9. Mee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 9. Mee ass den 129. Dag (130. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Abr – Mee – Jun | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 1949: De Rainier III. gëtt Staatschef vu Monaco.
- 1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an deer en dozou oprifft, dass déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir esou zoukënfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domatter hat heen de Grondsteen vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- 1980: De Konstantinos Karamanlis gëtt Staatspresident, de Giorgios Rallis Regierungschef vu Griicheland.
- 1989: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 1988: De Centre National de l'Audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Dieren op.
[Änneren] Amerika
[Änneren] Afrika
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt no den éischten demokratesche Walen, bei deenen all Bierger matmaachen duerften, mat 75 Joer zum Präsident vu Südafrika gewielt.
[Änneren] Gebuer
- 1883: José Ortega y Gasset, spuenesche Philosoph, Soziolog an Essayist.
- 1914: Carlo Maria Giulini, italieneschen Dirigent.
- 1921: Sophie Scholl, däitsch Resistenzlerin.
- 1923: Claude Piéplu, franséische Schauspiller.
- 1928: Barbara Ann Scott, kanadesch Äiskonschtleeferin.
- 1936: Albert Finney, britesche Schauspiller.
- 1946: Candice Bergen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1946: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Musekproduzent.
- 1983: Gilles Muller, lëtzebuergeschen Tennissportler.
[Änneren] Gestuerwen
- 1805: Friedrich Schiller, däitsche Schrëftsteller an Historiker.
- 1893: Edward Alfred Cowper, briteschen Erfinder.
- 1915: François Faber, lëtzebuergesche Cyclist.
- 1957: Ezio Pinza, italienesche Basssänger.
- 1978: Aldo Moro, italienesche Politiker.
[Änneren] Feierdeeg
- Europa-Dag fir d'Schuman-Declaratioun ze commémoréieren.
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |