Moskau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Москва Moskva |
|
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees: | Zentralrussland |
Koordinaten: | 55°75'N, 37°62'E |
Fläch: | 878,7 km² |
Awunner: | 10.381.288 (1. Januar 2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 11.814,4 / km² |
Héicht: | 156 m i. NN |
Buergermeeschter: | Juri Luschkow |
Moskau (russ.: Москва [mʌs'kva]) ass d’Haaptstad vu Russland a mat 10.381.288 Awunner (Stand 1. Januar 2005) déi gréisste Stad an Europa. Si ass dat politescht a wirtschaftlecht Zentrum vum Land mat der Lomonossow-Universitéit, Héichschoulen a Fachschoulen, an och kulturell gesi bestëcht Moskau duerch eng Abberzuel vu Kierchen, Theateren, Muséen, Galerien an de 577 Meter héige Fernseetuerm. De Kreml an déi Rout Plaz am Zentrum vu Moskau stinn zënter 1990 op der UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft. Mat néng Kappgaren, véier grousse Fluchhäfen an dräi Bannenhäfen ass d’Stad dee wichtegste Verkéiersknuet an déi gréissten Industriestad vu Russland.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geographesch Lag
Moskau läit am europäeschen Deel vu Russland an am Duerchschnëtt 156 Meter iwwer dem Mieresspigel, am Hiwwelland tëschent de Flëss Oka a Wolga, an un den zum Deel géien Ufere vun der Moskwa, engem Niewefloss von der Oka, déi an d’Wolga leeft.
D'Moskwa dréint a kéiert sech queesch duerch d'Stad vun Nordwest no Südost. Am Stadgebitt as hir Längt circa 80 Kilometer an hir Breet 120 bis 200 Meter. Den 126 Kilometer laange Moskau-Wolga-Kanal, deen 1937 fäerdeg gouf, suergt fir d’Schëffbarkeet vum Floss. Ongeféier 120 kleng Flëss stréimen der Moskwa zou. Ausser 14 Stéck goufe se all an ënnerierdesch Rouersystemer verluecht.
D'Stadgrenze gi forméiert duerch den 109 Kilometer laangen Autobunnsréng, deen 1962 gebaut gouf. D'Stadgebitt huet eng Fläch vun 878,7 Quadratkilometer. D'Gréngfläche maachen ongeféier een Drëttel vum Stadgebitt aus. Dozou gehéiere circa 100 Parken an iwwer 800 gefleegten Anlagen, beräichert duerch ongeféier 500 Weieren. Ëm d'Stad zitt sech eng 30 bis 40 Kilometer laang Bëschparkzone mat enger Abberzuel vun Erhuelungs- an Amëséierariichtungen. D'Fläch vun deem Bëschpark bedréit 1.725 Quadratkilometer.
Déi geographesch Koordinate vu Moskau sinn: 55,75 Grad Nord a 37,62 Grad Ost.
[Änneren] Klima
D'Haaptstad läit an der kontinentaler Klimazone. Déi duerchschnëttlech Jorestemperatur bedréit 5 Grad Celsius, Ree fält es iwwert d'Joer am Duerchschnëtt 688 Millimeter. Dee meeschte Ree fält am Juli mat 92 Millimeter am Mount, dee mannsten am Mäerz mat 34 Millimeter. De Wand bléist net iwwerméisseg, d'Loft ass dréchen. De Wandchill-Faktor (d.h. déi gefillten Temperatur) ass dowéinst relativ niddreg, a grousse Frascht ass also verhältnisméisseg liicht ze erdroen.
Dacks ginn d'Wantertemperaturen zu Moskau erof bis ëm déi -12 bis -15 Grad Celsius, deelweis ginn esouguer Temperature bis ënnert -20 Grad Celsius gemooss. Mee et kann au Contraire awer och grad esou séier alles nees opdeeën, wéi et virdru gefruer war. Wat d'Duerchschnëttstemperaturen am Wanter ugeet, déi leien am Dezember bäi -6,1, am Januar bäi -9,3 an am Februar bäi -7,7 Grad Celsius. Am Fréijoer klëmmt d’Quecksëlwer lues a lues an de Plusberäich: Mäerz -2,2, Abrëll 5,8 a Mee 12,9 Grad Celsius am Duerchschnëtt. De Summer ass an der Haaptstad an der Regel angeneem waarm a sonneg, heinansdo awer och immens gliddeg. An de Summerméint läit d'Temperatur am Duerchschnëtt am Juni bäi 16,6, am Juli bäi 18,1 an am August bäi 16,4 Grad Celsius. Am Hierscht ginn d'Duerchschnëttstemperature rapid an de Keller: September 10,9, Oktober 5 an November -1,1 Grad Celsius.
De Schnéi an der Stad fängt no de Berechnunge vun de Moskauer Phänologen ëm den 16. Mäerz u mat deeën, den Äisbroch op dem Moskwa-Floss ass ëm den 12. Abrëll fälleg, mat dem Optriede vun den éischte Wiederen ass ëm den 2. Mee ze rechnen, mat den éischten Nuetsfräscht ëm den 14. September a mam éischte Schnéi ëm den 28. Oktober. De Moskwa-Floss fréiert ëm den 18. November zou. Eng fest Couche Schnéi bilt sech ëm den 23. November.
Am risege Moskau kann ee ganz aner Klimaverhältnisser feststellen, je nodeems op een an der Bannestad, an engem vun de Viruerten oder an den Alentoure lieft. Am Zentrum ass et méi dréchen a méi woarm, woubäi d'Temperatur an der Banlieue gutt a gäer ëm déi zwee bis dräi Grad Celsius méi niddreg läit.
[Änneren] Geschicht
Moskau gëtt 1147 fir d'alleréischt ernimmt, a schonns e puer Joer drop, 1156, ass ënnert dem Fürst Juri Dolgoruki (1090-1157) déi éischten, nach holze Wieranlag vum Kreml entstanen, bannent deer sech aus engem klenge Kaff lues a lues eng beuechtenswäert Siedlung entwéckelt huet. Dozou bäigedroen huet och, datt Moskau un der Handelsroute laanscht d'Moskwa läit, vun deer d'Stad iwregends den Numm krut. Den Iwan III., dee gemenkerhand als Eeneger vu Russland ugesi gëtt, huet am 15. Joerhonnert d'Kathedrale vum Kreml baue gelooss a Moskau zur Haaptstad vu sengem neie Kinnekräich erklärt. Am 18. Joerhonnert huet de Péiter de Groussen d'Haaptstad op St. Petersburg verluecht, wou se och praktesch déi ganz Zäit bliwwen ass, bis datt d'Bolschewiken de Regéirungssëtz 1918 erëm zréck op Moskau bruecht hunn.
Iwwert d'Joren ass d'Stad dacks uerg geplëmmt a bis op d'Grondmaueren niddergebrannt ginn, vun Tataren, Polen an och de Fransousen. Mee wéinst dem zéie Geescht vun der russescher Bevëlkerung ass d'Stad ëmmer nees opgebaut ginn, grad esou vital, wann net esouguer méi wéi virdrunn.
Hautesdags ass d'Stad genee esou kapitalistesch agestallt ewéi London oder New York, an et kritt een do alles ze kafen wat et gëtt, vum BigMac bis zu BMWen.
[Änneren] Politik
D'Stad Moskau ass a Russland en eegestännegt Fëderatiounssubjekt. Moskau ass donieft nach d'Haaptstad vum Fëderatiounskrees Zentralrussland an der Oblast Moskau (dat ass de Groussraum Moskau ouns d'Stad selwer). D'Oblast gliddert sech an 39 Rayonen (Kreeser) an d'Stad selwer an zéng Bezierker an 125 Uertsdeeler. D'Stadbezierker vu Moskau sinn déi heiten:
|
|
[Änneren] Kuckeswäertes
Sech net entgoe loosse sollt ee sech déi folgend Muséen, Bauwierker, Monumenter, etc.:
- Lomonossow-Universitéit
- Puschkin-Musée fir Bildend Kënscht
- Tretjakow-Galerie
- Panorama vun der "Schluecht vu Borodino“
- Rout Plaz mam Lenin-Mausoleum
- Kreml
- Basilius-Kathedral
- Chrëscht-Erléiser-Kathedral
- Fernseetuerm
- Twerskaja-Strooss
- GUM-Akafszenter
[Änneren] Economie an Infrastruktur
Moskau spillt eng Schlësselroll an der Economie vu Russland. Den Undeel vun der Stad um Bruttoinlandsprodukt vum Land bedréit 12,5 Prozent. Ongeféier ee Véierel vun der Industrieproduktioun vu Moskau geet op de Kont vum Maschinnebau, deem seng Haaptbranchen Handwierksgeschirbau, Elektroindustrie, Lagerfäerdegung, Autoindustrie a Gerätebau sinn. Weider wichteg Industriebranche sinn d'Schmelzen, Liicht-, Baustoff-, Chimie- a petrochemesch Industrie. D'Stad ass och e grousst Zentrum vum Militär-Industrie-Komplex.
Zu Moskau si circa 80 Prozent vum Finanzpotenzial vum Land konzentréiert. Zwee Drëttel vun allen auslänneschen Investitiounen an d'Economie vu Russland ginn an d'Haaptstad.
An der Stad gëtt et ongeféier 18.500 Handels-, Hôtellerie- an Déngschtleeschtungsbetriber, 9.000 Klenghandelsobjekter an ëm déi 150 Mäert, an deene circa eng Milliou Persoune beschäftegt sinn.
[Änneren] Bekannte Moskowiter
- Wladimir Jakowlewitsch Klimow
[Änneren] Literatur
- Schaeder, Hildegard: Moskau, das dritte Rom, Darmstadt 1957.
- Rüthers, Monica (Hrsg.): Moskau, Köln 2003. ISBN 3-412-04703-1
[Änneren] Um Spaweck
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb