Däitschland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bundesrepublik Deutschland | |||||
|
|||||
National Devise: Einigkeit und Recht und Freiheit | |||||
Offiziell Sprooch: | Däitsch | ||||
Haaptstad: | Berlin | ||||
Staatsform: | Parlamentaresch Republik | ||||
• Bundespresident: | Horst Köhler | ||||
• Bundeskanzlesch: | Angela Merkel | ||||
Fläch: | 357.092,90 [1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 82 438 000 [1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 231/km² | ||||
Nationalfeierdag: | 3. Oktober | ||||
Nationalhymn: | Das Lied der Deutschen (Lauschteren) |
||||
Währung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .de | ||||
International Virwahl: | +49 |
D' Bundesrepublik Däitschland (oder einfach Däitschland) ass e Staat a Mëtteleuropa an huet gemeinsam Grenze mat Dänemark, Polen, der Tschechescher Republik, Éisträich, der Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, der Belsch an Holland. Am Norde sinn d'Nordséi an d'Ostséi natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun deene gréisste Länner a Westeuropa.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Wat lo kënnt ass nëmmen eng kuerz Skizz vun de wichtegste geschichtlechen Entwécklungen an Däitschland an an der Regioun vum haitegen Däitschland. Méi Detailer stinn am Artikel Geschicht vun Däitschland, am Artikel iwwert Däitschland am Mëttelalter, oder awer och an den Artikelen iwwert d'Bundesrepublik resp. iwwert d'DDR.
Déi eelste Spure vu Mënschen um Gebitt vum haitegen Däitschland sinn ongeféier 700.000 Joer al. Zënter ronn 500.000 Joer gëtt Däitschland permanent bewunnt.
E puer keltesch a germanesch Stämm gi fir d'éischt bei de Griichen a Réimer an der virchrëschtlecher Zäit ernimmt. De Rhäin gëtt 58 v. Chr. d'Grenz mat dem réimesche Räich. Eng éischt Geschicht vu ganz Germanien liwwert am Joer 98 de réimeschen Auteur Tacitus. Tëschent dem 1. an dem 6. Joerhonnert verdeele sech déi germanesch Stämm iwwert Europa (Vëlkerwanderung) a vermësche sech mat den net ausgewanderte Kelten. Grouss Deeler vum haitegen Ostdäitschland si bis an d'héischt Mëttelalter ënnert staarkem slaweschen Afloss (Germania Slavica). Als Konsequenz vun der héichmëttelalterlecher Ostmigratioun gi si assimiléiert an akkulturéiert.
D'Frankenräich gëtt gegrënnt a stellt 800 mat dem Karl de Groussen als éischte westleche Keeser, no der Ofsetzung vum Romulus Augustulus duerch den Odoaker, den Usproch op d'Féierungsroll an Europa. Mee säi Räich bleift nëmmen e puer Joerzéngten stabil. Duerch Streidereien tëschent sengen Nofolger zerfält et an dräi Deeler (Westfränkescht Räich, Lotharingien an Ostfränkescht Räich), déi nächst Generatiounen deele säi Räich ëmmer méi op.
Als traditionellen (mee e bëssen arbiträr gewielten) Datum fir d'Grënnung vun Däitschland als Staat gëllt den 2. Februar 962, wou den Otto I. als éischten Ostfränkesche Kinnek zu Roum zum Keeser gekréint gouf.
D'Westfränkescht Räich entwéckelt sech zu engem Nationalstaat (dem haitege Frankräich), während d'Ostfränkescht Räich ëmmer méi de lokalen Interessen zum Affer fält. Obwuel d'Keesere vum Ostfränkesche Räich ëmmer ërem versichen d'Räich ze eenegen, zerfält d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, dat eigentlech grad réischt entsteet, gréisstendeels ëmmer méi an Onmasse vu gréisstendeels onofhängege Staaten a Fräi Räichsstied. No der Reformatioun an dem Drëssegjärege Krich ass d'Muecht vum Keeser nëmmen nach reng formell.
