Oslo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Oslo | |
---|---|
Land | Norwegen |
Koordinaten: | 59°56'N, 10°41'E |
Fläch: | 454 km² |
Awunner: | 533.050 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.177 / km² |
Héicht: | 1 m i. NN |
Buergermeeschter: | Per Ditlev-Simonsen (Høyre) |
Oslo (norw. /ˈuslu/, tëscht 1624-1877 Christiania a vun 1877-1925 Kristiania genannt) ass d'Haaptstad vum Kinnekräich Norwegen. Si huet 533.050 Awunner (op den 1. Juli 2005) a läit op de Koordinaten 59°56'N, 10°41'E.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
De Nordesche Seechen no gouf Oslo em d´Joer 1048 vum Kinnek Harald Hardråde gegrënnt. Méi rezent archeologesch Ausgruewungen hunn awer gewisen datt éischt Siidler sech scho virum Joer 1000 do an der Géigend niddergelooss haten. 2000 huet d´Stad dunn offiziell hier 1000 Joer gefeiert.
Och d´Etymologie vum Numm Oslo ass net ganz eendeiteg. D´mëttelalterlech Schreifweis Ásló léisst sech op zwou verschidde Manéieren interpretéieren. Oslo wier deemno entweder mat Glécht beim Hiwwel oder awer Glécht vun de Götter z´iwwersetzen.
Oslo ass em d´Joer 1300 ënnert dem Kinnek Håkon V. Magnusson Haaptstad ginn. An der Uniounszäit mat Dänemark (1380-1814) huet d´Stad hiren zentrale Status dunn awer nees verluer. Zu enger renger dänescher Provënzstad degradéiert huet Oslo an där Zäit virun allem wiertschaftlech ferm gelidden.
1624 si grouss Deeler vun der Stad duerch e Feier zerstéiert ginn. Oslo sollt natierlech nees erëm opgebaut ginn, des Kéier awer mat engem Stadskär op der anerer Säit vun der Bucht (do wou haut d´Festung Akershus läit). Den deemoleg dänesch-norwegesche Kinnek Christian IV. konnt och nach duerchsetzen dat bannent de Stadsmauere kéng Holzhaiser méi dierften opgeriicht ze ginn. Am selwechte Joer gouf d´Stad och op Christiania ëmgedeeft (tëscht 1877 an 1925 Kristiania an der offizieller Schreifweis).
1814, nodeems d´Unioun mat Dänemark opgeléist gi war, ass Christiania nees Haaptstad ginn. D´19. Joerhonnert war d´Zäit vun der Expansioun. D´Stad ass séier gewuess an eng ganz Rëtsch houfreg Gebaier wéi z.B. d´Kinneksschlass, d´Universitéit, d´Parlament (Stortinget) an de Nationaltheater -fir der nëmmen e puer ze nenne- goufe gebaut.
1925 krut d´Stad hieren ale Numm Oslo nees zréck. Nodeems 1948 d´Nopeschgemeng Aker agegliddert ginn ass, gouf d´Stad flächeméisseg nach eemol staark vergréissert.
D´Gemengenhaus (Rådhus), d´Symbol vun der Stad gouf 1950 ageweit. 1952 huet Oslo déi Olympesch Wanterspiller organiséiert.
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Monumenter a Gebaier
- D´Akershus Festung (Akershus slott og festning)
- D´Gemengenhaus (Rådhuset) an deem all Joer de Friddensnobelpräis vergi gëtt.
- D´Parlament (Stortinget)
- De Vigeland Skulpturepark
- D´Kinneksschlass (Slottet)
[Änneren] Muséeën
- Norsk Folkemuseum (kulturhistorësche Musée, deelweis Nobauten vun "typesch" norwegesche Gebaier)
- De Kon-Tiki Musée
- De Fram Musée (Polarschëff)
- Vikingskipmuseet (Wikinger Schëffer)
- De Munch Musée
- D´Nationalgalerie
- Oslo Bymuseum (Stadsmusée)
[Änneren] Sportanlagen
- Schischanz Holmenkollen, 20 Minuten vum Zentrum vun Oslo weg, ass eng vun de bekanntesten Schischanzen vun der Welt
[Änneren] Um Spaweck
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb