Schuman-Declaratioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënnert der Schuman-Declaratioun versteet een déi Declaratioun, déi de franséischen Ausseminister Robert Schuman den 9. Mee 1950 an der Salle de l'Horloge vum Quai d'Orsay gemaach huet.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et?
D'Schuman-Declaratioun, déi staark vum Jean Monnet inspiréiert war, war en Opruff, datt Frankräich an Däitschland, an aner westeuropäesch Länner, déi dat willten, hir Kuel- a Stolproduktioun sollten zesummeleeën, fir ze verhënneren, datt ee Land dës Matière-premièrë kinnt benotzen, fir nees Krichsrüstung domatter ze bedreiwen.
Ënnerstallt gi sollen dës Beräicher dofir enger "Héijer Autoritéit", déi vun den nationale Regierungen onofhängeg ass. Mee dem Schuman seng Pläng ginn iwwer Kuel a Stol eraus, hie wënscht sech, datt um Enn eng europäesch Federatioun entstoe géif. Hie war sech bewosst, datt dat net op ee Coup geschéie kéint, mee duerch konkret Realisatiounen, déi fir d'éischt eng De-facto-Solidaritéit giffe schafen.
Säin Opruff huet sech 1951 an der Grënnung vun der CECA, der europäescher Communautéit fir Kuel a Stol, konkretiséiert.
1985 huet den Europäesche Conseil vu Milano den 9. Mee als "Europa-Dag" ausgeruff.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |