21. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 21. November ass den 325. Dag (326. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Okt – November – Dez | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1793: Frankräich: Schluecht vun Dol-de-Bretagne.
- 1806: Frankräich: Den Napoléon Bonaparte verhängt eng Kontinentalspär géint Groussbritannien.
- 1980: Lëtzebuerg: De Gaston Thorn gëtt zum President vun der Europäescher Commissioun ernannt.
- 1995: Bosnien-Herzegowina: D'Friddensofkommes vun Dayton mécht dem Biergerkrich a Bosnien-Herzegowina en Enn.
[Änneren] Gebuer
- 1694: Voltaire (François-Marie Arouet), franséische Schrëftsteller a Philosoph.
- 1852: Francisco Tárrega, spuenesche Gitarrist a Komponist.
- 1898: René Magritte, belsche Moler.
- 1903: Preston Tucker, US-amerikaneschen Autosdesigner a -fabrikant.
- 1904: Coleman Bean Hawkins, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 1920: John Chadwick, britesche Philolog a Paleograph.
- 1924: Camille Polfer, lëtzebuergesche Professer, Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
- 1937: Bernard Bot, hollännesche Politiker.
- 1949: Alain Meyer, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 1965: Björk Guðmundsdóttir, islännesch Musekerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1695: Henry Purcell, englesche Komponist.
- 1811: Heinrich von Kleist, däitschen Dichter a Schrëftsteller.
- 1910: Charles Arendt, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1922: Iwan Bloch, däitschen Dermatolog a Sexolog.
- 1979: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |