausgi ginn. Allerdings geet bal d'Halschecht vum EU-Budget un d'Landwirtschaft, an iwwer déi Dépensen huet d'Parlament näischt ze soen.
Schliisslech huet d'Parlament d'Kontroll iwwert d'Commissioun: D'Commissioun muss d'Vertraue vum Parlament hunn, éier s'iwwerhaapt ufänke ka mat schaffen, a mat enger Zweedrëttel-Majoritéit kann d'Parlament s'och erëm fréizäiteg entloossen. D'Parlament kontrolléiert weiderhin, op d'Commissioun hir Aarbecht gutt mécht, andeems et d'Rapportë vum Europäesche Rechnungshaff examinéiert, an et kann der Commissioun, wéi och dem Conseil, mëndlech oder schrëftlech Froen stellen.
[Änneren] Seng Presidenten
[Änneren] Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut
Legislatur | Period | Numm | Grupp | Land |
1re | 1979-1982 | Simone Veil | LDR | Frankräich |
1982-1984 | Piet Dankert | Sozialist | Holland | |
2e | 1984-1987 | Pierre Pflimlin | UDF/RPR | Frankräich |
1987-1989 | Lord Plumb | EVP-ED | Groussbritannien | |
3e | 1989-1992 | Enrique Barón Crespo | Sozialist | Spuenien |
1992-1994 | Egon Klepsch | EVP-ED | Däitschland | |
4e | 1994-1997 | Klaus Hänsch | PSE | Däitschland |
1997-1999 | José Maria Gil Robles | EVP-ED | Spuenien | |
5e | 1999-2002 | Nicole Fontaine | EVP-ED | Frankräich |
2002-2004 | Pat Cox | ELDR | Irland | |
6e | 2004-2007 | Josep Borrell Fontelles | PSE | Spuenien |
2007-2009 | Hans-Gert Pöttering) | (EVP-ED) | (Däitschland) |
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Institutioune vun der Europäescher Unioun
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europa-Deputéierten
- Lëscht vu bekannten Europadeputéierten
- Kueb (Gebai)
[Änneren] Um Spaweck