Dësen Zoustand dauert bis 1806. Dat Joer dankt den däitsche Keeser Franz II., dee schonn 1804 Keeser vum éisträichesche Villvëlkerstaat ginn ass, op Drock vum franséische Keeser Napoléon of, andeems hien op d'Droe vun der Räichskroun verzicht. Ënnert dem Napoléon gëtt d'Zuel vun däitsche Staaten duerch Fusiounen staark verklengert, wouduerch vill Räichsstied hir Onofhängegkeet verléieren (Ee Moment goufen et 80 vun dëse Stied). De Wiener Kongress dreift d'Vereenegung weider a schliisslech grënnen 38 däitsch Staaten e lassenen Däitsche Bond (Deutscher Bund) ënnert der Féierung vun Éisträich. Scho kuerz no der gescheiterter nationaler a liberaler Mäerzrevolutioun vun 1848/1849 kënnt et zuer Kollisioun vu Preisen, dat ëmmer méi staark gëtt, mat der däitscher Groussmuecht Éisträich em d'Virmuechtsstellung am Däitsche Bond resp. an Europa, wat zum Däitsch-Éisträichesche Krich vun 1866 féiert. Preise gewënnt dëse Krich, et kënnt dono zu enger Deelung an domatter zuer Opléisung vum Däitsche Bond. Preisen annektéiert seng nërdlech Géigner aus dem Krich. Doduerch verréngert sech d'Zuel vun den däitsche Staaten nach eng Kéier.
No der Grënnung vum Norddäitsche Bond am Uschloss dorunner, natierlech ënnert der Féierung vu Preisen, kënnt et, bal ouni siichtbaren Iwwergaang, zur Grënnung vum Däitsche Räich. Allgemeng gëtt vun engem klengen Däitschland geschwat well Éisträich net dezou gehéiert. Zu dëser Grënnung kënnt et nom Däitsch-Franséische Krich vun 1870/71 an der Proklamatioun vum preisesche Kinnek Wilhelm I. zum Däitsche Keeser (hien huet sech selwer net als Keeser vun Däitschland ugesinn, well dozou, senger Meenung no, och den däitschen Deel vun Éisträich misst gehéieren). Mat der Räichsgrënnung gehéieren op eemol Gebidder a Régiounen zu Däitschland, déi guer net méi zum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun gehéiert haten, mee Stécker vu Preisen baussent dem Räich waren. Dozou gehéiren Ost- a Westpreisen, Danzeg, an Deeler vum haitege Polen an och nach Schleswig. An den 1880er Joren huet dat Däitscht Räich op friddlechem Wee Kolonien an Afrika an Asien kaaft, woubäi déi beschte Kolonien awer scho laang Anere gehéiert hunn.
Nom Enn vum Éischte Weltkrich (1914-1918) setzt d'Novemberrevolutioun vun 1918 der Monarchie am Däitsche Räich (an an Éisträich-Ungarn) en Enn. De Keeser (Wilhelm II.) dankt of an aus dem Däitsche Räich gëtt eng parlamentaresch-demokratesch Republik. Am Versailler Vertrag gëtt Däitschland vun den Alliéierten dozou gezwongen eng Rei vu Gebidder hierzeginn (Alsace-Lorraine u Frankräich, Eupen-Malmedy un d'Belsch, Nordschleswig un Dänemark, d'Provënzen Posen a Westpreisen an den Osten vun Uewerschlesien an de Süde vum ostpreisesche Krees Neidenburg u Polen, d'Memelrégioun u Litauen an d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei, dozou kënnt de Verloscht vun all de Kolonien). Dësweidere muss Däitschland all Joer Reparatioune bezuelen, an dat iwwert en Zäitraum vun 80 Joer.
D'Weimarer Republik leid ënnert stännege Konflikter tëschent demokrateschen an autoritäre Stréimungen. Dozou kënnt e wäitverbreete Refus vum Versailler Vertrag a wirtschaftlech Schwiergkeeten, déi deelweis och dovu kommen datt Däitschland muss, fir d'Reparatiounen ze bezuelen, immens Krediter ophuelen. 1933 ass et mat deeër Republik eriwwer wéi de gebiertegen Éisträicher Adolf Hitler un d'Muecht kënnt, mat Hëllef vu sénger Partei, der NSDAP.
D'NSDAP mécht aus Däitschland ganz séier en totalitären Eeparteiestaat. Vun Ufank u gi politesch Géigner verfollegt, während de Judden eng kloer Ausgrenzungspolitik an d'Gesiicht bléist. Während dem Zweete Weltkrich gi schätzungsweis bis zu sechs Millioune Judden an Europa ëmbruecht (zënter de 1970er Joren gëtt dofir "Holocaust" gesot, d'Jude soen dogéinter "Schoah" dofir). Dausende Membere vun anere Bevëlkerungsgruppen (Sinti a Roma, Homosexueller, physesch a psychech behënnert Mënsche gi verhaft oder falen dem Massemord zum Affer. Eng genau Zuel ass och hei net bekannt.
D'nationalsozialistescht Däitscht Räich war op Expansioun ausgeriicht: Fir d'éischt gëtt Éisträich 1938 nach ouni allzevill Widdersproch a mat Zoustëmmung vun der Bevëlkerung annektéiert (Anschluss), d'Annektioun vum däitsch bewunnte Sudeteland am selwechte Joer gëtt och nach relativ widersprochslos vun de groussen europäesche Länner akzeptéiert. Mee den Ugrëff op Polen 1939 léist den Zweete Weltkrich aus, e Krich, dee weltwäit eng geschaten 55 Millioune Leit d'Liewe kascht. Fir dat (Grouss-)Däitscht Räich ass dëse Krich den 8. Mee 1945 eriwwer, mat enger Kapitulatioun ouni Konditiounen. Den Hitler huet sech schonn den 30. Abrëll suicidéiert gehat; déi iwwerliewend politesch a militäresch Haaptverantwortlech ginn an den Nürnberger Prozesser viru Geriicht gestallt.
D'NS-Diktatur huet an der Geschichtswessenschaft, mee och an der Ëffentlechkeet, dozou gefouert, datt sech Froe gestallt ginn, déi wäit iwwert dës zwielef Joer erausginn, z.B. ob nëmmen den Hitler mat enger Clique , Deeler vun den däitschen Eliten, eng Bevëlkerungsmajoritéit oder suguer dat ganzt däitscht Vollék fir d'Verbrieche verantwortlech ze maache sinn.
D'Alliéiert , ufanks d'USA, d'Sowjetunioun a Groussbritannien, spéider och d'Besatzungsmuecht Frankräich, beméie sech um Ufank vun der Besatzung nach ëm eng gemeinsam Politik an deeër Saach. Eens sinn si sech iwwert d'Demilitariséierung an d'Entnazifizéierung. Mee scho bei der Fro, wat een ënner enger Demokratie ze verstoen huet, kommen éischt Differenzen tëschent der Sowjetunioun engersäits an de Westmuechten anerersäits op. Zudem huet Frankräich nach Annektiounspläng vis-à-vis vun Däitschland.
Éisträich (mat der Konditioun neutrale Staat ze ginn) an d'Tschechoslowakei ginn rëm selbstänneg Staaten; Polen gëtt an neie Grenzen nees opgebaut woubäi dës Grenzen no Weste geréckelt goufen. De Joseph Stalin hat nämlech Polen grouss Deeler vum däitschen Osten versprach an der Sowjetunioun d'nërdlech Halschent vun Ostpreisen, wat vun de Westmuechten op der Konferenz vu Potsdam nëmme mat Widderstand accordéiert gëtt. Allerdéngs hätt d'Verdreiwe vun den Däitschen missen "human" iwwert d'Bühn goen, an déi polnesch a sowjetesch Verwaltung gouf "provisoresch" genannt.
D'Däitscht Räich ass deemno definitiv opgeléist, an a sengem Käer ginn nei Staaten (an der Bundesrepublik spéider Bundesländer genannt) forméiert. Bei dem Zéie vun de Grenze vun dëse Staate sinn deelweis d'Grenze vun de Besatzungszonen déterminéierend, z.B. tëschent Niedersachsen a Mecklenburg resp. Sachsen-Anhalt souwéi tëschent Thüringen an Hessen.
D'Bundesrepublik Deutschland gëtt den 23. Mee 1949 an den dräi westleche Besatzungszone gegrënnt; d'DDR de 7. Oktober 1949 an der Sowjetescher Besatzungszon. Domat war dat fréiert Däitscht Räich an zwee nei Staaten opgedeelt a grouss Gebitter a Régiounen waren den Nopeschstaaten zoukomm. D'Bundesverfassungsgeriicht stellt awer 1973 fest: "Die BRD ist nicht 'Rechtsnachfolger' des Deutschen Reiches, sondern als Staat identisch mit dem Staat 'Deutsches Reich'". De Kale Krich tëschent West an Ost trennt Mëtteleuropa, d'Bundesrepublik an d'DDR duerch en Eisene Rideau. Réischt e Muechtwiessel an der Sowjetunioun féiert zu (friddleche) Revolutiounen an um Schluss zum Zësummebrieche vun de kommunistesche Regierungen an der DDR an den anere Staate vum Warschauer Pakt. Mat dem Enn vum "Eisene Rideau" a Mëtteleuropa geet och erëm d'Grenz tëschent der Bundesrepublik an der DDR op. Den 3. Oktober 1990 trëtt d'DDR der Bundesrepublik bäi (däitsch Wiedervereinigung). Déi "vergréissert" Bundesrepublik ass domatter och endgülteg nees souverän ginn.
Zesumme mat Frankräich spillt (dat neit) Däitschland haut eng féierend Roll an der EU. Däitschland ass vir dobäi bei deene Staaten déi versichen, e méi vereenegt Europa ze schafen, mat engem politeschen, Verteidegungs- a Sécherheetsapparat.
Kuckt heizou den Haaptartikel: Geschicht vun Däitschland.
[Änneren] Geographie
Den nërdlechen Deel vun Däitschland, d'norddeutsche Tiefebene, ass en Déifland dat vun der Äiszäit geformt gouf. A Mëtteldäitschland fënnt een d'Mittelgebirge mat senge Bëscher. Am Süde sinn d'Alpen. Den déifste Punkt läit bei Neuendorf-Sachsenbande an der Wilstermarsch mat 3,54 m ënnert NN. Den héchste Bierg ass d'Zugspitze mat 2.968 Meter.
Grouss Flëss an Däitschland sinn ënnert aneren de Rhäin, d'Donau, d'Elbe, d'Weser, d'Oder. Extrem Wierderkonditioune wéi Drëchenten, Tornadoen, Stierm, an exzessive Frascht oder Hëtzt asw. si relativ seelen. Dat kënnt wuel och dovunner, datt Däitschland an der geméissegter Klimazon läit. An de leschte Jore goufen et an Däitschland zwou schlëmm Iwwerschwemmungen déi vu villen als Zeeche vun der Klimaerhëtzung gesi ginn. Eng weider Indikatioun dofir kéint de "Joerhonnertsummer" 2003 gewiescht sinn, deen ee vun deene wäermsten zënter Jorzéngte war. D'Suite waren, ënnert aneren, schlecht Rekolte bei de Baueren. Däitschland läit op der Eurasescher Plack. D'Grenzen zu anere Placke si wäit ewech, wat dann och erkläert firwat et bis elo keng schwéier Äerdbiewe mat den deementspriechende Suite gouf.
- Bierger: Zugspitze (2968 m), Watzmann (2713 m), Wendelstein (1838 m), Feldberg (1493 m), Großer Arber (1456 m), Fichtelberg (1215 m), Brocken (1142 m), Auersberg (1019 m),
- Gebierger: Alpen, Bayerischer Wald, Äifel, Elbsandsteingebirge, Erzgebirge, Fichtelgebirge, Harz, Hunsrück, Kyffhäuser, Oberpfälzer Wald, Odenwald, Rhön, Rothaargebirge, Schwäbische Alb, Schwarzwald, Spessart, Taunus, Teutoburger Wald, Thüringer Wald, Westerwald, Wiehengebirge, Zittauer Gebirge
- Flëss: Ahr, Aller, Altmühl, Donau, Eider, Elbe, Ems, Fulda, Havel, Iller, Ilz, Inn, Isar, Lahn, Lech, Lenne, Leine, Lippe, Main, Musel, Mulde, Naab, Neckar, Neiße, Oder, Pegnitz, Regen, Rhäin, Ruhr, Saale, Saar, Sieg, Spree, Unstrut, Werra, Weser
- Séien: Ammersee, Bodensee, Chiemsee, Müritz, Plöner See, Ratzeburger See, Schweriner See, Starnberger See, Steinhuder Meer, Tegernsee, Zwischenahner Meer
- Landschaften: Alpenvorland, Altmark, Bayerischer Wald, Dithmarschen, Emsland, Fläming, Fränkische Alb, Fränkische Schweiz, Holsteinische Schweiz, Lüneburger Heide, Mecklenburgische Seenplatte, Niederlausitz, Nordfriesland, Oberlausitz, Ostfriesland, Pfälzerwald, Prignitz, Rheingraben, Sächsische Schweiz, Sauerland, Schwäbische Alb, Schwarzwald, Steigerwald, Stormarn, Teutoburger Wald, Thüringer Becken, Uckermark, Weserbergland
- Nordséiinselen:
- Héichséinsel (Nëmmen am Sproochgebrauch, geographesch gesinn huet Däitschland keng Héichséiinsel) : Helgoland
- Ostfrisesch Inselen : Borkum, Memmert, Juist, Norderney, Baltrum, Langeoog, Spiekeroog, Wangerooge, Neuwerk
- Nordfrisesch Inselen : Amrum, Föhr, Pellworm, Sylt, Hallig Hooge, Hallig Langeneß
- Ostséiinseln: Fehmarn, Hiddensee, Poel, Rügen, Usedom
Kuckt heizou den Artikel: Däitsch Inselen
[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen
Haaptstad a Regierungssëtz ass Berlin; e puer Ministère sinn zu Bonn bliwwen. De Politische System vun Däitschland ass de federal an d'Land ass gréisstendeels als parlamentaresch Demokratie organiséiert. De Staat ass a 16 Bundesländer ënnerdeelt. Däitschland ass Member vun der EU, der NATO an dem G8.
[Änneren] Stied
Déi gréissten däitsch Stied si Berlin, Hamburg, München a Köln. Dat gréisste Ballungsgebitt ass d'Ruhrgebiet. Déi fënneftgréisst Stad, an zugläich däitsch Finanzmetropol, ass Frankfurt am Main, wou och de gréissten däitsche Fluchhafen ass, de (Rhein-Main-Fluchhafen). Dësen ass an Europa den zweetgréissten a bei der Fracht de gréissten.
Kuckt heizou d'Artikelen: Lëscht vun den däitsche Stied, Lëscht vun de däitsche Groussstied
[Änneren] Politik
[Änneren] Politesche System
Haaptstad a Regierungssëtz vun der Bundesrepublik Däitschland ass Berlin. Duerch den Artikel 20 GG ass d'Bundesrepublik Deutschland eng demokratesch, sozial a rechtsstaatlech Republik. Et ginn 16 deelsouverän Länner (Bundeslänner), vun deenen der e puer a Regierungsbezirker ënnerdeelt sinn. D'Grondgesetz, ass d'Verfassung vun Däitschland a gouf 1949 geschriwwen. Staatschef ass de Bundespresident dee méi representativ Aufgaben iwwerhëlt. De Regierungschef ass de Bundeskanzler. Hien huet Richtliniekompetenz fir d´Politik vun der Bundesregierung (Däitschland ass eng Kanzlerdemokratie).
Däitschland ass e Bundesstaat dee féderal organiséiert ass, d. h. et ginn zwee Niveauen am Politische System: de Bund, deen de Gesamtstaat Däitschland an d'Länder no bausse vertrëtt. All Niveau huet seng eegen exekutiv, legislativ a judiciaire Organer.
De Bundestag an de Bundesrat décidéieren zësummen iwwert Gesetzer vum Bund an hunn d'Recht mat enger jeweileger 2/3-Majoritéit d'Verfassung ze änneren. An de Länder décidéieren d'Länderparlamente (en Landtag resp. eng Bürgerschaft) iwwert d'Gesetzer vun hirem Land. D´Députéierten sinn laut der Verfassung ganz op sech gestallt wa se sollen entscheeden; trotzdeem dominéieren intern Virentscheedungen an de Parteien d'Législatioun.
D'Exekutiv besteet um Niveau vum Bund aus der Bundesregierung, déi vum Bundeskanzler presidéiert gëtt. Um Niveau vun de Länder presideiert de Ministerpresident (resp. d'Buergermeeschtere vun den Stadstaaten) d'Exekutiv. D'Verwaltunge vum Bund an de Länner gi jeeweils duerch déi entspriechend Ministere gefouert, si stinn dann och un der Spëtzt vun de Verwaltungen.
Wéi an alle Länner spille Verbänn am politesche System eng wichteg Roll. Duerch hir Aarbecht als Lobby probéiere si, d'Politik an d'Richtung vun hire jeweilegen Interessen ze steieren. Dës Tatsach ass staark ëmstridden a souwisou gëtt se net gäere gesi vun deene Verbänn, déi duerch déi Lobbyarbecht négativ betraff sinn .
D'Bundesverfassungsgeriicht ass zoustänneg fir d'Anhale vum Grondgesetz. Déi ieweschst Geriichtshäff vum Bund sinn de Bundesgerichtshof zu Karlsruhe, d'Bundesverwaltungsgericht zu Leipzig, d'Bundesarbeitsgericht, d'Bundessozialgericht an den Bundesfinanzhof zu München. De Groussdeel vun der Applicatioun vum Recht läit an den Hänn vun de Länner. D'Geriichter vum Bund sinn nëmmen fir d'Revisiounen zoustänneg a kontrolléieren, ob d'Decisioune vun de Geriichter aus de Länner formal dem Recht entspriechen.
Kuckt heizou d'Artikelen: Politische System (Däitschland), Politesch Parteien (Däitschland), Grundgesetz
[Änneren] Aussepolitik
Déi bundesdäitsch Aussepolitik huet als Prioritéit d'Verbindung mam Westen . Däitschland huet beim Opbau vun europäeschen organisatorische Strukturen en entscheedenden Undeel; de But war dobäi laang Zäit deen, datt den Noperen soll d'Angscht virun Däitschland geholl ginn, an doduercher och d'Limitéierungen duerch d'Besatzer iwwerflësseg ze maachen. D'Bundesrepublik ass zënter 1950 Member vum Europarot an huet 1957 de Réimesche Vertrag ënnerschriwwen, de Grondsteen vun der EU vun haut.
Während dem Kale Krich war déi däitsch Aussepolitik zimlech limitéiert. Dat wichtegst Zil war déi däitsch Eenheet. Militärasätz am Ausland koumen nët a Fro, obwuel d'Stationéierung vun amerikanësche Rakéiten a Betruecht gezunn gi war.
Zënter e puer Joer ass d'Bundeswehr - si däerf sech net un Ugrëffskricher bedeelegen an ass just do fir d'Verteidegung vum Land an de Partnerstaaten - a verschiddene Friddensmissiounen a Konflikter dobäi (jeegleche Militärasaatz muss vum Bundestag accordéiert ginn):
- 1992-1996: Operatioun SHARP GUARD mat Schëffer an Opklärungsfligeren an der Adria géint Rescht-Jugoslawien.
- 1993: Participatioun un der UN-Missioun UNOSOM II a Somalia.
- 1999: Participatioun um Krisch vun der NATO géint Jugoslawien.
- 2002: Participatioun un der Friddensmissioun ISAF am Afghanistan.
- zënter 2002 :Participatioun un der Operatioun Enduring Freedom ë.a. mat engem Marinekontingent virun Ostafrika an am Mëttelmier.
- 2003: Mat AWACS-Éclaireuren an Iwwerfluchrechter am Irak (allerdéngs ouni Besatzung).
[Änneren] Economie
Däitschland feelt et u primäre Ressourcen, dofir ass seng Économie gréisstendeels op den industriellen an den Déngschtleeschtungssecteur konzentréiert. Grouss Fläche vum Land ginn allerdéngs landwirtschaftlech exploitéiert (nëmmen 2%-3% vun alle Beschäftëgte sinn am Akerbau involvéiert). Däitschland ass mat engem Bruttoinlandproduk vun iwwert 2,07 Billiounen Euro déi drëttgréisste Vollékswirtschaft an Industrienatioun op der Welt. Ausserdeem exportéiert Däitschland méi wéi jiddwer anert Land op der Welt. Beim Liewensstandard, dem Human Development Index, läit Däitschland allerdéngs nëmmen op der 18. Plaz an der Welt.
Am Moment leid déi däitsch Wirtschaft un enger aussergewéinlech héiger Aarbechtslosegkeet, virun allem an Ostdäitschland, an un engem relativ niddrege Wirtschaftswuesstëm. D'Sich no den Ursaache vun dëser Kris spléckt d'Gesellschaft: De Patronat an neoliberal Économiste gesinn dee staarken däitsche Sozialstaat als Grond, well duerch déi héich Lounniewekäschten d'Betriber an déi méi gënschteg Nopeschlänner auswäichen. Gewerkschaften a Globaliséierungskritiker stäipen sech op keynesianistesch Modeller a behaapten, datt Kierzungen an de soziale Beräicher den nationale Marché schwäche kéinten.
Als weltwäit konkurrenzfäegste Branche vun der däitscher Industrie gëllen d'Automobil-, d' elektrotechnesch, d'Maschinnebau- an d'Chimiesindustrie.
Kuckt heizou den Artikel: Wirtschaftsplaz Däitschland
[Änneren] Demographie
[Änneren] Bevëlkerung
Däitschland ass flächeméisseg e bësse méi grouss wéi säi Nopeschland Polen, huet awer mat ronn 82,5 Mio. Mënschen méi wéi duebelt souvill Awunner. Dovunner sinn, ethnësch gesinn, ronn 68 Mio. vun däitscher Ofstaamung a ronn 15 Mio. anerer Ofstaamung. 74,981 Mio. Mënschen hunn déi däitsch Nationalitéit, e puer dozou och nach eng vun engem anere Land. 7,543 Mio. Mënsche sinn Auslänner, also ongeféier 10 % vun der Populatioun.
Kuckt den Artikel: Wunnbevëlkerung an Däitschland
[Änneren] Sproochen
Offiziell Schrëft- an Amtssprooch ass Standarddäitsch och nach Héidäitsch genannt. Doniewent gëtt et e puer néier-, mëttel- an uewerdäitsch Dialekter, déi deelweis bis an dat not Ausland erareechen.
Unerkannte Minoritéitesprooche sinn Dänesch, Frisesch,Sorbesch a Romanes. Doniewent gëtt et och nach nidderdäitsch (Niedersächsesch an Nidderfränkesch) Regionalsproochen. Niddersächsesch ass zënter 1994 duerch d'Sproochecharta vum Europarot unerkannt.
