Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Dës Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten ass en Deel vun de Referenztabellen.

Inhaltsverzeechnis : Ufank - A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z


[Änneren] A

  • En A op ee geheien (an ee verléift sinn)
  • Een am A behalen (op een oppassen, een observéieren)
  • Mam lénken A an déi riets Täsch kucken (balucken)
  • En A zoudrécken (maache wéi wann een eppes net gesinn/an Uecht geholl hätt)
  • Een op d'A drécken (een uschmieren)
  • Do ginn engem d'Aen op wéi Ginzescheeken
  • Sech wéi d'Aaxt am Bësch behuelen
  • Se net méi all hunn (eppes Oniwwerluetnes, Verrécktes maachen)
  • Näischt gesot ass och eng Äntwert
  • Äppel a Bire vergläichen (zwou Saache matenee vergläichen déi näischt mateneen ze dinn hunn)
  • Den Aarsch op hunn (se net méi all hunn)
  • Den Aarsch oprappen (een vernennen)
  • En Aarsch wéi e Brauereispäerd hunn
  • Een Aarschkrëcher (een, dee iwwerméisseg schmeechelt)

[Änneren] B

  • D'Baach eragoen (wann aus eppes näischt gëtt, zerstéieren, futti maachen, eppes verléieren)
  • Een op de Bam dreiwen (ee rose maachen)
  • Duerch d'Bascht sinn (sech ewech maachen, fort goen)
  • Sech de Batti stellen (sech den Domme stellen, Topegkeete maachen)
  • Engem de Bauch pinselen (engem schmeechelen)
  • Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn (eppes net erkennen obwuel et no läit)
  • Béimescht Duerf
  • Am Bësch sinn (näischt matkréien)
  • Keen Holz mat an de Bësch huelen
  • De Bëseler hunn (wibbeleg, nervös sinn)
  • Sech wéi e Bettseecher schummen
  • Iwwert de Bierg sinn (wann et engem besser geet)och: iwwer dem Kand sinn
  • Aus Maulefskéip Bierger maachen (iwwerdreiwen)
  • Léie wéi e Biischtebënner
  • Saufe wéi e Biischtebënner
  • Kee Blat virun de Mond huelen (riicht eraus schwätzen)
  • Blech schwätzen (Dommheeten erzielen)
  • Blo a rout ass Baueremoud (eppes passt net zesummen)
  • Bludden ewéi e Rand
  • Blutt geleckt hunn (wann een sech mat eppes befaasst, wat een duerno net méi lass léisst)
  • Engem weise wou de Bock d'Lach huet
  • Rutsch mer dach de Bockel erof (du kanns mech emol)
  • De Botter vun der Schmier rappen
  • D'Box un hunn (d'Soen hunn)
  • Nëmme d'Box am Aarsch gehat hunn (Fréier ganz onbemëttelt geweecht sinn)
  • D'Box voll hunn (Angscht hunn, es genuch hunn)
  • Ëm de Bräi fueren ( Niewesächlesser erzielen, dat näischt oder wéineg mat der Saach ze dinn huet)
  • Brëlle wéi e Mauliesel
  • Eng Briquette bäileeën
  • Brenne wéi Zitz (eppes wat ganz liicht a séier brennt)
  • Eng mat der Broutschéiss hunn (se net méi all hunn)
  • Sech een/eppes op d'Broscht huelen (sech mat eppes intensiv beschäftegen)
  • En ass Buergermeeschter ginn (en huet den Heewon ëmgetippt)
  • Kloer wéi Bullettszopp (ganz kloer)

[Änneren] C

  • Wéi e Camioun kucken (verwonnert sinn)

[Änneren] D

  • Eng mat der Dänn hunn (verréckt sinn)
  • Mat der Dier an d'Haus falen (eppes ganz ondiplomatesch riichteraus soen)
  • Ee virun d'Dier setzen (een aus der Wunneng geheien)
  • Viru senger eegener Dier kieren (sech ëm seng eege Saache bekëmmeren)
  • Domm gaang
  • Domm gebuer, näischt geléiert an d'Halschent vergiess
  • Domm si wéi siwe Schëppe Kazebräi
  • Domm si wéi siwe Schwäi knaschteg
  • Domm wi Stréi
  • am Donkelen ass gutt monkelen
  • Dronkenellen ausgoen
  • Iwwert den Duuscht gedronk
    • Eng an de Been
    • Eng am Biz
    • Eng am Kanelli
    • De Känki voll
    • D'Panz voll
    • Schif gelued

[Änneren] E

  • Engem gläiche wéi een Ee deem aneren (bal d'selwecht ausgesinn)
  • Den Eefalt markéieren
  • Engem den Eefalt stäipen (ee (finanziell) ënnerstëtzen, obwuel deen den Eefalt markéiert)
  • En Eck ewech hunn
  • Een ëm den Eck bréngen
  • Eppes aus dem Effeff kënnen
  • Ellen ewech an däischter erëm
  • Ëmgedréint ass och gefuer (et geet och anescht)
  • Mat den Enner zesummekommen
  • Sech an eppes erareiden

[Änneren] F

  • Faarf bekennen
  • Engem e Fanger maachen
  • Duerch d'Fangere kucken
  • Op eppes passe wéi d'Fauscht op d'A
  • Feier an der Box hunn
  • Feier a Flam sinn
  • Rëm op d'Féiss falen
  • Mat zwee Féiss um Buedem stoen
  • Kal Féiss kréien
  • Fëmme wéi e Schaaschtesch
  • Fëmme wéi en Tierk
  • D'Fléi néitzen héiren
  • E Fraleitshoer zitt méi wéi e Klackeseel
  • Fräschen am Bauch hunn
  • De Fuedem verléieren
  • E Fouss hannebäi kréien
  • Kee Fouss faassen

[Änneren] G

  • Laache wéi e Geck
  • Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner
  • Gedeessems maachen
  • Vun allen gudde Geeschter verlooss sinn
  • Gehäit sinn
  • Géi mat Gott, ower géi
  • Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen
  • Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
  • An d'Gras bäissen
  • D' Gras wuessen héieren
  • Gréngs glëschten
  • Hues de schonns ee grénge Fuuss gesinn??

[Änneren] H

  • Keng Hamen a keng Mamen hunn
  • Vun der Hand an de Mond liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
  • Vun der Hand an de Zand liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
  • D'Hand iwwer een halen
  • Eng Hand wäscht déi aner
  • Aus der Haut fueren
  • Een hanne lecken
  • Senger Hänn kee Rod wëssen
  • Net vun der Heck gepléckt sinn
  • An d'Héiluucht goen
  • Eng Laach hu wéi eng Héngerseech
  • Mengen et hätt een der Herrgott mat der décker Zéif (menge wat wonnesch datt een hätt)
  • Hoer op der Zong hunn
  • Falschen Hond
  • Den Hond hänke goen
  • Do läit den Hond begruewen
  • Dem Honn hanne leien
  • Bekannt sinn, wéi e bonten Hond
  • Engem geet den Hutt héich

