Euro
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Euro (Iso-Code: EUR – Symbol: €) ass d’Währung vun der Europäescher Wirtschafts- an Währungsunioun. 15 vun de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU) hunn en als Währung: d'Belsch, Däitschland, Éisträich, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Malta, Portugal, Slowenien, Spuenien an Zypern. Dobäi komme 6 Net-EU-Staaten, wourënner d’‚Micro-Staaten’ Monaco, San Marino an den Hellege Stull (Vatikanstad). Ausserdeem ginn et 5 Länner, an och d’Währungszonen CFA-Franc an CFP-Franc, deenen hiren Ëmrechnungscours un den Euro gebonne ass (kuckt och: Euro-Zon).
Den Euro gëtt et vum 1. Januar 1999 un als offiziell Buchwährung. Scho virdrun, den 14. Februar 1997 war allerdengs schonn en éischten Emprunt an Euro, e Virleefer, op der Lëtzebuerger Bourse zur Cote zougelos gin.
Euro-Biljeeën a Mënzen koumen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf.
1 Euro ass ënneragedeelt an 100 Cent.
Den Euro gët duerch de "System vun den Europäeschen Zentralbanke" verwalt, deen sech aus der Europäescher Zentralbank an den Zentralbanke vun der Euro-Zon zesummesetzt. D'Europäesch Zentralbank ass als eenzeg kompetent, Decisiounen, déi den Euro betreffen, ze huelen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Wéi den Euro agefouert gouf
De Virleefer vum Euro ass den ECU, d’Rechnungsunitéit vum Europäesche Währungssystem (EWS), deen 1979 a Kraaft getrueden war. Obschonns den ECU am Wert vun 1:1 an Euro ëmgetosch gouf, ass nëmmen den Euro eng echt Währung; den ECU war just eng Rechnungsunitéit, also och keng Buchwährung. Ausserdem ware just Däitschland, Frankräich an d’Benelux-Länner déi ganzen Zäit am EWS integréiert.
Am Traité iwwert d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) sin d’Convergenzcritère festgeluecht, déi mussen agehale ginn, fier kënnen an der Euro-Zon dobäi ze sinn. Den 13. Dezember 1996 sinn sech d’EU-Finanzministeren iwwert den Euro-Stabilitéitspakt eenz ginn.
Den 1. Januar 1999 ass d'Gebuertstonn vum Euro, vun do un sinn déi al nationale Währunge just nach Fractioune vum Euro. Mee den Euro gouf et just um Pobeier: Virementën a Versementën kunnten an Euro gemaach ginn (a Griicheland zanter dem 1. Januar 2001), Konten a Spuerbicher kunnten an Euro oder den ale Währunge gefouert ginn. Wertpabeieren an Aktien goufe just nach an Euro gehandelt. Mee nach sollt et 3 Joer daueren, bis dass d'Leit Eurosmënzen a -schäiner am Grapp kinnten halen.
Am September 2001 ass domatter ugefaange ginn, fir d’éischt d’Banken, dann d’Geschäfter no an no mat den neie Billjeeën a Schäiner anzedecken. Dës hunn awer bis zum Joereswiessel net dierfen an Zirkulatioun bruecht ginn. Eng Ausnahm waren d’Euro-Mënzen, déi ee vum 15. Dezember a Form vun enger Zort Virwelztiitchen, "Euro-Starterkit" genannt, bei Banken a Posten ze kafe krut (zu Lëtzebuerg z.B. am Géigewäert vun 500 Frang). D'Iddi war, datt d’Leit sech alt kinnten mat deene neie Mënze kënneg maachen, an och, datt en se Mënz an der Täsch hätten, wann se vum 1. Januar un akafe gungen.
Den 1. Januar 2002, Punkt Hallefnuecht, goufen och d’Billjetën an den Ëmlaf bruecht. Wärend eng kuerzer Iwwergangszäit (déi ënnerschiddlech no Land war, mee net méi laang wéi den 28. Februar 2002 gedauert huet) sinn den Euro an déi al Landeswährunge parallel zirkuléiert. Dës hunn zanterhir kee legale Cours méi, kënnen awer nach eng gewëssen Zäit (och dëst ass vu Land zu Land, an och nodeems, ob et Billjetën oder Mënze sinn) bei den Zentralbanken an Euro ëmgetosch ginn. Lëtzebuergesch a Belsch Frang-Mënzen z.B. goufe just bis den 31. Dezember 2004 ëmgetosch, elo zielt just nach hire Metall- oder Sammlerwert. D'Schäiner a Frange behalen awer hire Wäert.
A Slowenien, wou den Euro den 1. Januar 2007 agefouert gouf, geschouch dat nom Big Bang-Szenario: D'Parallel-Zirkulatioun vun Tolar an Euro war op 14 Deeg begrenzt. Malta an Zypern sinn 2008 d'selwecht verfuer.
[Änneren] Ëmrechnungscours vum Euro
Den Taux vum Euro par rapport zu den ale Währungen vun der Währungsunioun gouf (ausser fir Griichenland, Slowenien, Zypern a Malta) den 31. Dezember 1998 festgeluecht. D'Basis dobäi war den Ëmrechnungswert vum ECU.
Een Euro entsprëcht:
- 1,95583 Däitsch Mark
- 13,7603 Éisträichesch Schilling
- 40,3399 Belsche Frang
- 166,386 Spuenesch Peseten
- 5,94573 Finnesch Markkaa
- 6,55957 Franséische Frang
- 0,787564 Irescht Pond
- 1936,27 Italienesch Lira
- 40,3399 Lëtzebuerger Frang
- 2,20371 Hollännesch Gulden
- 200,482 Portugisesch Escudos
- 340,750 Griichesch Drachmen
- 239,640 Sloweneschen Tolar
- 0.585274 Zypriotescht Pond (festgeluecht den 11. Juli 2007)
- 0.429300 Maltesesch Lira (festgeluecht den 11. Juli 2007)
Par Rapport zum US-Dollar huet den Euro sech am Ufank negativ entwéckelt. De 4. Januar 1999, deen éischten Dag, wou Coursën op der Bourse an Euro gehandelt goufen, huet 1 Euro ronn 1,17 US-Dollar entsprach. No ongeféier 2 Joer hat den Euro matt ronn 0,82 Dollar pro Euro säin déifste Stand par rapport zum Dollar erreecht. Des Tendenz geet awer zanterhir nees no uewen; den 21. September 2007 huet de Wiesselcours 1,40 US-Dollar fir 1 Euro iwwerschratt an de 26. Februar 2008 krut ee fir d'éischte Kéier fir 1 Euro 1,50 Dollar.
[Änneren] Wou gëtt matt Euro bezuelt?
Dës Länner hunn hir al Währung duerch den Euro ersat:
- Belsch (agefouert als Buchgeld 1999/ als Borgeld 2002)
- Däitschland (1999/2002)
- Eisträich (1999/2002)
- Finnland (1999/2002)
- Frankräich (1999/2002)
- Griicheland (2001/2002)
- Holland (1999/2002)
- Irland (1999/2002)
- Italien (1999/2002)
- Lëtzebuerg (1999/2002)
- Malta (2008/2008)
- Portugal (1999/2002)
- Slowenien (2007/2007)
- Spuenien (1999/2002)
- Zypern (2008/2008).
Dozou gehéieren och déi véier franséisch Departementer vun déisäit dem Mier (Départements Outre-Mer oder DOM) Guyanne, Réunion, Martinique a Goudeloupe. Et kann een deemno am Südamerikaneschen Djungel mam Euro bezuelen. Och Saint Pierre et Miquelon huet den Euro.
Dräi Länner hate scho virdrun eng Währungsunioun matt engem Land, dat der EWU bäigetruede ass, an hunn deemno och den Euro als legal Währung agefouert. Dëst sinn:
- Monaco (matt Frankräich)
- San Marino (matt Italien)
- Vatikanstad (matt Italien).
Si hate virdru schonn d’Recht, eng begrenzte Mass Suen a Form vu Mënzen erauszegin (a Franséische Frang, resp. Liren), a kënnen dofir och eng limitéiert Zuel Euros-Mënzen erausginn.
Aner Territoiren hu vu sech aus decidéiert, den Euro zu hirer Standardwährung ze maachen, ouni dass se eege Sue kinnten erausginn oder soss eppes matzedecidéieren hätten:
- Andorra
- Kosovo
- Montenegro.
Andorra hat als Währung de Franséische Frang an d’Spuenesch Peset, Kosovo a Montenegro déi Däitsch Mark.
Kuckt och den Artikel Euro-Zon.
[Änneren] EU-Staaten, déi sech géint den Euro entscheed hunn
D'EU-Memberstaaten Dänemark, Schweden a Groussbritannien hunn sech bis ewell net fir den Euro décidéiert an halen hir al Währungen.
Groussbritannien an Dänemark hate fir sech am Traité vu Maastricht eng sougenannt "Opt-out"-Klausel duerchgesat, d.h. si hu sech d’Recht virbehalen, méi spéit ze decidéieren, ob a wann si dem Euro giffe bäitrieden.
Fir Schweden ass dës Méiglechkeet a sengem Bäitrëtts-Traité zwar net virgesinn, mee et erfëllt bis ewell net d'Critèren, dem Wiesselcours-Mechanismus II bäizetrieden. Och huet d'Schwedesch Vollek an engem Referendum schonn 2 Mol refuséiert, der Europäescher Währungsunioun bäizetrieden.
[Änneren] Memberstaatenn, déi no 2002 der EU bäigetrede sinn
Déi Staaten, déi den 1. Mee 2004 (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern) an den 1. Januar 2007 (Bulgarien a Rumänien) der EU bäigetrueden sinn, hu keng Méiglegkeet, vu vir eran net Member an der Europäescher Währungsunioun ze sinn. Se mussen awer selbstverständlech d'Stabilitéitscritèren anhalen an 2 Joer an der "Salle d'attente" vum Wiesselcours-Mechanismus II sinn, éier se den Euro kënnen aféieren.
De 27. Juni 2004 goufen d'Estesch Kroun, de Sloweneschen Tolar an de Litauesche Litas am Wiesselcours-Mechanismus II agebonnen. Den 29. Abrëll 2005 sinn de Lettesche Lats, d'Maltesecht Pond an d'Zypriotescht Pond derbäikomm, an den 28. November 2005 d'Slowakesch Kroun. Bei deenen anere sinn d'Critèrë fir den EWR-II bis ewell nach net erfëllt.
Slowenien huet sech als éischt vun deene Länner qualifizéiert, den Euro den 1. Januar 2007 als 13. Memberstaat anzeféieren, Malta an Zypern sinn den 1.1.2008 nokomm, an d'Slowakei ass den 1. Januar 2009 un der Rei.
[Änneren] Euro-Billjeeën a -Mënzen
[Änneren] Billjeeën
D'Eurobilljeeë sinn an alle Länner d'selwecht. Et gi Billjeeë vu 5 Euro, 10 Euro, 20 Euro, 50 Euro, 100 Euro, 200 Euro a 500 Euro.
Drop ze gesi si verschidde Motiver zum Thema "Baustiler an Europa uechtert d'Zäit". Op der viischter Säit ass als Motiv eng Fënster, op der Récksäit eng Bréck aus deene verschiddenen Bauepochen. Et si keng reel Bauwierker, mee stiliséiert Representatioune vun deem, wat typesch fir déi ofgebildten Zäit war.