D'Sprooche vun deene Leit déi keng däitsch Originen hu respektiv deenen hir Mammesprooch net däitsch ass, schwätzen, genau wéi hir Nokommen, virun allem Russesch (ongeféier 5 Mio.), Tierkesch (ongeféier 3 Mio.), Polnesch (ongeféier 2 Mio.). D'Sproochen aus Ex-Jugoslawien, d'Spuenescht a verschidde Sproochen aus den islamesche Länner wäerte méiglecherweis vum Däitschen assimiléiert ginn, anersaits schéngt et awer och emmer méi zu enger Ghettoiséierung ze kommen, vun enger ëmmer méi grousser Zuel vun Immigranten, déi keen Däitsch kënnen.
[Änneren] Ausgestuerwe Sproochen
- Moselromanesch (am 11. Joerhonnert ausgestuerwen)
- Polabesch (am 18. Joerhonnert ausgestuerwen)
[Änneren] Relioun
Duerch d'Grondgesetz ass eng Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet festgeluegt.
D'Majoritéit vun der däitscher Bevëlkerung ass enger chrëschtlecher Konfessioun ugehéiereg: Réimesch-kathoulesch Kierch 32,4%, Evangelesch Kierch 32,0%, Orthodox Kierch 1,14% an e minime Prozentsaz ass Member an de chrëschtlesche Fräikierche wéi z.B. de Baptisten (Evangelësch Fräikierchlëch Kierch), de Methodisten, der Fräier Evangelescher Kierch an verschiddenen aneren Ofzweigungen vum Chrëschtentum.
Zu de bedeitende Reliounen an Däitschland gehéieren och den Islam (ca. 3,2 Mio. oder 3,8% vun der Bevëlkerung), d'Zeugen Jehovas (ca. 164.000 oder 0,2% vun der Bevëlkerung) an d'Juddentum (ca. 100 000 oder 0,12% vun der Bevëlkerung).
Ongeféier 27% vun der däitscher Bevëlkerung (virun allem an den neie Länner) déklaréiern, datt si kenger Relioun ugehéieren. Ausser deene meeschte Relioune gëtt et an Däitschland och Memberen a Symphatisanten vun de verschiddenste Sekten a spirituelle Beweegungen.
Däitschland gouf zënter der fränkescher Zäit christianiséiert. D'Reformatioun huet am 16. Joerhonnert an Däitschland an an der Schwäiz ugefangen, ugestouss duerch Leit wéi den Ulrich Zwingli an de Martin Luther. D'Reformatioun ass nach haut déterminéirend vier d'reliéis Landschaft an Däitschland.
Vun de Membere vun den unerkannte Kommunautéiten gëtt eng Kirchenstéier verlangt, den Erléis geet un d'Kirchen.
Kuckt heizou den Artikel: Reliounen an Däitschland
[Änneren] Kultur
[Änneren] Generell
Wéinst der dezentraler Struktur vun Däitschland gëtt et eng Abberzuel vu kulturellen Institutiounen an Événementer, virun allem an de grousse Stied.
Beispiller: Bayreuther Festspiller, Berliner Festwochen, Berliner Philharmonisches Orchester, International Filmfestspiller vun Berlin (Berlinale), Lang Nuecht vun den Muséeen a Berlin, Frankfurter Buchmesse, Leipziger Buchmesse, Internationale Kurzfilmtage Oberhausen
Déi Däitsch ginn, respektiv goufen, am Réckbléck op eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Erfinderen a bedeitende Wëssenschaftler (Carl Benz, Otto Hahn, Max Planck, Wilhelm Conrad Röntgen, Albert Einstein, Wernher von Braun, Werner von Siemens asw.), hiere klassësche Schrëftsteller Literatur (Goethe, Schiller asw.), hiere berühmte Komponisten (Beethoven, Wagner, Bach, asw. ) an hiere Philosophen (Kant, Marx, Nietzsche, etc.) als "Volk der Dichter und Denker" bezeechent.
Kuckt heizou den Artikel: Lëscht vun den bedeitenden Däitschen
[Änneren] Sport
Déi beléiftest Sportaart an Däitschland ass de Foussball; 6,3 Mio. Aktiver aus 170.000 Clibb sinn am DFB organiséiert, deen 2006 d'Foussball-Weltmeeschterschaft ausgeriicht huet. Wat d'Televisiounsquoten betrëfft, kann nëmmen d'Formel 1 mat dem Foussball mathalen. Tennis huet nom Enn vum Boris Becker an dem Steffi Graf hire Karrièren u Popularitéit verluer.^
[Änneren] Bildung
D'Bildung an Däitschland läit an den Hänn vun de Länder, gëtt allerdéngs duerch d'Bundeskultusministerkonferenz gereegelt. An alle Länder gëtt et eng néngjäereg Schoulflicht, d'Héichschoulmaturitéit kritt een, je no Land, no zwielef oder dräizéng Schouljoren.
Quasi all Jugendlëche geet häerno op eng weiderféierend Bildungsariichtung. Auszebildender an de Betriber ginn een oder zwéin Deeg an der Woch an eng Beruffsschoul. Studente kënnen tëschent wëssenschaftlëchen Universitéiten a méi praxisorientéierte Fachhéichschoule wielen.
D'Weiderbildung am Beruf spillt och eng grouss Roll. Aarbechtslosen deelt d'Aarbeechtsamt Weiderbildungsbongen aus.
Regelméisseg gëtt Däitschland an den leschte Joren vun der OECD fir seng Bildungspolitik kritiséiert. D'Problemer am System ginn zwar erkannt, mee verbessert gouf nach näischt. Déi däitsch Dépensë fir d'Bildung leien am OECD-Vergleich ënner dem Duerchschnëtt. E besonnesche Schwaachpunkt sinn dobäi déi éischt Schouljoren, dogéinter gëtt vill an d'Héichschoulen investéiert.
[Änneren] Verkéier
De Strosseverkéier huet an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert d'Eisenbunn als wichtegst Verkéiersmëttel ofgeléist. Däitschland huet eent vun den dichteste Strossennetzer op der Welt, mat 11.980 km Autobunn an 41.386 km Stroosse vum Bund. D'Eisebunnsnetz vun der Deutsche Bahn AG ass an de leschte Joren emmer méi kleng ginn, wäerend de Fluchverkéier ëmmer méi zougeholl huet. De Fluchhafe vu Frankfurt am Main ass d'Haaptachs vun der däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa. Obwuel d'Schied un der Ëmwelt doduerch emmer méi grouss ginn an virun allem duerch déi zwee Verkéiersmëttelen d'Global Erhëtzung accéléréiert gëtt, ass déi däitsch Verkéierspolitik op weidert Subventionéiere vu Strooss a Fliger amplaz op d'Subventiounéiere vun der Eisebunn ausgeriicht.
Kuckt heizou d'Artikelen: Lëscht vun den däitschen Eisebunnsgesellschaften, Lëscht vun den Autobunnen an Däitschland, Lëscht vun den Eisebunnsstrecken an Däitschland
[Änneren] Feierdeeg
D'Feierdeeg an Däitschland ginn duerch Gesetzer vun den eenzelne Länder gereegelt. Néng Feierdeeg an all d'Sonndeger gëllen a ganz Däitschland laut Verfassung als "Tag der Arbeitsruhe und der seelischen Erhebung".
[Änneren] Notizen a Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 www.statistik-portal.de (August 2007)
[Änneren] Linken
Commons: Däitschland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Geschicht
- Geschicht vun Däitschland
- Däitschland am Mëttelalter
- Däitsch Kolonien
- Däitscht Räich
- Preisen
- Lëscht vun de Buergen an Däitschland
- Statistik vun den däitsche Länder vun 1925
- Däitsch Demokratesch Republik
[Änneren] Diverses
- Administrativ Ënnerdeelungen: Gebittskierperschaften
- Lëscht vun den däitschen Zeitungen
- Lëscht vun de seelenen an endémeschen Déieren an Däitschland
- Däitsch Marin
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Administratioun
- Offizielle méisprochegen Däitschland-Portal
- D'Bundesregierung
- Liewen an Däitschland
- D'Servicer vum Bund
- Wéi Däitschland fonctionnéiert, e Guide fir Migranten (méisprocheg)
[Änneren] Statistiken
- Zuelen, Donnéeen, Faiten iwwert Däitschland vum Bundesamt für Statistik
- Tatsaachen iwwert Däitschland vum Auswärtigen Amt (méisprocheg)
- Dossier vum CIA iwwert Däitschland (op engl.; Enthäellt Informatiounen iwwert Geographie, Awunner, Régierung, Économie, Kommunikatiounswiesen, Verkéier a Militär)
[Änneren] Kultur a Sport
[Änneren] Diverses an Allgemenges
- Situatioun vun de Menscherechter an Däitschland
- Linken zum Thema Däitschland mat Ënnerkategorien wéi Bildung, Économie, Rees, Bundesländer, etc. beim Open Directory Project
- Däitsch Zeitungen
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA
Kanada - Frankräich - Däitschland - Italien - Japan - Russland - Groussbritannien - USA