Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Griicheland - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Griicheland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Ελληνική Δημοκρατία
Ellinikí Dimokratía

Griichesche Fändel

Griichescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Ελευθερία ή θάνατος
(Eleftheria i thanatos)
("Fräiheet oder Doud")
Offiziell Sprooch: Griichesch
Haaptstad: Athen
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • President: Karolos Papoulias
 • Premierminister: Kostas Karamanlis
Fläch: 131 957 [1] km²
 • Dovu Waasser: 0,86 %
Bevëlkerung: 10 964 020 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 80,5/km²
Onofhängegkeet: vum Osmanesche Räich
1821 (deklaréiert)
1830 (unerkannt)
Nationalfeierdag: 28. Oktober
Nationalhymn: Imnos pros tin Eleftherian
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .gr
International Virwahl: +30

Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Land grenzt Griicheland u Bulgarien, Republik Mazedonien / (FYROM) an Albanien. Donieft läit Griicheland tëschent dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Ägäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises.

D'Hellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. De Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland wor.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Un den Ufere vun der Ägäis ass eng vun den éischten europäeschen Zivilisatiounen entstanen, nämlech déi vun de Minoer an d'mykenesch Zivilisatioun. No hierem Ënnergang koumen däischter Joërhonnerten, eng Zäit iwwer déi mer nëmmen ganz wéineg wëssen, éier et ëm 800 v. Chr. nees biergop geet. Et ass d'Zäit vun de griicheschen Stadstaaten, der polis. Kolonien gi ronderëm d'Mëttelmier gegrënnt, an si verteidegen sech couragéiert géint d'Perser. Nom Peloponnesesche Krich gëtt Griicheland vum Philipp II. vu Mazedonien, respektiv vu sengem Jong dem Alexander de Groussen erobert a mir befannen eis am hellenistesche Griicheland.

Op militäreschem Plang hat Griicheland allerdéngs wéineg opweises a vun 168 v. Chr. un ginn d'Griiche vun de Réimer eruewert. Allerdengs ass et mat der Kultur genee ëmgedréint gelaf, do huet nämlech déi griichesch d'Réimer erobert. Als Provënz vum Réimesche Räich hat Griicheland weiderhin e staarken Afloss op kulturellem Plang, an nom Fall vum westréimesche Räich huet Griichenland d'ëstlecht oder Byzantinescht Räich mat Konstantinopel weiderhin dominéiert. Nom Fall vu Konstantinopel de 29. Mee 1453, gëtt Griicheland lues awer sécher vum Ottomanesche Räich ageholl.

D'Ottomane bleiwen a Griicheland bis an d'19. Joerhonnert. 1821 rebelléieren d'Griichen an erklären hir Onofhängegkeet déi se 1829 akkordéiert kréien. Während dem 19. Joerhonnert huet Griicheland sech duerch eng Rei vu Kricher ëmmer méi vergréissert an seng heiteg Form huet d'Land zënter 1947.

Nom Zweete Weltkrich gouf et a Griicheland e Biirgerkrich dee bis 1949 ugehalen huet. 1967 gouf no engem Coup d'état de Régime des Colonels agefouert, deen 1973 d'Monarchie ofgeschaf huet. 1975 gëtt no engem Plebiscite eng demokratesch Republik gegrënnt. 1981 trëtt Griicheland der EU bäi an hëlt 2001 den Euro un.

[Änneren] Geographie

Griicheland besteet aus engem groussen Deel Festland um südlechen Enn vum Balkan, der Hallefinsel Peloponnes an enger ronn 3000 Inselen, wouvunner der 167 bewunnt sinn. Zu de gréissten Inselen zielen:

  • Kreta (ca. 8.260 km²)
  • Lesbos (ca. 1.630 km²)
  • Rhodos (ca. 1.400 km²)
  • Chios (ca. 840 km²)
  • Kephallonia (ca. 780 km²)
  • Korfu (ca. 579 km²)
  • Samos (ca. 480 km²)
  • Naxos (ca. 430 km²)

Aner vun Touristen villbesicht Inselen an Uertschaften:

Ronn 80% vu Griicheland bestinn aus Hiwwelen a Bierger, an nëmmen op 28% vum ganze Land ka gebaut ginn. De Pindus, déi zentral Biergerketten, ass an der Moyenne 2.650 m héich. De legendären Olymp ass mat sengen 2.917 m den héchste Punkt vum ganze Land.

Wat d'Wieder ubelaangt, sou kréien d'Griiche meeschtens mëll an naass Wanteren a waarm an drëche Summeren. Extrem Temperature si seelen, mee ët kënnt emol vir, datt et zu Athen am Wanter schneit.

[Änneren] Politik

(nach ze maan)

[Änneren] Lokal Administratioun

Griicheland ass an 13 Verwaltungsbeziirker (περιφέρειες/peripheries) ënnerdeelt, déi an 51 Präfekturen (νομοί/nomoi) nach ënnerdeelt sin.

Liest heizou den Artikel Griichesch Verwaltungsbezierker a Präfekturen.

[Änneren] Economie

Santorin
Santorin

(nach ze maan)

[Änneren] Demographie

Bei der Vollekszielung vun 2001 goufen am Ganze 10.964.020 Griiche gezielt. Vun dëse liewen der 58,8% a Stied, 28,4% um Land. D'Awunnerzuel vun den zwou gréisste griichesche Stied, Athen an Thessaloniki, lung bei bal 4 Milliounen.

A Griicheland liewen hautesdaags och eng ganz Partie Immigranten. Ronn 65% kommen aus Albanien, mee et wanderen och Bulgaren, Rumänen, Pakistaner, Polen oder Georgier an. Allerdengs si vun dëse keng reell Zuelen bekannt, well eng grouss Partie illegal agewandert ass.

[Änneren] Relioun

D'griichesch Constitutioun garantéiert eng absolut Reliounsfräiheet. D'Majoritéit vun den Griiche (98%) sinn orthodox. Griichesch Mosleme gëtt et der kanpps 1,3%, a si wunne gréisstendeels an Thrakien. Donieft gëtt et nach eng ronn 50.000 Katholiken, 30.000 Protestanten a 5000 Judden.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Vereent Natiounen 2004
  2. Offiziellen Zensus vun 2001 Source: www.statistics.gr

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

Commons: Griicheland – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Um Spaweck


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com