[Änneren] I

[Änneren] J

  • Zu eppes Jo an Amen soen
  • Mäi léiwe Jolli
  • Soss hëlt dech der Jomer

[Änneren] K

  • Iwwerall derbäi si wou eng Kaz geschleeft gëtt
  • Leck d'Kaz an der Täsch
  • Kabes schwätzen
  • Un engem sengem Käfeg rabbelen
  • Esouvill vun eppes verstoe wéi d'Kallef vun der Houmass
  • Kalenneren (mat de Gedanke vun eppes net méi lass kommen; däitsch: grübeln)
  • D'Kanner kommen éischter wéi d'Renten
  • Wat ee net am Kapp huet, dat huet een an de Been
  • Kapp a Fouss hunn
  • Mam Kapp duerch d'Mauer goen
  • Säi Kapp a Rou leeën
  • Fir d'Kaz sinn
  • D'Kaz duerch Baach schleefen
  • Do fënnt keng Kaz hir Jonger méi erëm (do fënnt ee guer näischt méi erëm)
  • Eng Kaz am Sak kafen
  • Goe wou de Keeser zu Fouss geet (op d'Toilett goen)
  • Sech op de Kënn späitzen
  • De Kéis hunn (d'Flemm mat eppes hunn)
  • De Kéis kréien (vernannt ginn)
  • Aus der Këscht sprangen (plëtzlech d'Beherrschung verléieren a ganz rose ginn)
  • Maachen datt d'Kierch am Duerf bleift
  • D'Kierch am Duerf loossen (net iwwerdreiwen)
  • Arem wéi eng Kierchemaus
  • Mat him ass et net gutt Kiischten iessen
  • Gewuer gi wat d'Pond Kiischte kascht
  • Ënner aller Klarinett sinn (ganz schlecht sinn)
  • Net aus de Kleeder kommen
  • Nach un de Kleesche gleewen (naiv sinn)
  • Deen huet d'Klibbersuen nach an der Täsch (deen ass knéckeg)
  • Eppes iwwert de Knéi briechen
  • DKnëppele bei dTromm geheien (opginn)
  • Mat engem Kopp an Oarsch sinn (mat engem eng onzertrennlech Frëndschaft hunn)
  • Dra kucke wéi eng Kou, déi an d'Baach pisst
  • Kraache Kar (een deen al, teekelech a kränklech ass)
  • D'Kräiz iwwert eppes maachen
  • Do läit d'Kromm an der Heck
  • Engem e Kuerf ginn (engem Freier oder enger Freiesch nee soen oder e/se verloossen)
  • Bäi engem duerch de Kuerf sinn (bei engem näischt méi ze radetten hunn)
  • Kuuschteg sinn (oder: ginn)
  • Mir wäerten dat Kand scho schaukelen

[Änneren] L

  • Um leschte Lach päifen
  • An d'Lach kucken
  • Engem Lächer an de Bauch froen
  • Et ass net d'Lämmchen, wéi en de Pelz dréit
  • Vum Lämmes gebass sinn
  • Mat sengem Latäin um Enn sinn
  • Iwwert ee Leescht gezu sinn
  • Een éiweg um Läpp hunn (Een ëmmer hanneru sech hunn an em net lass ginn)
  • D'Läppen henke loossen (traureg sinn)
  • De Läffel ofginn
  • Ee lénks leieloossen
  • Engem d'Levite liesen
  • Léie wéi gedréckt
  • Ee bei d'Lisett loossen

[Änneren] M

  • Sech de schéine Männche maachen
  • Wëssen, wou een der Méck d'Blutt hëlt
  • Ugi wéi e Sak voll plakeg Mécken
  • Een op d'Maul schloen, datt d'Zänn em am Aarsch Piano spillen
  • Ëmfale wéi d'Mécken
  • Nuets vu plakege Mécke dreemen
  • Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee
  • Een dee mengt, dee weess näischt (een dee seet "ech mengen", deen ass sech net sëcher vun deem wat en erzielt)
  • Midd wéi siwe Mikkimausen
  • Mir näischt, dir näischt (einfach esou, klammheemlech)
  • Moie Misch!
  • Et ass ee wéi der Giedel hire Mischi
  • Hannert dem Mound liewen (nët Bescheed wëssen, net um aktuelle Stand sinn)
  • Da meng alt!
  • Deng Mamm am String.

[Änneren] N

  • Neel mat Käpp maachen
  • Glat ewéi en Nonnebauch
  • Nonnefleesch u sech hunn
  • Eng op d'Noss kréien (oder: engem eng op d'Noss ginn)
  • Dat preisescht Nuesschnappech huelen

[Änneren] O

  • Den Ochs virun d'Kar spanen
  • Do stoen wéi den Ochs virum Bierg
  • Säin Otem spueren
  • Ganz Ouer sinn
  • Sech eppes hannert d'Ouere schreiwen
  • Nach net drëchen hannert den Ouere sinn

[Änneren] P

  • Op d'héicht Päerd klammen (oder: an d'Luecht goen)
  • Säi Pak huelen (opginn)
  • Säi Pak maache (fortgoen)
  • Engem de Paltong zéien
  • Eng mat der Pan hunn
  • D'Pans gerappt kréien (oder: eng Pansrappecht kréien) (vernannt ginn)
  • DPans schwenken (zum Beschte gi)
  • Et sinn der méi am Patt erdronk ewéi am Pull (den Alkohol fuerdert méi Doudesaffer wéi d'Mier)
  • Mengen, et misst een an e Patt fuerzen
  • Gerëscht wéi e Pëngschtochs
  • Säi Pefferkär bäiginn
  • Mat allem Pipapo
  • Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap oni Stuerz
  • Deele wéi d'Pissinger mat de Kueben (ongerecht deelen)
  • Een op d'Plaz setzen
  • Gewuer ginn, wat d'Pond Kiischte kaschten
  • Wou et d'Moud ass, séngt e Pompernéckel an der Kierch
  • Et gëtt erëm alles gutt, et ass nach Puddeng am Schaf (Erweiderung: ..dofir ass awer kee Läffel méi do)
  • Mir werten daat Päerd schon schaukelen.

[Änneren] Q

  • Quecksëlwer an den Oderen hunn
  • Quetschen och

[Änneren] R

  • Rapp a Klapp sinn
  • Eng mat der Ratsch hunn
  • Aus der Rei danzen

[Änneren] S

  • Aner Säiten opzéien (sech änneren; méi streng ginn)
  • Iess Salz, da gëss de duuschtereg (als Äntwert op de Saz "Ech sinn hongereg."; meeschtens wann de Saz vu Kanner kënnt déi quengeleg sinn a sech net ginn)
  • Engem eppes op eng Salztut schreiwen
  • Op Sand bauen
  • Renne wéi eng Sau
  • Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck sinn
  • En ass d'Scheefchen net wéi en d'Woll dréit
  • Mat der Scheierpaart wénken
  • Op d'Schëff schécken
  • Ee Schëmmel a Bless vernennen
  • Eng Schëpp bäileeën
  • Een op d'Schëpp huelen
  • Séier ewéi de Blëtz
  • Engem op d'Schlapp(en) (oder: d'Strëmp) goen
  • Schlofe wéi e Rat
  • Schlofe wéi e Muermeldéier
  • Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin
  • Et ass fir op e Schof ze klammen, a wann et nëmmen ass fir méi wäit ze kucken
  • D'schwaarzt Schof sinn
  • Schwammen wéi eng bläien Int
  • Engem eppes schwarz op wäiss ginn
  • Schwätz oder schäiss Buschtawen
  • Schweesse wéi eng Sängerin (immens schweessen
  • En ass an d'Schwemm Billjeeë rappen
  • Schung (oder: Schlappen) an Huese verléieren
  • De Schwanz bäizéien
  • Spéin hunn
  • Sech eppes hannert de Spigel stiechen
  • Sech aus dem Stëbs maachen
  • Um leschte Steiwer wunnen
  • Engem net fir fënnef Su trauen

[Änneren] T

  • Um Teppech bleiwen
  • Den Trick 17
  • Vun tuten a blose keng Ahnung hunn

[Änneren] U

  • Ugi wéi eng Tut plakeg Mécken

[Änneren] V

  • Vir bäi an hanne widder sinn

[Änneren] W

  • Waasser a säi Wäi schëdden
  • Ze no um Waasser gebaut hunn
  • Watschele wéi eng Gäns
  • Déi Wëll, déi lafen am Bësch (gëtt meeschtens als Äntwert benotzt fir kleng Kanner déi quengeleg sinn, an onbedingt eppes "wëllen" hunn)
  • Engem d'Wierder am Mond verdréinen
  • Seng Wierder friesse mussen
  • Engem de Wiermchen zéien (ee mat Froe buere bis datt een endlech déi ganz Geschicht oder hire Fong héieren huet)
  • Dat leschte Wuert hunn

[Änneren] X

[Änneren] Y

  • Y ass net Z

[Änneren] Z

  • Engem d'Zänn weisen
  • Datt Zänn am Arsch Piano spillen
  • Um Zännfleesch laafen
  • Gutt doe bis an déi déck Zéif
  • Engem eng Zigar verpassen
  • Engem mam Aarsch an d'Zänn sprangen
  • Engem op den Zant fillen
  • En Zant zouleeën
  • Wéi eng naas Zeitung (wann eppes schlecht ass)
  • Ziddere wéi Espelaf
  • Engem Zocker an den Aarsch blosen
  • Zodi maachen (oder: schloen)
  • Et gëtt Zopp an z'iessen
  • Zoppnaass sinn (ganz naass sinn)
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com