Méi doriwwer am Artikel Eurobilljeeënan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Mënzen
Et gin aacht Mënzen: 0.01 Euro, 0.02 Euro, 0.05 Euro, 0.10 Euro, 0.20 Euro, 0.50 Euro, 1.00 Euro, 2.00 Euro.
D'viischt Säit vun de Mënze ass identesch an allen Euro-Zon-Memberlänner. Représentéiert ass op de Mënzen vun 1, 2 a 5 Cent Europa an der Welt. Op de Mënzen, déi virun 2007 erauskoumen, sinn op den 10-, 20- a 50-Cent-Mënzen déi (bis 2004) 15 EU-Memberslänner niewenteneen, an um 1 an 2 Euro-Stéck d'EU matt hire (bis 2004) 15 Memberslänner. Vun 2007 ass op de Mënzen am Wäert vun 10 Cent bis 2 Euro Europa als Kontinent ofgebilt, fir den Erweiderunge vun 2004 an 2007 (an dono?) Rechnung ze droen.
All Land aus der Euro-Zon huet säin eegenen Design op der Récksäit (Revers) vun de Mënzen. Déi eenzeg Gemeinsamkeet sinn déi 12 Stären aus dem Europäesche Fändel. Op der Récksäit kann dat selwecht Bild op allen 8 Mënze sinn, wéi bei den ireschen, e verschiddent je no 'Faarf' vun der Mënz, wéi bei de spueneschen, oder awer ee verschiddent fir all Mënz, wéi bei deenen éisträicheschen.
Do dernierft ginn et nach Extraversioune vun den 2-Euro Mënzen, déi d'Memberstaaten eemoleg zu engem bestëmmte Ulass, an an enger limitéierter Oplo, erausgi kënnen.
Et kann een awer iwwerall an der Euro-Zon mat deene verschiddene Mënze bezuelen, vu wou och ëmmer se sinn.
Méi doriwwer am Artikel [[]]an den Artikelen Euromënzen an 2-Euro-Gedenkmënzenan den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Aussprooch
Eleng an den 11 offizielle Sprooche vun de Länner vun der Euro-Zon ginn et 6 Varianten, fir dat kleng Wiertchen "Euro" auszschwätzen: "Oiro" am Däitschen, "Öro" am Franséischen an am Hollänneschen, "Yurou" am Engleschen, a, matt gerulltem "R", "EUro" am Italieneschen, Spueneschen a Finneschen, "EUru" am Portugiseschen, an "Ewro" am Griicheschen an am Sloweneschen.
Zu Lëtzebuerg gët sech typescherweis je no perséinlechem Goût no der däitscher oder der franséischer Ausschwätzweis geriicht.
Bei "Cent" ass et nach méi komplizéiert: do hun d’Griichen en eegent Wuert dofir (leptó/leptá), an an de romanesche Sproochen gëtt am Alldag dacks dee gebräichlechen Numm fier den honnertsten Deel gebraucht, wéi "centime", "centesimo", "cêntimo", asw. D'Finne schreiwen "sentit/senttiä".
Am Lëtzebuergeschen schéngt sech den "Tsent" duerchgesat ze hunn; "Zantimm" oder "Centime" héiert een éischter sielen, a "5 Su" fir 0.25€ (esou wi fréier d’25-Centimes-Mënz "Fënnef-Su-Stéck" housch) ass praktesch inexistent.
[Änneren] Soss
Den Euro huet 2002 de Karlspräis vun der Stad Oochen kritt.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Säiten iwwert den Euro um Site vun der EZB
- Offiziell Websäit (op fr.) iwwer den Euro
- Websäit vum Karlspräis
Euro-Zon:
Belsch - Däitschland - Éisträich - Finnland - Frankräich - Griicheland - Holland - Irland - Italien - Lëtzebuerg - Malta - Portugal - Slowenien - Spuenien - Zypern
vum 1.1.2009 un: Slowakei
Aner:
Monaco - San Marino - Vatikan
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |