5. Mee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 5. Mee ass den 125. Dag (126. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Abr – Mee – Jun | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1389: De Keeser Wenzel II. vu Lëtzebuerg décretéiert um Reichstag zu Eger (haut:Cheb) de Landfridde vun Eger.
- 1789: Frankräich: D'Generalstänn kommen zu Versailles zesummen.
- 1996: De José María Aznar gëtt Ministerpresident vu Spuenien.
- 1999: De fréieren italienesche Ministerpresident Romano Prodi gëtt neie President vun der Europäescher Commissioun.
- 2002: De Staatspresident Jacques Chirac gewënnt d'franséisch Presidentschaftswahlen eng 2. Kéier (80.6% géint de Jean-Marie Le Pen).
- 2005: De Premierminister Tony Blair gewënnt mat senger Labour Party d'Parlamentswahlen a Groussbritannien.
[Änneren] Gebuer
- 1813: Søren Kierkegaard, dänesche Philosoph.
- 1818: Karl Marx, däitsche Philosoph a Politiker.
- 1828: Albert Marth, däitschen Astronom a Physiker.
- 1911: Gilles Grangier, franséische Filmregisseur.
- 1919: Georgios Papadopoulos, griichesche Colonel a Militärdiktator.
- 1924: Edmond Israel, lëtzebuergeschen Economist a Banquier.
- 1828: Albert Marth, däitschen Astronom a Physiker.
- 1943: Michael Palin, britesche Schauspiller.
- 1944: Jean-Pierre Léaud, franséische Schauspiller.
- 1947: Germaine Goetzinger, lëtzebuergesch Literaturwëssenschaftlerin, Historikerin an Auteur.
- 1950: Annette Weiwers-Probst, lëtzebuergesch Molerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1320: Péiter vun Uespelt, Äerzbëschof vu Mainz.
- 1821: Napoléon Bonaparte, franséische Keeser.
- 1907: Jean-Pierre-Joseph Koltz, lëtzebuergesche Botaniker a Forstingenieur.
- 1945: Yvo Kerger, lëtzebuergeschen Eisebunner a Resistenzler.
- 1949: Maurice Maeterlinck, belsche Schrëftsteller.
- 1977: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 1986: Käthe Haack, däitsch Schauspillerin.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |