Karolos Papoulias
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Karolos Papoulias (gr.: Κάρολος Παπούλιας; * 4. Juni 1929 zu Ioannina) ass e griichesche Politiker, deen ugaangs 2005 vum griichesche Parlament op fënnef Joer zum neie Staatspresident gewielt gouf. Virdru war hee Minister an Deputéierten.
A sengem Jonktem huet de Papoulias Droit studéiert, ier en am Zweete Weltkrich an d'Resistenz gaangen ass fir géint déi däitsch Besatzung ze kämpfen. Während der Diktatur vun de Colonellen (1967-1974) huet e grad an Däitschland Asyl fonnt.
Duerno huet heen déi panhellenesch sozialistesch Partei (PASOK) matgegrënnt a gouf zweemol Ausseminister (1985-1989, 1993-1996).
Den 8. Februar 2005 gouf en op Propositioun vum konservative Premier Kostas Karamanlis zum President vun der Republik gewielt.