See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Parlament - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Parlament

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

E Parlament (v. alfr.: parlement - Gespréich; v. fr.: parler - schwätzen) ass d'Versammlung vu Vertrieder vun enger administrativer Gebittseenheet (z. B. Europäesch Unioun, Staat, Bundesrepublik, Bundesland, Kanton), déi Gesetzer mécht (Legislativ). Keng Parlamenter am staatsrechtleche Sënn sinn absëns déi däitsch Gemengevertriedungen.

Zur Zäit vum Ancien Régime a Frankräich war e Parlament allerdéngs e Geriichtshaff, an hat wéineg mam heitege Sënn vu "Parlament" ze dinn.

An enger Demokratie ginn d'Representante vun engem Parlament duerch Wale bestëmmt. An anere Regierungsforme gëtt et och Ernennungen.

An demokratesche Staaten huet d'Parlament nieft dem Recht Gesetzer an de Budget ze maachen och nach d'Missioun, d'Regierung ze kontrolléieren. Deputéierter hu vis-à-vis vun der Regierung an den eenzelne Ministeren d'Recht op Renseignementer an ënner Ëmstänn op e Mësstrauensantrag. D'Regelungen heifir sinn an der Constitutioun vum jeeweilege Staat an an der parlamentarescher Geschäftsuerdnung festgeluecht.

Déi meeschte Parlamenter bestinn aus zwéin Haiser (Zweekummersystem); d'Membere vun deer méi klenger Kummer ginn dacks net direkt gewielt, mee vun Ënnergebittseenheeten (z.B. Bundeslänner) geschéckt. Wichteg Organer si Parlamentspräsident a Stellvertrieder, Fraktiouns-President vun de Parlamentsparteien an déi fachbezunnen Ausschëss, an deenen d'Gesetzespropositioune virbereet ginn.

Et ënnerscheet een tëschent Aarbechts- a Riedeparlamenter: An engem Riedeparlament (z.B. Britescht Ënnerhaus) ginn all politesch Froen an Diskussiounen diskutéiert, während an engem Aarbechtsparlament (z.B. amerikanesche Kongress) e groussen Deel vun der Aarbecht an Ausschëss gemat gëtt.

Als Parlament am méi breede Sënn ginn och Delegéierteversammlunge vun internationalen Organisatioune bezeechent, z.B. d'Parlamentaresch Versammlung vun der OSZE.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -