Lëtzebuergesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lëtzebuergesch (Lëtzebuergesch) | |
---|---|
Gëtt geschwat an : | Lëtzebuerg |
Regioun : | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 300.000 |
Klassement : | ? |
Klassifikatioun no Famill : | Indo-Europäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun : | Lëtzebuergesch |
Reglementéiert vun : | - |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | lb |
ISO 639-2 | lb |
SIL | LUX |
D' Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie aklasséiert als e westgermaneschen, mëtteldäitsche Kulturdialekt, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu den "Ausbausprooche" gezielt.
D'Lëtzebuergescht gouf 1984 nieft dem Franséischen an dem (Héi-)däitschen als eng vun den dräi offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg déclaréiert (kuckt den Artikel Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg). Spéitstens zënterhier gëtt et als eng eegestänneg Sprooch ugesinn.
Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënnert anerem, datt een, deen Héidäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a vill méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier.
Dergéint schwätzt, datt et keng däitlech Sproochgrenz zu deenen däitschen Dialekter gëtt, déi un d'Lëtzebuergescht ugrenzen.
Ofgesi vun dësen éischter 'technesche' Critèren ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographesch Verbreedung
Lëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mee och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, an der Géigend vun Arel, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat e bësse guddem Wëll kann een och nach d'USA dobäizielen, wou d'Kandskanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohinner ausgewandert waren, nach vereenzelt lëtzebuergesch schwätze kënnen, an och Rumänien, wann een dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien geschwat gëtt oder gouf, als Lëtzebuergesch bezeechne wëll. An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, sou datt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalierën um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer ërem, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.
Et gi verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et esouguer vun Duerf zu Duerf Differenzen bei verschiddene Wieder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wieder (z.B. al Rëmelenger Wieder ewéi Klëppchen oder Schëntercher).
Dës Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn. Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an Tëlevisioun) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik Koiné genannt, hinn.
[Änneren] Geschriwwent Lëtzebuergesch
No enger etlecher Rei vun Uleef (kuckt dozou den Artikel : Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis) gouf am November 1976 eng eenheetlech Orthographie duerch e groussherzoglecht Reglement agefouert an 1999 liicht verännert (Mémorial B - 1976 No 68; Mémorial A - 1999 No 112). Well se net an der Schoul enseignéiert gëtt, ginn et eng etlech privat Niewevarianten, déi doruechter, och op dëse Säiten, zirkuléieren. Tëscht 2000-2002 gouf deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht entwéckelt, ee Projet deen deemools vu ville Leit begréisst gouf, awer och staark kritiséiert gouf, well an der Wierderlëscht bal keng dialektal Variante virkommen.
[Änneren] Morphologie
Nominalmorphologie
De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Fonctioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Genitiv. Vum Nominatif bleift just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott.
Well de Genitiv am Lëtzebuergeschen net ausgeprägt ass, gëtt d'Possessioun mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch genannt.
Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mee keng Eenzuelsendung. Am Lëtzebuergesch kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi si just an der Eenzuel gülteg.
Geschlechter (Genus) ginn et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entspriechen an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp männlech an d'Mamm weiblech. Meedchen ass sächlech, well den Diminutif -chen dacks d'Wierder versächlecht. Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.
Adjectivalmorphologie
En Adjektiv ass e Wuert, wat e Substantiv beschreift, mee et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Constructioun. Morphologesch gesi ginn et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a kréie keng Endung:
- De Mann ass grouss. (männlech)
- D'Fra ass grouss. (weiblech)
- D'Meedchen ass grouss. (sächlech)
- D'Kanner si grouss. (Méizuel)
Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv a kréien hir respektiv morphologesch Endung:
- de grousse Mann (männlech)
- déi grouss Fra (weiblech)
- dat grousst Meedchen (sächlech)
- déi grouss Kanner (Méizuel)
Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikele sech mat engem attributiven Adjektiv änneren: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi.
De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, wat heescht, datt den Adjektiv selwer net geännert gëtt (z.B. -er wéi am Däitschen), mee, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir seet et och net *schéiner, mee méi schéin:
- Lëtzebuergesch ass méi schéi wéi Esch.
De Superlativ gëtt mat am -sten gemaach:
- Lëtzebuerg ass am schéinsten.
Exceptiounen
- gutt, besser, am beschten
- vill, méi, am meeschten
- wéineg, manner, am mannsten
Dozou ginn et och nach Expressiounen wéi an eng eeler Dame oder eng gréisser Firma, mee dofir wier *eng schéiner Stad falsch.
Verbalmorphologie
xx
Aner
xx
[Änneren] Syntax
Wuertuerdnung
An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.
An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen.
[Änneren] Neologismen
De Begrëff "Neologismus" bezeechent an der Linguistik 1. nei Wuertbildungen, déi an den allgemenge Sproochgebrauch agaange sinn, an 2. nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.
Dei rezentest Neologisme komme virun allem aus dem Engleschen an de Beräicher vun Internet, Telefonie oder Computer.
De Jérôme Lulling huet dës Neologismen am Detail a senger Dokterthes iwwer déi lexikalesch Kreativitéit am Lëtzebuergeschen analyséiert (2002). Och déi semantesch Mutatioune goufen dokumentéiert a virun allem dat deemools 'neit' Lëtzebuergescht aus den Chat-Rooms, den SMSen an den E-Mailen. Dat war fir déi Zäit zimlech revolutionär, well déi meescht linguistesch Aarbechten do virdrun hunn dem Lëtzebuergeschen iwwerhaapt keng lexikalesch Kreativitéit méi zougetraut.
Hei e puer Bespiller vun Neologismen, déi een an der lëtzebuergescher Sprooch fënnt:
- Websäit
- Sichmaschinn
- Browser
- Spam
- CD Ofkierzung vu "Compact Disc"
- Schwaarzt Lach
- Handy
- Fitness
- Come-back
- Terminal
- hip
- déck gëtt hautesdags als Verstäerkungswuert benotzt wéi z.B. "ganz", oder "vill". Hei e puer Beispiller mat "déck":
- Dëse Kuch ass déck gutt!
- Ech sinn déck mitt.
- All Woch geet hatt déck Schung kafen.
- Ze gesinn ass, datt "déck" hautesdags op ville Plaze benotzt ka ginn. Et ass esou en 'all-round'-Wuert, wat fir alles gutt ass. Am drëtte Saz ass ze verstoen, datt et net d'Schung sinn, déi déck sinn, mee d'Actioun déi 'intensiv' ass.
- cool
Synonymen: gutt, schéin, flott
- tip-top
Synonymen: gutt, schéin, flott, OK
Den Ursprong vun deem Wuert kënnt aus dem Engleschen, mee de Gebrauch huet sech do verdënnt, wou d'Expressioun hautesdags meeschtens nëmmen nach an der Expressioun tip-top condition gebraucht gëtt.
- dk
Dës Ofkierzung steet fir décke Kuss. Et fënnt ee se just an der Geschriwwener Sprooch, an do haaptsächlech an der elektronescher Communicatioun (E-mail, SMS, IRC Chat), wou se als Endformel benotzt gëtt.
[Änneren] Fir ze liesen
- Braun, Josy, Eis Sprooch richteg schreiwen. Bartreng, Rapidpress 12. Oplo 2006, ISBN 2-9599684-4-1
- Schanen, François, Parlons Luxembourgeois, Langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe. Paris, L'Harmattan 2004, ISBN 2-7475-6289-1.
- Schanen, François / Zimmer, Jacqui,1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire. Band 1: Le groupe verbal. Band 2: Le groupe nominal. Band 3: L'orthographe. Esch-sur-Alzette: éditions Schortgen, 2005-2006
- Lulling, Jérôme, La créativité lexicale en luxembourgeois, Thèse de doctorat, Université Paul Valéry Montpellier III, sous la direction de Schanen François [s.d.]. cf. Jérôme Lulling
- Gilles, Peter, "Die Emanzipation des Lëtzebuergeschen aus dem Gefüge der deutschen Mundarten", in Zeitschrift für deutsche Philologie 117 (1998), 20-35.
- Newton, Gerald (ed.), Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe, Oxford, 1996, ISBN 0-19-824016-3.
- Berg, Guy, Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit., Tübingen, 1993 (Reihe Germanistische Linguistik 140). ISBN 3-484-31140-1.
- Bruch, Robert, Précis de grammaire luxembourgeoise, Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal, Luxembourg, Linden 1955, ²1968.
- Bruch, Robert, Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale, 1953, vol. I; Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale, 1954, vol. II.
- Moulin, Claudine / Nübling, Damaris (Erausg.): Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie., Universitätsverlag Winter, Heidelberg, 2006. Dëst Buch ass publizéiert gi mat der Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche.
- Moulin, Claudine / Nübling, Damaris Nübling (Ed.): Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie - Heidelberg : Universitätsverl. Winter, 2006. - 356 Säiten : Kaarten; 25 cm, (Germanistische Bibliothek; Bd. 25), Bibliogr. ISBN 3-8253-5156-4
- Gilles, Peter, - Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifler Regel') : ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung / Peter Gilles. - In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. - Heidelberg : Universitätsverl. Winter, 2006. - p. 28-68
- Girnth, Heiko. - Entwickelungstendenzen des "Eifler Regel" im Moselfränkischen / Heiko Girnth. - In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. - Heidelberg : Universitätsverl. Winter, 2006. - p. 69-86, tabl., cartes
- Moulin-Fankhänel, Claudine. - Lëtzebuergesches Handwierderbuch (LHWB) = Dictionnaire pratique de la Langue Luxembourgeoise = Handwörterbuch der Luxemburgischen Sprache / Claudine Moulin. - In: Wissenschaftliche Lexikographie im deutschsprachigen Raum. - Heidelberg : Winter ; 2004. - p. 519-528
- Nübling, Damaris. - Zur Entstehnung und Struktur ungebändigter Allomorphie : Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen / Damaris Nübling. - In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. - Heidelberg : Universitätsverl. Winter, 2006. - p. 107-125, tabl, fig.
- Krummes, Cédric. - The Lëtzebuergesch verb ginn (give) : grammaticalisation from lexical verb to copula, existential construction, passive auxiliary and conditional mood auxiliary (BA Thesis), Bangor, University of Wales, Bangor, 2004. Cote LMT 1256
- Krummes, Cédric. - Can-Do or Can-Don’t? : Do Luxembourgish as a Foreign Language (LaF, Lëtzebuergesch als Friemsprooch) Materials Conform to Waystage 1990 Specifications? (MA Thesis), Sheffield, University of Sheffield, 2005. Cote LMT 1492
- Reisdoerfer, Joseph: Pour une étude scientifique de la langue luxembourgeoise (Remarque sur la Grammaire de la langue luxembourgeoise) in: D'Lëtzebuerger Land Nummer 44, 2006, S. 11-13
- Schanen, François. - Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen / François Schanen. - In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. - Heidelberg : Universitätsverl. Winter, 2006. - p. 203-225, tabl.
- Alles an der Rei. Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag, éditions saint-paul, 184 Säiten, ISBN 13: 978-2-87963-703-7
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten
- Lëtzebuergesch Dictionnairen
- Eifeler_Regel
[Änneren] "Sproochegesetz" zu Lëtzebuerg
[Änneren] Um Spaweck
- Bonjour.lu Videoclipe fir Lëtzebuergesch ze léieren (2008- )
- SMS-Sprache Luxemburgisch Jérôme Lulling im Interview mit Fabienne Pirsch. Télécran Nr.31 (30.7.2005)
- Luxemburgisch ist eine kreative Sprache Jérôme Lulling im Interview mit Jean-Louis Scheffen. Mariekalenner Lëtzebuerger PANORAMA 2005 (S.46-47)
- Luxdico.com online Iwwersetzungsdictionnaire Lëtzebuergesch < > Franséisch (Lulling / Schanen)
- Sproochenhaus Wëlwerwolz
- Eis Sprooch (Dës Websäit ass am Moment net z'erreechen, well dru geschafft gëtt 9.8.2005)
- [1] An de "Nationen ohen (!!) Staat" vun der "Organisation für die Europäischen Minderheiten" däerf jo Lëtzebuerg net feelen (sic!!)]
- Gefahr oder Chance für das Luxemburgische? Artikel vum Pierre Mousel a Jérôme Lulling aus dem 'Lëtzebuerger Land' mat enger ganzer Rëtsch Linken.
- d'Lëtzebuerger Land, Index vu Luxemburgensia
- "Eng Kleng Hëllef fir Lëtzebuergesch ze schreiwen" vum Ministère de l'Education Nationale.
- Groussherzoglecht Reglement vum 30.07.1999 (Extrait aus dem Memorial)
- Luxemburgistik: Forschungsstelle für Sprachen und Literaturen Luxemburgs
- Centre for Luxembourg Studies (University of Sheffield, GB)